D’Louise Brown ass an der Teschenzäit eng ganz normal jonk Fra mëtt zwanzeg déi an England wunnt. Mee seng Gebuert virun 28 Joer war zimlech spektakulär! Et ass nämlech deen éischten Réagentsglaasspuppelche gewiescht dee gesond a monter op d’Welt komm ass. E Réagentsglaasspuppelchen?? Dat kléngt wéi aus engem Science Fiction Film!

Nee, sou nennt een einfach nemmen d’Puppelcher déi aus enger kënschtlecher Befruuchtung ausserhalb vum Kierper vun der Mamm staamen. An der Medezin nennt een dat eng in vitro Fertilisatioun.

Ah, ass dat IVF? Dovun hun ech schon héieren. Wat genee geschitt dann do?

Bei Elteren déi aus ganz bestëmmte Grënn keng Kanner kenne kréien ginn Geschlechtszellen  erausgeholl, also Eezellen respektiv Spermazellen. Fir secher ze goen dass den Dokter um Daag X fruuchtbar Eezellen bei der Mamm fënnt, gëtt d‘Fra mat Hormoner behandelt. Beim Papp ass et natierlech méi einfach fir un d’Spermazellen ze kommen. D‘Zellen ginn dann an enger Petrischuel vermescht fir dass d’Eezell ka befruucht ginn. A wann dat klappt, da kritt d’Mamm se erem an de Bauch gesaat an et gëtt gehofft dass de jonken Embryo sech an der Gebärmutter installéiert.

Dat kléngt jo awer zimlech einfach! Firwat war dem Louise Brown séng Gebuert dann elo sou spektakulär?

D’Louise war natierlech net deen éischte Versuch vun esou enger kënschtlecher Befruuchtung! Während Joren hun gescheitert Versich den Dokteren emmer erem gewisen wéi complex de Reproduktiounssystem ass. Doraus ass esou guer en neit Fuerschungsfeld entstaan: reproduktiv Endokrinologie. Bei enger in vitro Fertilisatioun muss de déi natierlech Konditiounen, sou wéi se bei der Mamm am Bauch sinn, sou genee wéi méiglech nomaan. Soss klappt et net.

Wat ass dann hautesdaags d’Erfollegsrat vun sou enger Prozedur?

D’Techniken hun sech dank der Fuerschung extreme séier weiderentwéckelt. An der Teschenzäit funktionnéiert eng IVF an 30 - 35 % vun de Fäll, et kommen all Joer iwer 200‘000 Réagentsglaasspuppelcher op d’Welt.

Zousätzlech Informatiounen:

Aaner Methode vu kënschtlecher Befruuchtung

In vitro Fertilisatioun ass nemmen eng vu ville Methoden vu kënschtlecher Befruuchtung. Am Allgemenge schwätzt een vun assistéierten reproduktiven Technologien (ART).

Eng in vitro Fertilisatioun ass zimlech déier, dofir ginn emmer fir d’éischt alternative Methoden ausprobéiert, ewéi zum Beispill eng kënschtlech Befruuchtung direkt an der Gebärmutter (in vivo). Wann dat awer net klappt, da gëtt d’in vitro Methode probéiert. Heinsdo läit de Problem och bei de Spermazellen déi sech zum Beispill net genuch beweegen oder an ze klenger Quantitéit produzéiert ginn. An deem Fall kann een eng Spermazell direkt an d’Eezell asprëtzen an doduerch d’Erfollegsrat erhéigen (Technick ICSI).

Robert G. Edwards

Et war den Biolog Dr Robert G. Edwards deen d’IVF-Technik 1978 zesumme mam Gynékolog Dr Patrick Steptoe entwéckelt huet. Den Edwards ass dofir 2010 mam Nobelpräis fir Medezin a Physiologie belount ginn.

Fuerschung iwwer d’Grenzen eraus

D’Bourn Hall Clinic an England ass deemools zesumme vum Edwards an Steptoe gegrënnt ginn. Bis haut ass et déi beschten a bekanntenst Klinik fir kënschtlech Befruuchtung. Säit dem Louise Brown sinn hei eng ganz Rei vun neien Techniken entwéckelt ginn, wéi zum Beispill déi Method wou d’Spermazell direkt an d’Eezell agestrëtzt gëtt. Et sinn och si déi d’Cryobiologie entwéckelt hun, eng Technik wou den Embryo ouni Gefor kann agefruer ginn an eréischt spéider benotz ginn.

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Natierlech ginn och zu Lëtzebuerg des Techniken ugewannt a perfektionnéiert. D’Clinique Privée Dr Bohler huet en Centre de traitement de l’infertilité deen sec hem all déi Froe këmmert. EEe vun hiere klinesche Laboen ass an der Spermiologie spezialiséiert. Do analyséieren se d’Qualitéit an d’Quantitéit vu Spermazellen an entwéckelen adaptéiert Methoden fir kënschtlech Befruuchtung.

Quellen:

Assisted reproduction technology : http://emedicine.medscape.com/article/263907-overview 

Linken:

Foto : http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/6/6b/Embryo%2C_8_cells.jpg

Bourn Hall Clinic : http://www.bourn-hall-clinic.co.uk/

Cryobiologie : http://www.universalis.fr/encyclopedie/cryobiologie/

Technik ICSI : http://www.procreationmedicale.fr/i/pdf/fecondation-avec-micro-injection.pdf

Technik ART : http://www.doctissimo.fr/html/sexualite/education/se_1345_feconda.htm

Clinique privée Dr Bohler : http://www.cbk.lu/fr-section-Centre_de_Traitement_de_l'Infertilit%C3%A9.html

Laboratoire de Spermiologie : http://www.cbk.lu/fr-section-Laboratoires.html