Interessant Fro! Daat selwescht gëllt fir gefruerenen Chilli oder eng Peffermënzkamell mat enger Drëps Tabasco drop. Dat eent ass erfrëschend, an dat aanert brennt fuerchtbar. Wat geschitt also wann’s de déi zwee mateneen am Mond hues? Ma du bass dach do fir eis dat z’erklären!
Mee dat eenzegt waat d’Wëssenschaftler bis elo eraufonnt hun ass, dass däin Gehier duerch géigegesaaten Informatiounen duercherneen gëtt. Mee wat genee biochemesch am Gehier geschitt huet nach keen erausfonnt. (nobody knows)
Mee wéi hëllt d’Gehier dann eigentlech esou Informatiounen op?
Mir hu speziell Geschmaachszellen op der Zong. Déi eng mellen sech wann eppes séiss ass, aanerer wann eppes sauer oder batter ass. An déi selwecht Zellen réagéieren och op d’Temperatur.
A wéi reagéieren déi?
Maja wa mir eppes waarmes oder kaales Iessen dehnen Zellen sech aus, oder zéihen sech zesummen, an sou entsteet en elektrescht Signal fir d’Gehir. Wann ee Menthe oder Chili esst, entsteet dest elektresch Signal op eng biochemesch Art a Weis. Doduerch datt Ionen, dh gelueden Atomen, aus dem Iessen an d’Zell oder aus der Zell erauswanderen, entsteet och en elektresche Stroum, deen eis Gehier matt dem Signal vu kaal oder wuarm verwiesselt.
Kann d’Gehir dann elo méi Infoen gläichzäiteg ophguelen?
Dat wëssen se net genee. Et gi wahrscheinlech verschidde Kanäl fir d’Gefill kal a warm. Menthol mecht e Kanal op, de soss nëmmen op Keelt réagéiert. An Capsaicin, déi Substanz déi fir d’Schärft vum Chili zoustänneg ass, mecht e Kanal op de soss nemmen op Hëtzt réagéiert. Des Substanzen maachen am Mond awer net wirklech warm oder kal.
A wann een elo 2 Informatiounen gläichzäiteg kritt, gett d’Gehir do nach eens? Du hues dat bestëmmt probéiert oder?
Jo, an et spiert sech effektiv komesch un, d’Gehir gett wirklech duercherneen: sou wéi oofwiesselnd scharf an duerno erfrëschend. Et ass eng interessant Erfahrung déi esou guer e besse süchteg mecht. Ech probéieren et op jiddefall nach emol.
Zousätzlech Informatiounen:
Wann’s de d’Experiment selwer doheem mess kanns de gläichzäiteg deng Temeratur am Mond moossen. Just fir op Nummer secher ze goen dass de Mister Science der keng kréckelt an dass de wierklech just nemmen e Gefill vu Keelt respektiv Hëtzt am Mond spiers. Du wards iwwerrascht sinn wat däin Thermometer der wärd weisen!
A ville Fäll (net emmer natierlech) weist den Thermometer méi eng héich Temperatur un nodeems de eng Peffermënzkamell gesuckelt hues a méi eng niddreg nodeems de en Chili giess hues. Wéi kann dat nemme sinn?
Eise Kierper probéiert emmer eng Temperatur vu 37° C ze haalen. Duerch méi eng héich oder niddreg Duerchbluddung kann de Kierper déi Temperatur ganz präzis iwerall haalen. Well de Menthol jo déi selwescht Kanäl kontrolléiert wéi d’Keelt mengt eist Gehier vläit wierklech mir giffen eppes kaales iessen? An deem Fall giff eise Kierper automatesch d’Temperatur am Mond eroofsetzen fir d’Keelt auszegläichen. Oder wann’s de Chili ess? Vläit mengt däi Kierper dann du häss wierklech eppes warmes giess a killt däi Mondo of fir dech net ze verbrennen? Wann’s de dorop wells eng Antwert, da muss de dech nach gedellegen. Esou wait sinn d’Fuerscher nach net. Oder du hells d’Saach selwer an de Grapp a mess enges Daags eng Fuerschungsarbecht doriwer! J
Fuerschung iwwer d’Grenzen eraus
Dem David Julius seng Fuerschungsequipe op der Universitéit vu Californien San Fransisco interesséiert sech fir de molekulare Prozess vun Schmerz. Si probéieren besser ze verstoen wéi mer Schmerz an Temperatur empfannen a wéi een dee Prozess ka beaflossen. Si erhoffen sech doduerch néi Schmerzmëttel ze enwéckelen.
Fuerschung zu Lëtzebuerg
Am Centre de traitement de la douleur , eng Unitéit vum Centre Hospitalier du Luxembourg, këmmeren sech Dokteren aus allméigleche Gebitter ( ORL, Médecine Physique, Neurologie a.s.w) em Patienten déi u chroneschem Schmerz leiden. Et gi permanent nei Thérapien entwéckelt fir dese Leit d’Liewe méi liicht ze maan. Zum Beispill kann een Neurostimulateure benotzen déi dem molékulare Prozess vu Schmerz entgéint wierken. Fir déi Thérapien emmer weider ze verbesseren muss natierlech permanent gefuerscht ginn a probéiert ginn fir de Prozess vun der Schmerzbildung an deene verschiddene Situatiounen ze verstoen.
Quellen:
Why does a hot mint still taste cold ? http://www.thenakedscientists.com/HTML/articles/article/dalyacolumn5.htm/
David Julius: http://physio.ucsf.edu/julius/research.html
Linken:
Foto (vum Tammy Green): http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/28/Mint_Julep.jpg/450px-Mint_Julep.jpg
David Julius: http://physio.ucsf.edu/julius/research.html
Universitéit vu Californien San Fransisco: http://www.ucsf.edu/
Centre de traitement de la douleur : http://www.chl.lu/hopital_municipal/activites_cliniques/centre_de_traitement_de_la_douleur/activites
Centre Hospitalier du Luxembourg : http://www.chl.lu/chl/front