Schoul geet rëm un. Proffe probéieren eis Saache bäizebréngen mat Geschichten, Beispiller, Experimenter etc. Et gëtt vun de Schüler erwaard fir dat alles ze „léieren“ an an der Prüfung erëmzeginn. Mee wat ass eigentlech „léieren“?

Ma „Léieren“ heescht dass all Zort vun Informatiounen an Erfahrungen am Gehir gespäichert ginn. Dobäi muss d’Gehir net nëmmen Informatiounen ophuelen mä och Lien tëscht Informatiounen man.

Wat genee geschitt do an eisem Kierper?

D’Informatioun gëtt ënner Form vun Nerveverbindungen gespäichert. Eist Gehir besteet aus e puer Milliarden Zellen, an all Zell kann gläichzäiteg mat e puer dausend aner Zellen Verbindungen agoen. Sou eng Verbindung ass sou eppes wéi en Aarm vun Zell zu Zell. Duerch d‘Verbindung vu verschiddenen Zellen entsteet eng Art Zellcode, wate e sech ka virstellen wéi eng Zort Barcode. Iwwert dës Verbindungen ginn elektresch a chemesch Signaler vun Zell zu Zell iwwerdroen, an sou kënnen d’Informatioun och aktiv benotzt ginn. Et ginn e puer 100 Trilliarden Méiglechkeeten wei d’Zellen sech kennen verbannen an organiséieren.

Also eng 1 mat 14 Nullen – so an wat wier, wann all dës Verbindungen opgebraucht wieren oder wann sech eng Informatioun déi gespäichert ass ännert?

Ma dës Verbindungen si net permanent, an dofir verhalen mir jo och laang net alles. Wann d’Verbindung net benotzt gëtt, gëtt se rëm opgeléist, an da kënnen sech rëm nei Verbindunge forméieren.

 

 

Wat ass léieren iwwerhapt

 

Zousätzlech Informatiounen:

Ënnerscheed tëscht Jongen a Meedercher

D‘anatomesch Ënnerscheeder an der Gehirstruktur sinn immens grouss. Zum Beispill sinn bei Meedercher d’Nerveverbindungen tëscht deenen zwou Gehirhalschenten dack besser. Doduerch gi méi Informatiounen ausgetosch an d’Meedercher kennen dann zum Beispill besser zwou Saache matenee man. Verschidden Regiounen am Gehir kenne sech och bei Meedercher e puer Joer méi frei entwéckele wéi bei Jongen. Dofir kennen d‘Jongen am Schoulalter méi Problemer hu fir nozelauschteren oder auswenneg ze verhalen. Dofir hu si awer dack méi Liichtegkeet fir mat Symboler an abstrakte Konzepter ëmzegoen. Si hunn et also méi einfach an der  Mathé an der  Physik.

Sou huet jiddereen seng Stäerkten a Schwächten. Déi Ënnerscheeder tëscht Jongen a Meedercher kann een och net verallgemengeren. Heiansdo sinn d’Ënnerscheeder tëscht zwee Jongen oder zwee Meedercher näämlech méi grouss wéi tëscht engem Jong an engem Meedchen.

Fuerschung zu Lëtzebuerg:

Dr Magali Perquin a seng Fuerschungsequippe aus dem CRP Santé hu kierzlech erausfonnt dass méisproocheg Leit manner Risiko hun fir am Alter Gedächnisproblemer ze kréien an aner neurologesch Krankheeten ze entwéckelen. Een deen 3 Sprooche schwätzt huet dräi mol manner Risiko, een deen all Dag mat zwou Sprooche jongléiert huet 4 mol manner Risiko.

Linken :

Foto : http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/79/Lewis_Hine%2C_Boy_studying%2C_ca._1924.jpg/800px-Lewis_Hine%2C_Boy_studying%2C_ca._1924.jpg

Dr Magali Perquin : http://www.crp-sante.lu/Research-Departments/Public-Health/Centre-for-Health-Studies/Epidemiology-and-Public-Health

CRP Santé : http://www.crp-sante.lu/

 

Quellen:

How do we learn and remember: http://brainsciences.brown.edu/research/6questions/how_do_we_learn.html

What’s learning like : http://www.witchhazel.it/brain_learning.htm

Being multilangaul cuts risks of memory problems: http://www.medicinenet.com/script/main/art.asp?articlekey=126301