Mir benotzen all Dag esou vill verschidde Seefen: fir d’Spull oder d’Wäsch ze man, fir d’Hänn ze wäschen, Duschgel, Shampoing,.... mä wéi funktionéiert Seef eigentlech?
Majo d’Seef huet speziell chemesch Eegeschaften a kann doduerch e ganz dënne Film rondrëm Dreckpartikele bilden. Den Dreck léist sech doduerch vun enger dreckeger Uewerfläch erof a kann da mat Waasser erausgeschwenkt ginn!
Aha a wat sinn dat da fir chemesch Eegeschaften?
Ma d’Seef besteet aus klengen Deelecher déi ee sech wéi Fixspéin virstelle kann. De Kapp vum Fixspoun ass frou mam Waasser, an de Stil ass guer net frou mam Waasser. Am Waasser gruppéiere sech d’Seefendeelecher zu enger Sphär, wou d’Seefekäpp no bausse weisen an d’Stiller zu der Mëtt zou.
Wéi soll ech mir dat virstellen? Dann entstinn also kleng Loftblosen am Waasser?
Jo, dës Seefebullen sinn awer sou kleng datt een se net gesäit. An déi wëllen alles ausser Waasser bannendra mä Dreck wéi z.B. Fett hunn se gär. Wann sou eng Sphär bei Dreck kënnt, geet se op an d’Stiller vun de Seefendeelecher verbanne sech mam Fett, an da geet d’Sphär rëm zou. Fett, wat jo normalerweis net am Waasser léislech ass, kritt also e Mantel ugedoe wou baussen Noppen dru sinn déi sech um Waasser unhalen, an sou gëtt d’Fett fortgeschwemmt.
Zousätzlech Informatiounen:
Aus wat besteet Seef?
Natierlech Seef ass eigentlech e Salz! An dat entsteet wann eng Séier (-COOH) an eng Lauge (-OH) matenee reagéieren. Während der chemescher Reaktioun verléiert d’Séier e Sauerstoffatom ( Séier-COOH à Séier-COO- + H+), an d’Lauge verléiert e Sauerstoff – an e Waasserstoffatom ( Lauge-OH à Lauge+ + OH-). D‘Séier-COO- an d‘Lauge+ bilden e Salz (eis Seef), an de Rescht bilt natierlech Waasser (H2O).
Fir Seef hirzestelle benotzt een eng Saier déi zu den Triglyceride gehéiert. Des Moleküle bestinn aus dräi Fettséieren déi vu Glycérol zesummegehal ginn. Triglyceride fënnt een souwuel am Déierefett wéi am Planzenfett, zum Beispill am Olivenueleg oder Kokosnossbotter. Als Lauge benotzt een entweder Natriumhydroxide (NaOH) oder Potassiumhydroxide (KOH), jee nodeem een eng fest oder eng flësseg Seef wëllt hierstellen. Während der chemescher Reaktioun (Verseefung) reagéieren d’Triglyceriden also mam Hydroxide. D’Fettséieren an den Hydroxide bilde Salz (eis Seef) Waasser, an de Glycérol (dee bleift iwwreg nodeems d’Fettséieren sech vun em geléist hunn).
Fir dass d’Salz, respektiv d’Seef besser richt a méi schéin ausgesäit, ginn natierlech nach Kreider, Aromen oder Faarfstoffer derbäi gemaach. Wann een hautesdaags op der Seefepakung liest wat esou do dran ass, da mierkt een dass d’Seef an der Tëschenzäit méi e chemesche Prozess ginn ass an net méi onbedingt aus natierlechen Triglyceriden hiergestallt gëtt.
Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus
Et ginn natierlech Firmen, wéi zum Beispill Arcane zu Marseille, déi sech dra spezialiséiert hu fir ëmmer nei, besser an oft méi ëmweltfrëndlech Seefen hierzestellen. Et däerf een näämlech net vergiessen dass mir net déi eenzeg sinn déi all Dag eng Rei verschidde Seefe benotzen. Stellt iech emol fir wéivill Seef ee brauch fir Fligeren, Zich oder ganz Industrieanlagen ze botzen? Dofir ass et natierlech wichteg dass d’Fuerschung ëmmer weider geet fir den Impakt op eis Ëmwelt ze verringeren.
Linken :
Foto : http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/8/89/Liquid_antibacterial_soap.jpg?uselang=en-gb
Triglyceride : http://www.az-dietetique.com/forum/photos/triglycerides.jpg
Arcane :http://www.arcane-industries.fr/
Verseefung: http://discovery.kcpc.usyd.edu.au/9.5.5-short/9.5.5_saponification.html
Quellen:
How soap is made (video): http://www.youtube.com/watch?v=Yj43ql6AWCU
Cours de chimie organique : http://www.faidherbe.org/site/cours/dupuis/esters.htm
TPE : Action du savon : http://tpe-savon1ere.e-monsite.com/rubrique,action-du-savon,1355474.html
Micelles – Principe d’action du savon : http://www.arcane-industries.fr/micelle_et_structure_micellaire_principe_d_action_d_un_savon_532.htm