Typesche Gebuertsdagtrick: Käerzen um Kuch déi net ausginn, egal wéi dacks een se ausbléist! Wéi verhext ginn se ëmmer rëm vum selwen un. Mee firwat eigentlech?

Ma weess de da wat genee bei enger Käerz iwwerhaapt brennt?

Hm, de Wuess? Den Docht?

Weder nach. Den Docht saugt sech zwar lues a lues mat waarmem, flëssegem Wuess voll, mä d’Flam vum Fixspoun ass net waarm genuch fir de Wuess ze verbrennen, just fir en ze verdämpen. An dëse Wuesdamp brennt schon bei 55-56°C, mam Fixspoun also kee Problem. Du kanns doheem selwer teste wat genee brennt, ech hunn e klengt Experiment op de Site vum Mister Science gesat. Verbrenn der d’Fanger awer net!

Ok, ech gleewen der dat elo mol einfach. Et ass also den Damp dee brennt. A wann ech d’Käerz ausblosen, blosen ech deen Damp dann einfach fort?

Genee! Du hues bestëmmt schonn a Filmer gesi wann e Fliger e Sturzflug mécht fir e Motorbrand erauszekréien. Dat ass dee selwechte Prinzip. Wann den Damp sech bis mat der Loft vermëscht huet brennt en net méi. D’Glous um Docht verdämpt zwar ëmmer nach neie Wuess, mä si ass net waarm genuch fir en un d’brennen ze kréien.

Hm, si meng Trickkäerzen dann aus engem aner Wues? Een deem säin Damp méi liicht brennt a vun der Glous erëm ugefaang gëtt?

Ah, gutt iwwerluecht, mä et ass net de Wuess deen an den Trickkäerzen verännert gëtt, mä den Docht! An zwar gëtt Magnesiumpolver an den Docht gemaach. Magnesium selwer fänkt immens séier u mat brennen, d’Glous vum Docht geet méi wéi duer! An d’Fonken déi dobäi entstinn si waarm genuch fir de Wuesdamp erëm unzefänken.

Ah, dofir späizen déi Käerzen eng Kéier e bësse wann se erëm uginn! Dat sinn d’Fonke vum Magnesium!

 

Trickkäerzen brenne weider

 

Zousätzlech Informatiounen:

Experiment:

Wann’s de selwer wëlls teste wat bei enger Käerz brennt, da maach Folgendes:

Fänk zwou Käerzen un a looss se e puer Minutte brennen. Blos dann eng dovun aus an hal se direkt bei d’Flam vun där aner Käerz, ouni awer widder ze kommen. Trotz der Distanz geet d’Käerz erëm un, a mat e bësse Chance gesäis de wéi d’Flam dem Damp no bis bei den Docht leeft.

Aner Methode fir d’Käerz auszeman:

Duerch d’Loft beweegen:

Grad esou wéi beim Ausblose gëtt den Damp an dësem Fall verweht, vermëscht sech mat der Loft, an den Docht killt esou wäit of dass en den Damp net méi ka verbrennen.

Mat naasse Fanger den Docht upaken

An dësem Fall killt een den Docht mam Waasser séier of, sou dass en och net méi waarm genuch ass fir den Damp a Brand ze stiechen.

E Glas iwwert d’Flam halen

Op des Manéier provozéiert een e Sauerstoffmangel fir d’Flam. Wann de Sauerstoff, dee fir all Verbrennung noutwenneg ass, bis opgebraucht ass, geet d’Flam lues a lues aus. Wann een d’Glas ewech hellt soulaang den Docht nach net ofgekillt ass, kann d’Flam och nees vum selwen ugoen.

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

Substanzen déi wéi Magnesium bei nidderegen Temperaturen ufänke mat brennen, nennt ee Pyrophor. Et kann ee sech natierlech virstellen dass esou Substanze fir de Fuerscher geféierlech sinn, mee se kennen och onheemlech praktesch sinn: se ginn an Trickartikelen, Spillsaachen a Briquete benotzt, grad esou wéi an der Entwéckelung vun neie Waffen.

D’Uni vun Oldenburg setzt sech zum Beispill mat de pyrophoren Eegeschafte vun Uran auserneen. Net fir militäresch Zwecker, mee fir den Impakt vun dësem chemeschen Element op dem Mënsch seng Gesondheet besser ze verstoen.

Fuerschung zu Lëtzebuerg:

Wee méi wëllt iwwert d’Hirstellung vu Käerzen an de Verbrennungsprozess gewuer ginn, dee kann an der Käerzefabrik zu Heiderscheid laanscht goen an d’Hiersteller iwwert hier Eegeproduktiounen an techneschen Know-How ausfroen.

 

 

 

 

Linken :

Foto (vum Joey Gannon): http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/f5/Blue_candles_on_birthday_cake.jpg/800px-Blue_candles_on_birthday_cake.jpg

Pyrophor: http://www.chemeurope.com/en/encyclopedia/Pyrophoricity.html

Uni Oldenburg: http://uwa.physik.uni-oldenburg.de/1583.html

Käerzefabrik: http://www.kaerzefabrik.com

Quellen:

How does a candle work: http://home.howstuffworks.com/question267.htm

What makes trick candles go out and then relight : http://www.ehow.com/facts_6812639_trick-go-out-then-relight_.html

Trick candles : http://cen.acs.org/articles/88/i32/Trick-Candles.html