Heinsdo spillt de Bildschierm verréckt, an den Akku ass ëmmer direkt eidel. Firwat leid mäin Handy ëmmer sou ënnert der Keelt?

D’Temperatur huet Auswierkungen op dräi Deeler vum Handy: de Bildschierm, den Akku an d‘Elektronik. De Gréisste Problem ass wann d’Temperatur sech séier verännert, zum Beispill wann e nom Schifueren an eng waarm Schihütt geet. Mee déi meescht Problemer sinn net katastrofal, wann den Handy rëm op Zëmmertemperatur ass funktionéiert en nees normal.

Wat genee mécht d’Keelt da mam Bildschierm a mam Akku?

Keelt mecht datt vill Prozesser méi lues laafen. D‘Bildschiermer funktionéiere mat flëssege Kristallen. A wann et kal gëtt beweegen déi sech manner. Dofir gëtt däi Bildschierm méi lues oder d’Bild verzerrt sech. Mam Akku ass et ähnlech. Duerch d’Keelt fannen déi chemesch Reaktiounen am Akku méi lues statt, an d’Elektrone beweege sech och méi lues. Dofir hellt d’Resistenz vum Akku zou an d’Leeschtung of.

OK  et geet also näischt futti. Wa rëm alles op Zëmmertemperatur ass sinn d’Reaktiounen rëm méi séier!

Genee. Dat eenzegt wat däin Handy ka futti man ass d’Fiichtegkeet! Wann een an der Keelt ass an an e waarme Chalet rageet kondenséiert gären d’Loftfiichtegkeet um kaalen Händy. Waasser ka faltal fir d’Elektronik vum Händy sinn well e kuerzen entstoen kann. Wann een schifueren geet giff ech eng plastiktuut matthuelen, an den Händy an och de Photoapparat fest doran aweckelen ier en an d’Hëtzt geet,.

 Dat heescht dat wichtegst ass fir den Handy beim Schifuere viru Fiichtegkeet ze schützen, an net onbedingt virun der Keelt?

Richteg. Wei gesot, bei eise Wantertemperaturen erhëllt den Handy sech erëm vun der Keelt. Um Nordpol bei -50°C wier dat awer natierlech och nees eppes anescht! Mee bei eis ass d’Fiichtegkeet méi geféierlech.

D’Bannentäsch vun der Schijackett ass also net onbedingt déi beschte Plaz, well och vum Schweesse ka Fiichtegkeet dra kommen!  Also opgepasst wou mer den Handy himan!

 

Firwat mëscht mäin Handy Männercher wann et kal as

 

Zousätzlech Informatiounen:

Explosiv Handysbatterien:

Fréier, also an den 90er, hunn d’Handysakkuen mat Nickel funktionéiert. Mee déi hu séier u Leeschtung verluer an d’Autonomie vum Handy huet séier ofgeholl. Dofir funktionéieren déi Akkue vun haut mat Lithium Polymeren.

Mee déi sinn net ganz ongeféierlech, déi kennen a Flame geroden an explodéiere wann den Akku entweder schonn e bësse matgeholl ass, oder wann de Kabel fir opzelueden net richteg am Handy stécht. Obwuel dat am Duerchschnëtt just bei all 10.000sten de Fall ass, soll een trotzdem den Handy net oniwwerwaart oplueden oder no bei Pabeier an aner brennbare Substanzen opluede loossen.

Des Videoe weisen e puer spektakulär Explosiounen:

http://www.youtube.com/watch?v=odxR1lkfiEI&feature=player_embedded#!

http://www.youtube.com/watch?v=pAEe0QO6TMU&feature=player_embedded

http://www.youtube.com/watch?v=ZNxLGDwGw-k&feature=player_embedded

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

Den Handy beim Schifueren ass nëmmen ee Beispill vum Behuele vun Elektronik an ongewinnter Emgebung.  Mee den Test vu Géigestänn an Extremkonditiounen ass relativ gängeg. D’Firma Environ Laboratories an Amerika huet sech dra spezialiséiert fir technologesch Géigestänn a  verschiddene Situatiounen ze testen an ze bewäerten: zum Beispill Deeler vu Satellitten déi de Konditiounen am Weltall musse standhalen oder Deeler vun engem Fliger déi musse féierbestänneg sinn.

An hire Laboen an Ateliere kenne si extremen Drock, héich Temperaturen an elektresch Spannungen, jo esou guer Äerdbiewewellen, reproduzéieren.

 

Linken :

Foto (vum Mmckinley): http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/c/cd/Chargepod_2.jpg

Environ Laboratories: http://www.environlab.com/index.html

Video : http://www.youtube.com/watch?v=odxR1lkfiEI&feature=player_embedded#!

Video :  http://www.youtube.com/watch?v=pAEe0QO6TMU&feature=player_embedded

Video :  http://www.youtube.com/watch?v=ZNxLGDwGw-k&feature=player_embedded

Quellen:

Discharging at high and low temperatures: http://batteryuniversity.com/learn/article/discharging_at_high_and_low_temperatures

Does cold weather injure cell phones : http://www.popularmechanics.com/technology/how-to/gadgets/4337496

Handys mögen keine Kälte : http://www.n-tv.de/technik/Handys-moegen-keine-Kaelte-article2258531.html