Wéi haalen Seefeblosen zesummen?

RTL

Figure 1: Mila Zinkova

Wéi dir sécher wësst, mécht d‘Waasser eleng keng Blosen. Wann een e Bloosréng fir Seefeblosen an d'Waasser zappt, kritt ee just Drëpsen.Wa mir awer Seef dobäi ginn entspaant sech d‘Waasser. Seefemolekülen kann ee sech -staark vergréissert - wéi Fixspéin virstellen. De Kapp vun de Spéin huet d‘Waasser gär awer de Still vum Fixspoun stéisst d'Waasser of. Op der Uewerfläch vum Waasser stécht de Kapp vun dem Seefemolekül also am Waasser an de Rescht steet no uewen. Dat kann ee sech sou virstelle wéi wann d'Waasser e Pelz hätt.

RTL

Wa mir lo e Blosréng an d'Seefewaasser tauchen hält de Seefepelz sech um Blosréng fest a mir zeien eng Haut eraus déi aus  3 Schichte besteet.Baussen 2 Schichte Seef a bannen eng dënn Schicht Waasser. De Waasserfilm ass gudd geschützt a méi stabil a ka lo ongewinnte Forme wéi z.B. Blosen unhuelen. Leider zerplatzen des Blosen soubal se widdert eppes kommen, well bei enger Beréierung d'Seef vun d‘Blos op dee Géigestand iwwergeet. Wa Seef fort ass, ass d'Haut net méi stabil a platzt. Ausser et stéisst een op eppes wat d'Seef net unhëlt wéi zB. e Stéck Woll. Dodroper bleiwen d'Seefeblose leien. Probéiert dat mol bei Geleeënheet mam Wanterpullover.

Firwaat ass eng Seefeblos faarweg?

D'Seefebloos ass eigentlech transparent. D'Luucht gëtt awer op enger Seefebloos zweemol reflektéiert. Doduerch entsteht en ähnlechen Effekt wéi bei engem Reebou. Déi zwou Reflexiounen iwwerlaageren sech (Interferenz) an dobäi gesäit e verschidde Faarwe méi staark an aanerer guer net méi. Wéi eng Faarwen e gesäit hängt vun der Deckt vun der Haut of. Well des ënnerschiddlech deck ass op verschiddenen Plaazen an der Kugel, schillert d'Seefebloos.

Firwaat zerplatzt d'Seefeblos?

Seefeblosen zerplatze jo wa se widdert eppes kommen an dat ass jo schonn am éischten Abschnitt erkläert. Seefeblosen zerplatzen awer och no enger gewëssener Zäit vum selwen. Dëst kennt duerch d'Schwéierkraaft. D'Waasser an der Seefeblos leeft méi schnell no ënne wéi d'Blos selwer, an iergendwann ass d'Blos uewen sou dënn datt se platzt. Wann d'Sonn op eng Seefeblos schéngt da verdämpt d'Waasser aus der Haut an doduerch zerplatzt se dann och iergendwann.

Rezept fir Rise Seefeblosen

Fir risegrouss Seefeblosen ze mechen, brauch een e bëssen Zäit. D'Seefeléisung ass eigentlech schnell fäerdeg me duerno musse mer se eng Zäitche roue loosse fir datt all d'Duftstoffer verdämpe kënnen.
Mir brauchen:

  • 10 g (ee geheeften Téiläffel) Zocker 
  • 50 ml destilléiert Waasser 
  • 25 ml Spullmëttel (neutral) 
  • 1 g (e klengen Téiläffel) Tapéitepaap (mat Mehylencellulose) 
  • 250 ml wodelecht dest. Waasser

Den Zocker an 0.5 l dest. Waasser léisen. D'Spullmëttel dobäi ginn, an da lues réiere fir datt net zevill Schaum entsteet. D'Tapéitepaap am wodeleche Waasser léisen an duerno alles zesummeginn a fir 12 Stonnen oppe stoe loossen.

Recherche zu Lëtzebuerg an vu Lëtzebuerger am Ausland

D'Haut vun enger Seefeblos ass eng Doppelmembran déi verschidde Gasen durch d'Wand durchléist an aanerer net. Eng Membran kann een sech ähnlech virstellen wéi e Filter. Membrane gin an der Biologie awer och an der Materialindustrie erfuerscht. Membranen fir Batterien gi bei Amer -Sil hei zu Lëtzebuerg produzéiert. An de "Centres de recherche publique" Henri Tudor a Gabriel Lippmann gett un industriell asetzbaren Membranen awer och un Biomembrane gefuerscht.