An de Béchse laachen engem ëmmer agemaachte Kiischten a Pijen entgéint! Mee sinn déi iwwerhaapt gesond? Do sinn dach bestëmmt net méi vill Vitaminnen dran!
Et sinn der nach dran me net méi vill! Dat Uebst gëtt jo fir d’éischt gekacht ier et agemaach gëtt, an do leide verschidde Vitaminnen natierlech dorënner. Dat Uebst ass jo och dack geschielt, an an der Schuel verstoppe sech dack déi meeschte Vitaminnen. Jee nom Hierstellungsprozess verléiert een esou 60-90% vun de Vitaminnen.
Et geet also näischt iwwer frëscht Uebst!
Ah, opgepasst! Och a frëschem Uebst fänken d’Vitaminnen u futti ze goen soubal et gepléckt ass. A wann d‘Uebst scho gepléckt gëtt ier et iwwerhaapt zeideg ass, sinn souwisou scho manner Vitaminnen dran. Dann trëllt et nach deeglaang am Lager rondrëm, mécht mam Fliger den Tur rondrëm d’Welt, trëllt nach e puer Deeg am Buttek oder bei dir doheem, a wann’s de et da schlussendlech ëss, dann hunn déi meescht Vitaminne sech och schonn a Loft opgeléist!
Wow! Domat hat ech elo net gerechent! Et gëtt also näischt Besseres wéi en Apel frësch vum Bam!
Jo, mee lo de Wanter an och am Summer sichs de awer vläit laang Apel deen um Baam hängt! An ëmmer dat selwecht Uebst iesse bréngt et och net, do sinn ni all Zorte vu Vitaminnen dran déi mer brauchen. Eng gutt Alternativ wier awer gefruerent Uebst!
Mee dat gëtt jo blanchéiert? Dat verléiert seng Vitaminne jo dann och!
Mee an dësem Fall gëtt d’Uebst meeschtens réischt gepléckt wann et zeideg ass an op der Plaz verschafft an agefruer. Grad esou wéi d’agemaachten Uebst!
Ausser dass et Mätsch gëtt wann et entdeet! Also net immens fir an den Tutti Frutti, mee perfekt fir e Smoothie ze man! J
Zousätzlech Informatiounen:
| | | | | | | |
| | Wéi heescht se? | | Wat mécht se? | | Wou fannen ech se? | |
| | | | | | | |
| | Vitamin A | | - Zellregeneratioun -Siicht -schéin Haut | | Pampelmuss Waassermeloun Tomat | |
| | | | | | | |
| | Vitamin B1 | | -verwandelt Kuelenhydrater an Energie -stäerkt den Häerzmuskel | | Dattel Drauwen Pampelmuss Orange | |
| | | | | | | |
| | Vitamin B5 | | -Verschaffe vu Liewensmëttel -Hirstellung vun Hormonen -Formatioun vu gesondem Cholestérol | | Dattel Pampelmuss Drauwen Hambier schwaarz Kréischel | |
| | | | | | | |
| | Vitamin B9 (acide folique) | | -Formatioun vu roude Bluttkierpercher -Nervesystem, Gehirfunktioun -Zelldeelung, Entwécklung vum Embryo | | Päerdsbier Dattel Orange Äerdbier Hambier | |
| | | | | | | |
| | Vitamin C | | -Schutz vun den Zellen | | schwaarz Kréischel Pampelmuss Kiwi Orange | |
| | | | | | | |
| | Vitamin D | | -Opnam vu Calcium a Magnesium | | / (gëtt vum Kierper selwer produzéiert) | |
| | | | | | | |
| | Vitamin E | | -Schutz vun den Zellen -Produktioun vu roude Bluttkierpercher -Heelung vun Haut a klenge Wonnen | | Päerdsbier Molbier Kiwi Pijen Hambier | |
| | | | | | | |
| | Vitamin K | | -Bluttgerënnung -Stäerkung vun de Schanken | | Päerdsbier Molbier Drauwen Kiwi Hambier | |
| | | | | | | |
Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:
Déi richteg Lagerung vun Uebst a Geméis huet schon méi wéi engem Kappzerbrieches bruecht. Net nëmme fir d’Vitaminnen an aner Nährstoffer besser ze konservéieren, mee och fir de Faulungsprozess ze bremsen. D’Uni vu Louvain an der Belsch huet zesumme mam Synchrotron vu Grenoble a Frankräich (ESRF) erausfonnt firwat Äppel sech méintelaang halen a Bieren no kuerzer Zäit ufänke mat faulen. An zwar läit den Ënnerscheed an der Manéier wéi d’Zellen „ootmen“, also wéi se hire Sauerstoff kréie fir z’iwwerliewen. Des Fuerschungsresultater erméiglechen den Uebst- a Geméishändler an der Tëschenzäit fir hier Wuer méi spezifesch ze lageren an eis esou méi frëscht Uebst ze liwweren.
Fuerschung zu Lëtzebuerg:
Och wa genuch Vitaminnen am Béchsenuebst sinn, hunn d’Veraarbechten an d’Konservéiere vun dëse Liewensmëttel e groussen Impakt op eis Gesondheet. D’Uebst ass zum Beispill am Sirup agemaach a kann zu Iwwergewiicht féieren.
De CRP Gabriel Lippmann huet e ganzt Departement „nutrition et toxicologie“ dat sech fir Theme wéi zum Beispill den Impakt vu fäerdeg preparéierte Menüen op eis Gesondheet an den Zesummenhang tëscht eisem Liewensstil an eisen Iessgewunnechten, interesséiert a probéiert Léisunge fir des Problemer auszeschaffen.
Linken :
Zellotmung : http://www.esrf.eu/news/general-old/general-2008/fruit/
Uni vu Louvain : http://www.uclouvain.be/
ESRF : http://www.esrf.eu/
Nutrition et toxicologie : http://www.lippmann.lu/index.php?id=293
CRP Gabriel Lippmann : http://www.lippmann.lu/index.php?id=1
Quellen:
Vitamin Chart: http://www.healthalternatives2000.com/vitamins-nutrition-chart.html
Nutritional comparison : http://ucce.ucdavis.edu/files/filelibrary/1214/36518.pdf
Vitamins, minerals and supplements : http://www.netdoctor.co.uk/health_advice/facts/vitamins.htm
Canned vs. Fresh : http://www.fitday.com/fitness-articles/nutrition/healthy-eating/canned-vs-fresh-fruits-and-vegetables.html