Lo sinn d’Fuesgécken erëm lass! Do ass bestëmmt méi wéi een dee sech moies wënscht en hätt bësse méi lues mam Alkohol gemaach! An trotzdem léieren déi mannste bäi! J Mee wou kennt en eigentlech hier, deen décke Kapp?
De Kappwéi kennt haaptsächlech duerch e Waassermangel! Den Alkohol reegt eis Blos un, an anstatt dass de Kierper d’Waasser ophëlt, gëtt et direkt iwwert den Urin evakuéiert. Pro 250 ml rengen Alkohol deen‘s de drénks, verléiers de esou 800 – 1000 ml Waasser. Also dat 4-facht.
Firwat deet da grad de Kapp dofir wéi?
Wann‘s de esou e staarke Waassermangel hues, spillt sech e Kampf ëm d’Iwwerliewen an dengem Kierper of. All Organ probéiert deem aner Waasser ze entzéien, an d’Gehir kennt do normalerweis schlecht ewech! Et schrumpft dofir liicht an zitt un alle Geweber rondrëm. An dat deet wéi!
Mee Kappwéi ass jo meeschtens net déi eenzeg Erënnerung un den Owend virdrun! Wackeleg Knéien, Iwwelzegkeet, Mo op der Kopp,... kennt dat dann och alles dovun?
Nee, déi Symptomer hunn eng Rei aner Ursaachen déi de Fuerscher awer nach Kappzerbrieches bereeden. Mee d’Art a Weis wéi eise Kierper den Alkohol ofbaut spillt eng wichteg Roll!
Mee et gëtt jo och gesot dass ee vu roudem Wäi méi e krassen décke Kapp kritt wéi vu wäissem Wäin.
Jo dat stëmmt, an dat ass well beim Gärungsprozess vun donkelem Gedrenks, méi Congener entstinn, dat si Nieweprodukter, déi de „Kapp wéi“ nach méi schlëmm maachen. Am roude Wäin , an am Whisky sinn där méi wéi am wäisse Wain an am Wodka.
Dat ass gutt ze wëssen! A fir de Fall wou et awer e säftegen Hangover gëtt huet de Mister Science eis eng Rei vun Tricken op eise Site gesat fir den decke Kapp nees lass ze ginn!
Zousätzlech Informatiounen:
„Rezepter“ géint den décke Kapp: FAKT oder MYTH?
Moies weider drénken! MYTH
Déi meescht Symptomer vum décke Kapp ginn duerch gëfteg Ofbaustoffer vum Alkohol an der Liewer ausgeléist. Wann ee moies weider drénkt, huet een duerch d‘Wierkung vum Alkohol d’Gefill dass den Hangover besser ass. A Wierklechkeet gëtt een dem Kierper jo awer nach méi gëfteg Ofbaustoffer, den Hangover gëtt also no der éischter Erliichterung em sou méi schlëmm!
Staarke schwaarze Kaffi! MYTH
De Kafféin hëlleft dem Kierper fir géint d’Middegkeet während engem Hangover unzekämpfen. Soubal seng Wierkung awer noléisst, kennt de Mann mam Hummer! Ausserdeem reegt de Kafféin eis Blos un (grad esou wéi den Alkohol), soudatt mer d’Waasser iwwert den Urin evakuéieren anstatt dass et vum Kierper opgeholl gëtt. Mir verléieren also nach méi, wou duerch eisen décke Kapp nach méi schlëmm gëtt.
Vill Waasser drénken! FAKT
Waassermangel ass dee schlëmmste Feind vum Kierper a fir vill Symptomer vum Hangover verantwortlech (wéi gesot, pro 250 ml Alkohol verléiere mer 800 – 1000 ml Waasser). Wann een also tëscht de Shots an de Minie regelméisseg Waasser drénkt, kann een dem Waassermangel virbeugen an op mannst dës Symptomer reduzéieren.
Fettegt Iessen! MYTH/ FAKT
Virum drénken: FAKT
Fettegt Iessen ass méi schwéier ze verdauen. Doduerch gëtt d‘ “Verdauen“ vum Alkohol (also den Iwwergank vum Alkohol an d’Blutt) och verzögert. Den Alkohol gëtt also méi lues ofgebaut, d’Ofbaustoffer entsti just lues a lues, an d’Liewer huet eng Chance fir se ze verschaffen. Et kann een also eng ganz Rei Symptomer virbeugen.
Nom drénken: MYTH
Wann ee bis en Hangover huet, ass et ze spéit! Den Alkohol gräift eise Mo souwisou schonn un, a fettegt Iessen irritéiert en dann nach méi.
Eeër! FAKT
Eeër enthalen eng Aminosaier (Cystein) , déi der Liewer hëlleft eent vun deene gëftegsten Ofbaustoffer (Acetaldehyd) ze verschaffen. En Zappee moies ass also guer keng schlecht Iddi!
Banannen! FAKT
Duerch de Waassermangel verléiert eise Kierper eng Ganz Rei Salzer a Spurenelementer (haaptsächlech Potassium). Andeems mer déi rëm opstocke fille mer eis scho vill besser. Dofir kann ee moies roueg eng Banane oder e Kiwi iessen.
Uebstjus! FAKT
Duerch de Fruktos (eng Art Zocker) am Uebstjus kritt de Kierper en Energieboost. Eise Metabolismus gëtt doduerch ugereegt an eise Kierper kann den Alkohol an d’gëfteg Ofbaustoffer méi séier verschaffen. Zousätzlech stocke mer eise Kierper och nees mat Vitaminnen an Nährstoffer op, déi mer duerch Waassermangel verluer hunn.
Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:
Alkoholismus, Alkoholvergëftung, Hangover,.... dat sinn e lauter Themen déi an der Tëschenzäit vill Jonker betrëffen. Et gi Fuerschungséquipen op der ganzer Welt déi allméiglech Aspekter vum Alkohol ënnert d’Lupp huelen: gëtt et eng Verbindung tëscht Alkoholkonsum a Kriibs? Wat ass den Zesummenhang tëscht eiser psychescher Verfaassung an Alkoholkonsum? De Journal „Hangover Research Today“ publizéiert regelméisseg déi neitste wëssenschaftlech Resultater.
Fuerschung zu Lëtzebuerg:
Och zu Lëtzebuerg gëtt et eng Rei Associatiounen (wéi zum Beispill ama.lu – alcool médicaments addiction) an aner Institutiounen (wéi zum Beispill CePT – Centre de Prévention des Toxicomanies) déi d’Fuerschung rondrëm den Alkohol ënnerstëtzen an d’Leit mat Hëllef vu spezialiséierten Dokteren (zum Beispill den Dr Jean-Marc Cloos aus der ZithaKlinik) iwwert d’Problemer an d’Méiglechkeeten opklären.
Linken :
Foto (vum RayNata): http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/7/76/Alcohol_desgracia.jpg
Hangover Research Today: http://hangover.researchtoday.net/
Dr Jean-Marc Cloos, ZithaKlinik: http://www.ama.lu/docs/Conference_DrCloos_080709.pdf
CePT : http://cept.lu/
Ama.lu : http://www.ama.lu/docs.php
Quellen:
What causes a hangover: http://cocktails.about.com/od/healthsafety/a/hngovr_101a_2.htm
Why do hangovers occur : http://www.scientificamerican.com/article.cfm?id=why-do-hangovers-occur
Lighter drinks avoid heavy head : http://www.scientificamerican.com/podcast/episode.cfm?id=lighter-drinks-avoid-heavy-head-09-12-21
Whisky hangover worse than vodka, study suggests : http://news.bbc.co.uk/2/hi/health/8416431.stm
Understanding congeners in wine : http://news.bbc.co.uk/2/hi/health/8416431.stm
How hangovers work: http://science.howstuffworks.com/environmental/life/human-biology/hangover6.htm