Dës Fro koum vun de Kanner aus "Eis Schoul" (www.eisschoul.lu)
Mat hirem wäisse Pelz sinn d‘Äisbiere perfekt getarnt fir am Schnéi rondrëm ze turnen. Mee wéi eng Faarf verstoppt sech eigentlech ënnert dem Pelz?
Wann ee bei Kaazen oder Hënn an de Pelz wulle geet an d’Hautfaarf ënnendrënner kuckt, da gesäit een dass ënnert den donkelen Hoer och donkel Haut ass, an ënnert méi hellen Joer méi hell Haut.
Dem Äisbier säi Pelz ass wäiss, da misst seng Haut ënnendrënner jo hell sinn.
Déi Logik wier richteg wa säi Pelz wäiss wier. Ass en awer net! Deen ass duerchsiichteg! An d’Haut ënnendrënner ass pechschwaarz!
Wat ziels du do! Engem Äisbier säi Pelz ass dach net duerchsiichteg! Da giff een dach déi schwaarz Haut gesinn!
Ma dach! D’Äisbieren hun sech missen en extraen Trick afale loosse fir sech am Schnéi ze tarnen a sech gläichzäiteg géint déi äiseg Temperaturen um Nordpol ze schützen! Dofir sinn déi eenzel Hoer vun hirem Pelz huel an duerchsiichteg! Doduerch gëtt d’Sonneluucht komplett gebrach, a mir gesinn de Pelz wäiss. Fir dat ze verstoen hunn ech zwee kleng Experimenter op de Site gesat.
Ok, a wat ass dann elo de Witz mat der schwaarzer Haut?
Deen decken duerchsiichtege Pelz eleng hält net waarm genuch fir um Nordpol z‘iwwerliewen. Mee kombinéiert mat der schwaarzer Haut gëtt et richteg schuckeleg do ënnendrënner. D’Infrarout Strahlen aus der Sonneluucht ginn näämlech tëscht den Hoer gefaang a kennen esou dem Äisbier seng Haut opwiermen. An eppes Donkeles gëtt nun emol méi séier waarm, dofir ass seng Haut ebe schwaarz!
Hm, d’Natur huet dat dann awer schlau ausgetüftelt! Perfekt getarnt an trotzdem ginn se net kal!
Zousätzlech Informatiounen:
Wat ass gebrache Luucht?
Wann d’Sonnestralen duerch eppes Duerchsiichteges ginn, esou wéi Glas oder Waasser zum Beispill, da gëtt se gebrach. Dat heescht dass de Liichtstral net riicht derduerch geet, mee dass e säi Wénkel liicht verännert.
Fir dat selwer ze teste kanns de eng Mënz an eng Zaloteschossel leeën (net duerchsiichteg) an d’Schossel op Aanhéicht stellen (esou dass se zwar e bëssen iwwert de Rand gesäis, mee net op de Fong vun der Schossel). Da kanns de deng Mamm froe fir lues a lues Waasser an d’Schossel ze schëdden. Op eemol gesäis de d’Mënz am Waasser, obwuel’s de de Fong ëmmer nach net gesäis.
Firwat gesi mir eppes Duerchsiichteges als wäiss?
D’Sonneluucht besteet aus méi oder manner laange Wellen, a mir gesinn eng Rei vun dëse Wellen als bestëmmte Faarwen. A wann een all des Faarwe vermëscht, da gëtt et wäiss.
Fir dat auszeprobéiere kanns de e Rondel aus engem Stéck Kartong schneiden an et esou faarweg mole wéi’s de nëmme kanns. Wann’s de fäerdeg bass picks de mat enger klenger Nol genee an d’Mëtt a mëss däi Stéck Kartong esou fest. Wann’s de da mam Fanger derwidder dicks soudatt de Rondel ganz séier rondrëm dréint, verschwannen d’Faarwen an du gesäis e wäisse Krees!
Dat selwecht geschitt am Äisbier sengem Pelz. Dee Phenomen gëtt awer net duerch séier dréinen ausgeléist, mee doduerch dass d’Hoer huel an duerchsiichteg sinn.
Ginn et och Äisbieren déi net wäiss ausgesinn?
An der Tëschenzäit schonn, jo! Awer net um Nordpol an hirem natierleche Liewensraum. Heinsdo kennt et fir dass d’Äisbiere bei eis am Zoo bësse gréng ausgesinn, an zwar wéinst den Algen aus hirem Waasserbecken. Am Ufank hunn d’Déierepfleger an d’Fuerscher gemengt déi giffen einfach an hirem Pelz hänke bleiwen an dann do weider wuessen. Et huet sech awer erausgestallt dass déi Algen an de klengen Huelreim vun den Hoer wuessen. Dofir gëtt d’Luucht net méi komplett gebrach, mee zum Deel vun den Algen absorbéiert.
Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:
D’Äisbiere sti leider säit Joren um Programm vun onendlech ville Fondatiounen a Fuerschungsinstituter. Duerch de Klimawandel ass hiren natierleche Liewensraum a Gefor an déi wäiss Rise si vum ausstierwe bedrot.
Fuerschungsinstituter wéi den „Alaska Science Center“ beméie sech fir esou séier wéi méiglech esou vill wéi méiglech iwwert d’Äisbieren, hiert Liewen an hire Liewensraum erauszefannen. Mat dëse wëssenschaftlechen Informatioune schaffen se Programmer aus fir d’Situatioun an de Grëff ze kréien a probéiere Modeller ze entwéckele fir d’zukënfteg Entwécklung vun den Äisbiere virauszegesinn.
Fondatioune wéi zum Beispill „Polar Bears International“ sammele Sue fir souwuel an d’Fuerschung ze investéiere wéi an d’Bildung an Opklärung iwwert Problemer déi duerch de Klimawandel ausgeléist ginn.
Fuerschung zu Lëtzebuerg:
De Klimawandel a seng Auswierkungen op d’Déieren an hire Liewensraum ass natierlech net nëmmen um Nordpol e grousst Thema. Och zu Lëtzebuerg am CRP-Gabriel Lippmann gi permanent klimatesch a meteorologesch Konditioune gemooss fir den Impakt vum Klimawandel op eis Ëmwelt ze moossen.
Linken :
Alaska Science Center: http://alaska.usgs.gov/science/biology/polar_bears/
Polar Bears International: http://www.polarbearsinternational.org/programs
CRP-Gabriel Lippmann : http://www.crpgl.lu/index.php?id=417
Experiment (Rondel Karton) : http://www.kek-kindermuseum.de/lib/projekte/farbenrausch2/projekt_farbenrausch_zwei_03.jpg
Menz an der Schossel: http://www.abermakaber.de/kategorie/experimente/magisches_geld.html
Quellen:
Polar Bear, Ursus maritimus : http://www.fws.gov/home/feature/2009/pdf/polar_bearfactsheet1009.pdf
Polar Bear Information (U.S. Fish & Wildlife Service): http://www.fws.gov/home/feature/2008/polarbear012308/polarbearspromo.html
Everyday Mysteries : http://www.loc.gov/rr/scitech/mysteries/polarbear.html