Eng Fro vun de Kanner aus „eis Schoul“ – www. eisschoul.lu

Sou e schwaarzt Lach ass jo schonn e bëssen eppes Onheemleches! Schonn eleng well een net weess wat een do bannen dra giff erwaarden!

E grousse kompakte Mitschmatsch vun allméigleche Saachen! Alles wat an esou e schwaarzt Lach geréit, gëtt onendlech fest zesumme gedruddelt a kennt ni méi do eraus!

A wéi entsteet esou e Lach?

Schwaarz Lächer entstinn an eisem Universum wa riseg grouss Stäre stierwen! Wann déi stierwe verschwannen se net einfach, mee se falen a sech zesummen! Déi onheemlech grouss Mass ass dann op engem klenge Punkt reduzéiert an doduerch entsteet eng riseg Unzéiungskraaft rondrëm esou en doudege Stär! Et kann ee sech dat wéi e kosmesche Staubsauger virstellen! Alles wat an d’Géigend kennt, gëtt ugesaugt a „verschwënnt“  bannendran!

Dat heescht wann ech giff drafale giff ech einfach verschwannen?

Also, fir d‘éischt giffs de mol duerch déi héisch Unzéihung ganz laang wéi eng Spaghetti gezu ginn, an da giffs de an enger Spiralform ëmmer méi no un d’Lach erukommen. Iergendwa giff deng Mass matt där vum doudege Stär verschmëlzen.

Fir e Beobachter vu bausse, giff dat awer nach dausende Joer daueren bis de dra verschwënns. An sou engem Lach verschwënnt näämlech net nëmme Gestengs an d‘Liicht mee och d’Zäit. An déi gëtt och beim Lach ausernee gezunn.

Schwéier sech dat virzestellen. Secher ass awer datt ech dat net iwwerliewe giff. Gudd datt dat nootste schwaarzst Lach nach 1600 Liichtjoer vun eis weg ass. Ech falen also mol net an eent.

 

Wat giff geschéie wann ech an e schwaarzt Lach gif

 

 

 

Zousätzlech Informatiounen:

-          Bis elo huet nach keen e schwaarzt Lach gesinn. Alles wat mer doriwwer wësse gëtt mat mathematesche Formelen ausgerechent a beschriwwen. Mir kennen hier Existenz also just indirekt beobachten.

-          Theoretesch miissten et 100 Millioune schwaarz Lächer an eiser Galaxie ginn. Et sinn eis der awer just eng Doze bekannt. Dat nootsten ass 1600 Liichtjoer wäit ewech a stellt also keng Gefor fir eis duer.

-          Déi physikalesch Gesetzer wéi mir se bei eis op der Äerd kennen, treffen net op e schwaarzt Lach zou! D’Mass vun engem doudege Stär gëtt onendlech fest kompriméiert, de Volume kann also onendlech kleng ginn. Wou geet déi ganz Substanz also hin??

-          Wann d’Sonn giff stierwen an a sech zesummefalen, giff se e schwaarzt Lach vun 3 Kilometer Duerchmiesser bilden. Seng Unzéiungskraaft wier déi selwecht wéi déi vun der Sonn, mir brauchen also net ze fäerte fir do eran ze geroden. Mee eng batter Äiszäit giff eis awer net erspuert bleiwen!

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:

D’Nasa schéisst de 14te Mäerz en neie Satellit op eng Missioun fir (ënner anerem) d’schwaarz Lächer ze erfuerschen. De Satellit, NuSTAR gedeeft, benotzt en X-Strahlen Teleskop fir Fotoe mat enger vill besserer Opléisung an eiser Galaxie kennen ze huelen. Si erhoffen sech esou méi Informatiounen iwwert d’Explosioun vu Stären an d’Entstoe vu schwaarze Lächer ze kréien.

Fuerschung zu Lëtzebuerg:

D’Satellitte vun der Nasa sinn net déi eenzeg déi op engem Orbit rondrëm eise Planéit fléien. Alles an allem sollen et e puer Dausend Satellitte ginn, déi eis permanent ëmzéngele fir verschidde Missiounen auszeféieren. Ronn 50 dovu gehéieren der SES, der „société européenne des satellites“ zu Lëtzebuerg. Eleng 2011 hun si 5 nei Satellitten eropgeschoss, an 8 sinn der fir déi nächst Joren nach geplangt. Si decken 99% vun der Weltbevëlkerung mat Zougang zu Fernseh, Radio a verschiddene Kommunikatiounsméiglechkeeten.

 

Texte & Recherches: Corinne Kroemmer a Joseph Rodesch

 

Linken :

Foto ( vun Gallery of Space Time Travel, Auteur: Ute Kraus): http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/cd/Black_Hole_Milkyway.jpg/750px-Black_Hole_Milkyway.jpg

NuSTAR: http://science.nasa.gov/missions/nustar/

X-ray Telescope resolution : http://www.nustar.caltech.edu/uploads/images/site/today-tomorrow.png

SES : http://www.ses.com/4232583/en

Quellen:

Black Holes FAQ: http://cosmology.berkeley.edu/Education/BHfaq.html#q6 

NASA: What is a black hole: http://www.nasa.gov/audience/forstudents/5-8/features/what-is-a-black-hole-58.html

How do black holes form: http://www.universetoday.com/33454/how-do-black-holes-form/

How many black holes are there in the Universe: http://www.sciencedaily.com/releases/2006/09/060910094210.htm