Eng Ouschterblumm zum Beispill. Fir dass mir déi iwwerhaapt gesinn, muss jo Luucht do sinn. Mee et ass jo ëmmer déi selwecht Luucht, firwat gesi mir dann awer verschidde Faarwen? Gréng fir d’Blieder a giel fir d’Blumm?

Weess de aus wat Luucht besteet?

Nee, eigentlech net!

Aus e lauter eenzelne Strahlen! Déi meescht sinn onsiichtbar, mee Verschiddener kenne mer awer gesinn, déi hunn näämlech all eng aner Faarf. Wann’s de e Reebou kucks da gesäis de se. An de klenge Reendrëpse ginn d‘Strahlen näämlech getrennt, dofir gesäis déi eenzel Faarwen da schéin. An engem normale Sonnestrahl sinn se awer all vermëscht, an dat gëtt wäiss Luucht.

Mee wann an der Luucht jo all d’Faarwen dra sinn, firwat gesi mir der da just zwou wa mer eng Ouschterblumm kucken?

All Material reagéiert anescht op Luucht. Et absorbéiert ëmmer eng Rei vun de Faarwen, a reflektéiert anerer. Déi gréng Blieder absorbéieren zum Beispill alleguer d’Faarwen, AUSSER déi gréng! Déi gëtt reflektéiert a kennt zréck an eist A. Dofir kenne mir just déi gesinn! An déi giel Bléi absorbéiert all d’Faarwen, AUSSER....

...déi giel! Déi kennt zréck an eist A an dofir gesi mir se!

Genee!

Dat klengt elo am Fong ganz einfach! Mee wann ech awer genee driwwer nodenken, da sinn d’Faarwen awer eppes Witzeges! Ech brauch näämlech op mannst 3 Saache fir se ze gesinn: eng Sonn, eng Blumm an en A! Wann eppes dovu feelt, dann ass d’Faarf och op emol net méi do!

 

 

Firwat gesinn ech eppes Gieles giel?

 

Zousätzlech Informatiounen:

Wou kennt schwaarz a wäiss hier?

Wann e Material alleguer d’Faarwen absorbéiert an iwwerhaapt keng reflektéiert, da kenne mir och keng gesinn! An deem Fall komme jo keng Liichtstrahlen zréck an eist A. Dofir gesi mir dat Material dann als schwaarz.

Wann e Material awer alleguer d’Faarwe reflektéiert an iwwerhaapt keng absorbéiert, da gesi mir all d’Faarwen zesummen! An deem Fall kommen d’Liichtstrahlen jo all zréck an eist A. A well mir d’Mëschung vun alle Faarwen als wäiss gesinn, gesi mir dat Material dann als wäiss.

Verschidde Liichtquellen:

An enger Liichtquell wéi der Sonn zum Beispill sinn alleguer d’Faarwen dran déi mir gesinn, an nach eng Rei aner Strahlen déi awer fir eis onsiichtbar sinn, wéi zum Beispill UV-Strahlen oder IR-Strahlen. Wa mir esou eng natierlech Luucht wëllen nobaue fir eist Haus ze beliichten, da brauche mer vill Energie. Luucht ass näämlech Energie! Wann een de Summer ganz schwaarz ugedoen ass an et stellt ee sech an d’Sonn, da gëtt et engem fuerchtbar waarm. Dat ass well déi schwaarz Kleeder all d’Strahlen absorbéieren. Wäiss Kleeder reflektéieren awer d’Strahlen, an dofir gëtt et engem de Summer a wäisse Kleeder och manner waarm.

Fir manner Elektresch ze verbrauche ginn dofir extra Luuchte gebaut, déi net all des Liichtstrahlen hunn, mee nëmmen de Minimum dee mer brauche fir natierlech Luucht nozemaan. A LED Biere fënnt een zum Beispill just blo, rout a giel Strahlen. Déi dräi vermëscht man eng schéin natierlech Luucht, a mir verbëtze keng Energie fir onsiichtbar Strahlen ze produzéieren, oder Faarwen déi mer net brauchen.

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:

Am „Lighting Research Center“ zu New York setzen se sech genee mat deier Problematik auserneen. Fir eis Gesondheet ass et wichteg dass eis kënschtlech Luucht där natierlecher esou vill wéi méiglech gläicht. Mee fir eis Ëmwelt ze schoune probéiere si fir Luuchten hirzestellen déi esou mann wéi méiglech Energie verbrauchen. Dobäi däerf een net vergiessen dass d’Beliichtung am Haus oder um Auto net déi eenzeg Uwennungen a Fuerschungsdomainer sinn. Bestëmmte Luucht kann och als Traitement géint verschidde Krankheete benotzt ginn oder fir eis Planze besser an der Zär gedeien ze doen.

Fuerschung zu Lëtzebuerg:

Och an der Fuerschung zu Lëtzebuerg spille Liichtquellen eng grouss Roll. Am CRP Henri Tudor benotzen d’Fuerschungséquipen aus dem Departement „Advanced Materials & Structures“ Laser-Technologië fir nei Materialien ze analyséieren oder ze traitéieren. D’Uni Lëtzebuerg plangt esou guer fir 2014 e Fuerschungszentrum dat sech ganz soll op des Technologië konzentréieren.

 

Texte & Recherches: Corinne Kroemmer

 

Linken :

Foto ( vum (c)2007 Johnathan J. Stegeman): http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/46/Narcissus_pseudonarcissus_%28daffodills%29_-_1.jpg/799px-Narcissus_pseudonarcissus_%28daffodills%29_-_1.jpg

Lighting Research Center: http://www.lrc.rpi.edu/

Luucht an Emwelt: http://www.lrc.rpi.edu/researchareas/energyEnvironment.asp

Krankheeten: http://www.lrc.rpi.edu/researchareas/healthVision.asp

LED: http://www.lrc.rpi.edu/researchareas/leds.asp

CRP Henri Tudor : http://www.tudor.lu/

Advanced Materials & Structures : http://ams.tudor.lu/cms/ams/content.nsf/id/competences?opendocument&language=fr

Geplangte Fuerschungszentrum : http://www.innovation.public.lu/en/actualites/2011/07/unilux-laser/index.html

Uni Lëtzebuerg : http://wwwen.uni.lu/

Quellen:

Physics of light: http://library.thinkquest.org/27356/p_colors.htm

Why should engineers and scientists be worried about color : http://www.research.ibm.com/people/l/lloydt/color/color.HTM

Do we all see the same colors : http://www.bbc.com/future/story/20120209-do-we-all-see-the-same-colours

About rainbows : http://www.eo.ucar.edu/rainbows/