Ech falen all Joer drop eran! Am Fréijoer, wann et ufänkt waarm ze ginn, paken ech d’Summerkleeder aus an d’Jackett bléift doheem. Mee sou bal d‘Sonn fort ass, oder et ass eng kleng Loft, gëtt et mega kal an d’Hingerhaut geet mer aus! Wat soll dat iwwerhaapt?
Am Fréijoer ass et amfong nach guer net esou waarm wéi’s du mengs! Wann d’Sonn op dech schéngt gëtt et dir zwar gutt waarm, mee d’Loft an de Buedem sinn awer nach kal. Soubal d’Sonn also fort ass, killt deng Haut of. An däi Kierper muss sech jo awer iergendwéi opwierme wann’s du d’Jackett doheem léis.
Mee firwat da grad Hingerhaut? Dat gesäit jo och nach deck blöd aus!
Wann d’Hoer net platt opleien, mee sech e bëssen opriichten, bléift Loft dotëscht hänken. Esou entsteet eng kleng Isoléierschicht déi verhënnert dass de Kierper zevill ofkillt.
Lo geet et awer duer! Esou hoereg sinn ech net! Ech gesinn net wéi bei mir tëscht deenen eenzelnen Hoer op den Äerm Loft kéint hänke bleiwen!
D’Hingerhaut ass eppes wat mer vun eise méi pelzege Virfahre geierft hunn, mee wat an der Tëschenzäit bei eis net méi funktionéiert, well mer jo kee Pelz méi huet.
Dann hëlleft et jo och guer näischt!
Genee!
Ah! Ok! Mee wat schützt eis dann elo wierklech virun Ënnerkillung?
Ma normalerweis, kuerz nodeems d’Hingerhaut der aus geet, schudders de dech! Dat kennt doduerch dass d’Muskele rondrëm dengen Organer sech spontan a reflexarteg zesummenzéien. Doduerch produzéieren se Hëtzt a wiermen dech vu bannen eraus nees op!
Dat heescht och wann d’Hingerhaut fir absolut näischt gutt ass, ass et awer dat éischt Zeechen dass et der ufänkt seriö kal ze ginn!
Zousätzlech Informatiounen:
Fir kleng Puppelcher ass et schwéier fir hier Kierpertemperatur konstant ze halen. Soulaang se am Bauch waren, huet d’Mamm sech jo dorëm gekëmmert! Si kenne sech jo nach net beweege fir zum Beispill eppes méi unzedoen oder entzwuesch ze goe wou et e bësse méi waarm ass. A verschidde Reflexer, wéi zum Beispill schudderen oder schweessen, sinn nach net ganz entwéckelt.
Fir hier Kierpertemperatur trotzdem genee kennen ze regelen, hun si brongt Fettgewebe hannen am Réck. Et fänkt zum Schluss vun der Schwangerschaft u produzéiert ze ginn a bei der Gebuert mécht dat 2-7% vum Puppelche sengem Gewiicht aus.
Brongt Fettgewebe enthält extrem vill Mitochondrien, eng Zellstruktur déi fir d’Hirstellung vun Energie zoustänneg ass. Déieren déi Wanterschlof halen hunn en ähnlecht Fettgewebe fir sech de Wanter iwwer waarm ze halen a genuch Energie ze hun fir déi liewenswichteg Organer um Lafen ze halen.
Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:
Et ass ëmmer ugeholl ginn dass brongt Fettgewebe just eng temporaire Struktur bei de Puppelcher wier fir hier Kierpertemperatur an deenen éischte Méint ze reguléieren. Virun engem Joer awer huet den Dr Sven Enerbäck vun der Uni vu Göteburg brongt Fettgewebe am Genéck vun Erwuessene fonnt. Zesumme mat zwou aner internationale Fuerschungsequipen gëtt elo gekuckt op een dëst Gewebe kéint als Traitement géint Iwwergewiicht benotzen.
Fuerschung zu Lëtzebuerg:
Thermoregulatioun, also d’Regele vun der Kierpertemperatur, ass em sou méi wichteg wann d’Beweegungsfräiheet ageschränkt ass, wéi zum Beispill bei Leit déi wéinst Lähmungen oder Blessuren am Rollstull setzen. Den Dr Daniel Theisen, an der Tëschenzäit Direkter vum Fuerschungsinstitut fir Sportsmedezin am CRP Santé, huet sech während senger Zäit zu Louvain op der Uni mat deem Thema ausernee gesat.
Texte & Recherches: Corinne Kroemmer
Linken :
Foto ( vum Ildar Sagdejev): http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/f/f1/2003-09-17_Goose_bumps.jpg
Mitochondrien: http://www.mitochondrial.net/
How fat cells work: http://science.howstuffworks.com/environmental/life/human-biology/fat-cell1.htm
Traitement géint Iwwergewiicht: http://www.sciencedirect.com/science/article/pii/S155041311000077X
The skinny on brown fat (Sven Enerbäck): http://www.sciencedaily.com/releases/2010/04/100406125536.htm
Université catholique de Louvain: http://www.uclouvain.be/31415.html
Dr Daniel Theisen: http://www.medecinedusport-chl.lu/Recherche_Publications/Daniel_Theisen/daniel_theisen.html
Fuerschungsinstitut fir Sportsmedezin : http://www.crp-sante.lu/Research-Departments/Public-Health/Sport-Medecine-Research-Laboratory
Quellen:
How stuff works, hypothermia: http://adventure.howstuffworks.com/survival/wilderness/how-to-avoid-hypothermia1.htm
What is piloerection: http://www.wisegeek.com/what-is-piloerection.htm
Vestigial organs not so useless after all: http://news.nationalgeographic.com/news/2009/07/090730-spleen-vestigial-organs_2.html
Body temperature regulation: http://www.birth.com.au/Your-baby-soon-after-birth-what-you-need-to-know/Body-temperature-regulation