Déi komme vun de Fligeren, nee?
Genee! D’Ofgase vun de Fligeren enthale vill Kuelendioxid, mee awer och vill Waasserdamp an e puer Russpartikelen. Well et douewen zimlech kal ass, fréiert de Waasserdamp a sammelt sech rondrëm de Partikelen un. Dofir bilde sech dann esou Sträifen um Himmel!
Wéi kal ass et dann iwwerhaapt do uewen? A wou genee ass „douewen“?
Déi meescht Fligere fléien an der Stratosphär, op mannst 10 km iwwert eise Käpp. An do uewe sinn et schuckeleg -40 bis -60°C. Loftfiichtegkeet kennen se do also keng! De Waasserdamp verwandelt sech direkt an Äis!
Mee ech hunn d’Gefill wéi wann an de leschte Joren ëmmer méi Kondenssträifen do wieren!
Säit 1980 huet de Fluchverkéier sech ver-5-facht! Et sinn an der Teschenzäit also och 5 mol méi Kondenssträifen um Himmel. A wéi laang se halen, dat ka vun e ganze Koup Saachen ofhänken! Du hues jo Zonen an der Stratosphär wou et méi oder manner kal ass oder wou méi oder manner Loftbeweegunge sinn.
Sinn di Kondensstraifen da net schiedlech vir eis ?
Vill méi schiedlech sinn eigentlech d’ Ofgasen beim Start a bei der Landung! Kondenssträifen haten um Himmel e ganz aneren Effekt! Nom 11. September wou keng Fligeren méi geflu sinn, hunn Wëssenschaftler festgestallt, dass d‘ Äerd sech vill méi erhëtzt huet, wéi normal, well di Kondenssträifen, wann déi do sinn, halen se immens vill Sonnenastralung of . Wann also theoretesch keng Fligeren méi do wieren, da wier d‘ Äerderwäermung méi héich!
Zousätzlech Informatiounen:
Fliigeroofgasen - NODEELER
De Fliger verbrauch am meeschte Sprit beim Start a bei der Landung! 70 – 90 % vun den Ofgasen entstinn also ënner 3 km, esou just iwwert eise Käpp. Hei ënnen droen d’Fligerofgase méi zur Loftverschmotzung bäi wéi d’Autosofgasen zum Beispill.
Den Impakt op eis Gesondheet ass vläit fir Verschiddener evident, mee et huet laang gedauert bis een e konnt noweisen. Krankheeten, wéi Kriibs oder Asthma, déi duerch Loftverschmotzung ervirgeruff ginn , sinn näämlech net vill méi heefeg rondrëm Flughäfe wéi soss entzwuesch. Am Géigendeel! Et ginn aner Regiounen op der Welt wou des Krankheeten aus onerkläerleche Grënn immens heefeg sinn. Wéi sech elo erausgestallt huet, ginn des Krankheeten awer duerch Fligerofgasen ausgeléist. D’Ofgasen sammele sech näämlech net rondrëm de Flughäfen un, mee gi mat de Loftstréimungen op der ganzer Welt verdeelt a kennen dofir Leit betrëffen déi iwwerhaapt net bei engem Flughafen oder enger grousser Stat wunnen. Mir an Europa leiden zum Beispill ënnert de Fligerofgasen aus Nordamerika, an d’Inder an d’Chineese leiden ënnert eisem Fluchverkéier!
Fliigeroofgasen - FIRDEELER
Well an der Stratosphär manner Loftstréimunge sinn, sammelen d’Fligerofgasen sech do méi séier un. Well se och net kennen an eng aner atmosphäresch Schicht iwwergoen, hu se och eng Liewensdauer vu bis zu 7 Joer.
Wat engem op den éischte Bléck als Nodeel virkënnt, ass awer eigentlech e Virdeel! De Stéckstoff an den Ofgasen schiermt eis näämlech géint d’Sonnestralen of. Eng Studie huet zum Beispill gewisen dass Hautkriibs manner heefeg a Regioune mat héijem Fluchverkéier virkënnt well d’Kondenssträifen virun UV-Strahlen schützen.
Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:
D’World Meteorological Organization koordinéiert weltwäit d’Fuerschung rondrëm eis Atmosphär an hiren Afloss op d’Klima, d’Ozeanen an d’Waasserreserven. Niewent Beobachtungen an der Entwéckelung vun neien Technologië fir d’Resultater auszewäerten, droen se och dozou bäi dass d’Gesetzer an d‘Politik dem heitege Kontext vum Klimawandel besser ugepasst sinn.
Fuerschung zu Lëtzebuerg:
Och eise Findel interesséiert sech fir den Impakt vun eisem Fligerverkéier op d’Ëmwelt an op d‘Klima, mee awer och fir den Impakt vun eisem Klima op de Fligerverkéier. Et ass de Service météorologique vun der Administration de la navigation aérienne dee sech an dräi verschidden Equipe mat dese Froe beschäftegt: d’Equipe fir Beobachtungen, d’Equipe fir Previsiounen an d’Equipe fir Klimatologie.
Texte & Recherches: Corinne Kroemmer
Linken :
Foto ( vum Joe Thomissen): http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/0/0e/Vapour_trails.jpg
WMO: http://www.wmo.int/pages/about/index_en.html
MET-Service Meteorologique: http://www.ana.public.lu/fr/administration/organisation/met/index.html
Quellen:
Tödliche Flugzeugabgase: http://www.sueddeutsche.de/gesundheit/schadstoffe-auf-weltreise-toedliche-flugzeugabgase-1.1006241
Krebsrisiko durch Flugzeugabgase : http://www.buergerlaerm.at/flugzeugabgase.htm
Chemtrails : http://www.chemtrails-info.de
Flugzeugabgase : http://www.umweltlexikon-online.de/RUBluft/Flugzeugabgase.php