Mat engem Dynamo um Vëlo kritt ee jo ouni Weideres eng Luucht un d’Liichten! Wann een dee Stroum kéint späicheren, kéint een da säin eegene Verbrauch decken?

Dat ass eng gutt Fro! Komm mer huelen emol un, du kéins de Stroum, deen‘s de mam Dynamo hirstells, ouni Verloschter späicheren a benotzen. Wann’s de da moies giffs eng Stonn laang seriö strampelen, dann häss de effektiv genuch Energie fir e puer Spuerluuchten unzemachen an eng Taass Kaffi ze man. Mee fir eng  woodlech Dusch geet et schonn net méi duer!

Wéivill Energie verbrauchen déi Saachen dann?

Wann’s du gutt a Form bass, da kanns du mam Vëlosdynamo an enger Stonn 360 kJ Energie hirstellen. Eng Spuerluucht verbrauch der ongeféier 55, deng Taass Kaffi och. Mee fir eng normal Dusch brauchs de awer schonn 10 mol méi, also 550 kJ Energie.

Ok, moies giff een also mat 2 Stonne pedalléieren iwwert d’Ronne kommen. An Owes? Mat kachen, bësse Fernseh kucken,...

Do gëtt et scho méi sauer!  Do miisst de scho 5 Stonnen pedalléieren. Eleng fir Spaghettien ze kache brauchs de 1400 kJ, fir eng Stonn Fernseh kommen dann nach 550 kJ dobäi.

Also mat 7 Stonne Vëlo kriss de den absolute Minimum hin. Mee a Wierklechkeet verbrauchs de jo awer vill méi!

Eben! Saachen ewéi Heizung, Wäschmaschinn a Spullmaschinn verbrauchen onheemlech vill Energie! Am Duerchschnëtt verbrauch een eleng 8 600 kJ Energie den Dag, also den Equivalent vun 24 Stonne Vëlo!

A mir hu jo och ugeholl dass de de Stroum ouni Verloschter kanns späicheren a benotzen! A Wierklechkeet stëmmt dat jo och net. Do miisst also schonn e ganzt Duerf um Vëlo strampele fir de Verbrauch vun engem Haushalt ze decken!

 

 

Kann e mat engem Vëlosdynamo säin eegene Stroumver