De Mister Science huet eng Äntwert dorobber...
Fangerofdréck gi jo dack benotzt fir een z‘ identifizéieren. Bei der Police zum Beispill. An an de Filmer kritt ee jo och heinsdo de Fanger rofgeschnidde fir dass dee Béise ka mam Ofdrock eng Sécherheetsdier opmaan! Mee eeneeëg Zwillinge miisste jo awer déi selwecht Ofdréck hunn, nee?
Hunn se awer net! Se si bal d’selwecht, a mam blousen A gesäit een den Ënnerscheed mol net ëmmer. Mee hautesdaags ginn déi vu Computerprogrammer analyséiert a mat enger Datebank verglach ... an déi fannen dee klengsten Ënnerscheed!
Dat heescht d’Fangerofdréck sinn net genetesch bedingt? Soss miissten se jo awer déi selwecht hunn!
D’Gene spillen awer eng ganz grouss Roll. Dofir sinn eis zwee Fangerofdréck jo total verschidden, an Zwillingen hir gläiche sech awer vill. Während der Entwéckelung vum Puppelche sinn näämlech nach e ganze Koup Saachen, déi d’Form vun de Fangerofdréck kenne beaflossen. Wéi zum Beispill wann ee Puppelche mat de Fanger oder den Hänn op d’Gebärmutter dréckt. Dofir sinn den Zwillingen hir Fangerofdréck ni genee d’selwecht!
Dann haten se awer Chance! Soss kéint et jo mol virkommen dass ee fir deen aner muss an de Prisong goen. Mee ausser fir eis z‘ identifizéieren ... firwat sinn se eigentlech gudd?
Ah dat ass ëmmer nach e Rätsel! Vill Leit mengen et wier fir méi Gripp beim Upaken ze hunn, sou wéi de Profil vun engem Pneu. Mee dat stemmt awer net! Verschidde Fuerscher mengen dass et d’Haut beschützt, well se méi flexibel ass. Anerer mengen et giff d‘Gefill an de Fangerspëtze verbessert. Mee wéi och ëmmer, an eppes sinn se sech eens: liewenswichteg sinn se sécher net!
Dat ass awer krass! Wann ee bedenkt dass déi 7 Milliarde Mënschen op der Welt, plus nach e puer 100 Milliounen déi virun eis gelieft hunn, all aner Fangerofdréck hunn! An dobäi sinn se fir näischt gudd! J
Zousätzlech Informatiounen:
Et ginn och Leit ouni Fangerofdréck
Dat ass awer éischter selten. Mee d’Fuerscher hu viru kuerzem eng Mutatioun bei de Mënschen entdeckt, bei deier d‘Puppelcher ouni Fangerofdréck op d’Welt kommen. Bis elo hunn se déi Mutatioun awer nëmmen a 5 Familljen op der ganzer Welt fonnt. Dofir sinn d’Fuerscher sech sécher, dass d’Genen ausschlaggebend si fir d’Fangerofdréck. D’Ëmstänn an d‘Beweegungen an der Gebärmutter sinn zweetrangeg a brénge just kleng Verännerunge mat sech.
Kriminell Zwillingen
Ier d’Fangerofdréck am Ufank vum 20ste Jorhonnert hier Plaz an der Forensik fonnt hunn, ass natierlech dack dee falschen Zwilling an de Prisong gewandert! Deemools war d’Identifizéieren op eng Rei physesch Mierkmoler baséiert, wéi zum Beispill d’Gréisst, d’Distanz vum Ielebou bis un d’Spëtzt vum Mëttelfanger, d’Gréisst vum Ouer, an esou weider. Mee domatter ënnerscheed een nun emol keng eeneeëg Zwillingen!
Trotz den DNA-Prouwen vun hautesdaags sinn d’Fangerofdréck nach ëmmer grad esou wichteg. Zwillingen hunn näämlech déi selwecht DNA, mee net déi selwecht Fangerofdréck!
2008 gouf den Donald Smith an Amerika fir de Mord un enger Spillschoulsjoffer verhaft an ugeklot. Obwuel d’Beweiser erdréckent waren, huet hien op seng Onschold bestan. Et goufen eng Rei Zeien, déi hien um Tatort gesinn haten, a seng DNA war iwwerall verbreet! Den Donald huet awer weiderhi behaapt, hie wier onschëlleg, mee vläit hätt säin Zwillingsbrudder eppes domat ze dinn. An tatsächlech: d‘ Fangerofdréck déi se um Tatort fonnt hunn, waren net dem Donald seng, mee sengem Zwillingsbrudder Ronald seng!
Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:
D’Fuerschung rondrëm d’Fangerofdréck ass éischter e klenge Fuerschungsberäich, mee e ganz wichtegen, fir allem fir d’Police. Dofir treffen d’Fuerscher an d’Leit aus forenseschen Policedepartementer vun der ganzer Welt sech regelméisseg fir iwwert hier Projeten ze schwätzen. Zum Beispill um „International Fingerprint Research Group Meeting“ oder um „International Symposium on Fingerprints“ vun Interpol. An et bleiwen nach eng ganz Rei Froen op! Wei zum Beispill: Verännerere Fangerofdréck sech mat der Zäit? Wéi kann ech se analyséieren ouni se ze veränneren oder futti ze man? Wéi een Afloss hu Chemikalien? Veränneren d’Fangerofdréck sech am Laf vum Liewen? Wéien Afloss hunn Drogen a Krankheeten op Fangerofdréck?
Fuerschung zu Lëtzebuerg:
Säit der Entdeckung vun der Struktur vun eiser DNA am Joer 1953 sinn d’Fuerscher domat beschäftegt, fir eis Genen ze studéieren. An zwar net nëmmen hier Sequenz, mee och wéi se eise Kierper an eis Gesondheet beaflossen. Mee am Laf vun de Joren ass et däitlech ginn, dass d’Genen eis net eleng ausman, mee dass nach eng ganz aner Rei vu Faktore matspillen. Saachen ewéi Stress oder Ernierung kennen näämlech beaflossen, wéi e Gene ausgedréckt gëtt a wéi en eis schlussendlech beaflosst! D’Form vun eise Fangerofdréck ass just ee vun dëse Beispiller, wou eist Ëmfeld eis Gene beaflosst. D’Departement „Immunologie“ ass eng Zesummenaarbecht vum CRP-Santé an dem Staatslabo (Laboratoire National de Santé – LNS), ënnert der Leedung vum Dr. Claude Muller. Zesumme mat senger Equipe beschäftegt hie sech mat der Fro, wéi Stress, Ernierung an aner Faktore Gene beaflossen, déi fir eisen Imunsystem zoustänneg sinn. Doduerch wäerten d’Fuerscher verschidde Krankheete besser verstoen, a méi efficace Medikamenter oder Behandelunge kennen entwéckelen.
Texte & Recherches: Corinne Kroemmer
Linken :
Foto : http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/c/c7/Drinking_glass_fingerprint_FTIR.jpg
Gripp beim Upaaken: http://jeb.biologists.org/content/212/13/i.1.full
Donald Smith : http://abcnews.go.com/TheLaw/atlanta-twin-murder-case-echoes-fingerprint-origins/story?id=9909586#.UEMC4MEgeSo
Physesch Mierkmaler zur Identifizéierung : http://criminaljustice.state.ny.us/ojis/history/bert_sys.htm
Mutatioun Fangeroofdréck : http://www.sciencedaily.com/releases/2011/08/110804123904.htm
Department Immunology : http://www.immunology.public.lu/research/Perinatal/index.html
CRP-Santé, Laboratoire Immunologie : http://www.crp-sante.lu/en/Research-Departments/Immunology-Department/Laboratory-of-Immunology
LNS : http://www.lns.public.lu/laboratoire/index.html
International Fingerprint Research Group : http://www.lincoln.ac.uk/fabs/WhatsNew/News%20Archive/Lausanne%20Conference%20July%2009.htm
International Symposium on Fingerprints : http://www.interpol.int/INTERPOL-expertise/Forensics/Fingerprints
Quellen:
One and only you: http://www.newscientist.com/article/dn22108-only-you-11-things-that-make-each-of-us-a-oneoff.html
Twins – Ask a Geneticist : http://genetics.thetech.org/ask/ask68
Forensic biology : http://www.bxscience.edu/publications/forensics/articles/fingerprinting/r-fing01.htm