De Mister Science weess eng Äntwert drop!
Ech huelen emol un dass dat allerklengsten Déier eng Laus oder sou eppes ass. Mee wat ass dann dat klengst Wirbeldéier? Oder Säugedéier?
Et ass emol keng Laus, mee eng Méck aus der Guadeloup! An zwar ass déi en Zéngtel Millimeter grouss! Dat klengst Wirbeldéier ass e Fräsch aus Papua Neu Guinea, dee ganzer 7 Millimeter grouss ass! Dat klengst Säugedéier, eng Spëtzmaus, ass esou guer 4 cm grouss!
Dat ass jo e risen Ënnerscheed tëscht der Méck, dem Fräsch an der Maus!
Eigentlech huet d’Wirbelsail jo d’Entwéckelung vu méi grousse Liewewiesen erméiglecht. Dofir ass et och keng grouss Iwwerraschung dass dat gréissten Déier op der Welt e Wirbeldéier ass, an zwar de Blowal mat 30 Meter.
Mee e klengt Déier brauch jo guer keng esou eng stabil Schankekonstruktioun fir z’iwwerliewen. Dofir ass déi Miniaturwelt vun de Wirbeldéieren och esou faszinéierend fir d’Fuerscher, well se iergendwéi widderspréchlech ass.
Mee d’Säugedéiere si jo awer net grad esou kleng. D‘Spëtzmaus huet 4 cm soss de, nee?
Jo, déi hunn nach d’zousätzlech Erausfuerderung dass se liewegen Nowuess kréien! An da muss jo genuch Plaz bannendra sinn, fir d’Entwéckelung vun deene Klenge bis zum Schluss ze packen! Onendlech schrumpfe kann een se jo och rëm net!
Onendlech net, nee! Mee wat ass dann theoretesch sou dat klengst?
Et ass jo grad d’Wirbelsail, déi vill Plaz ewech hellt. Dofir mengen se, dass dat klengst Wirbeldéier net manner wéi 5 mm kleng ka sinn.
Mee déi Welt vun de Miniatur Wirbeldéieren ass nach zimlech onbekannt! An se fannen och ëmmer nach méi klenger! De Kaarp, dee mat 7,9 mm laang de Rekord gehal huet, ass eréischt virun e puer Joer vun deem klenge Fräsch vu 7 mm vum Podium gehait ginn!
Haart Konkurrenz also! Mee wat d’Déiere méi kleng ginn, wat se och méi schwéier ze fanne sinn, huelen ech un! Ech sinn dann emol gespaant mat wat d’Fuerscher als nächst kommen!
Zousätzlech Informatiounen:
Alldeeglech Erausfuerderunge wann een esou kleng ass:
Kleng sinn ass net ëmmer einfach! Dann ass näämlech d’Iwwerfläch vun der Haut immens grouss, verglach mam Kierpervolumen. Doduerch verléiert de Kierper vill Hëtzt a Fiichtegkeet.
Kleng gläichwarm Déieren (Warmblüter), also Déieren déi eng konstant Kierpertemperatur hun wéi Villercher oder Säugedéieren, verbrauchen dee gréissten Deel vum Dag mat friessen. Soss hunn se näämlech net genuch Energie fir hier Kierpertemperatur bäizebehalen.
Wiesselwarm Déieren (Kaltblüter), also Déieren deenen hier Kierpertemperatur sech der Aussentemperatur upasst, hunn dee Problem jo net. Mee fir kleng Amphibië stellt sech awer zum Beispill de Problem vum Waasserverloscht. Déi mussen dofir oppassen, dass de permanent am fiichte Gras setzen.
D’Gewënner aus der Miniaturwelt vun de Wirbeldéieren:
Fësch: Kaarp aus Sumatra, Indonesien – 7,7 mm
Amphibie: Fräsch aus Papua Neu Guinea – 7 mm
Reptil: Gecko Brookesia minima – 14 mm
Vull: Beienelf Mellisuga helenae – 30 mm
Säugedéier: Etruskerspatzmaus Suncus etruscus– 40 mm
Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:
D’Welt vun de Miniatur Wirbeldéieren ass net déi eenzeg, déi nach gréisstendeels onerfuerscht ass. D’Ozeane, besonnesch ab enger bestëmmten Déift, biergen op mannst grad esouvill Geheimnisser.
“Tara Expeditions“, eng franséisch Associatioun déi sech fir d’Ëmwelt asetzt, huet 2009 en neie Projet op d’Been gesat: „Tara Oceans“. Mat engem Schëff huet eng Equipe Fuerscher während 3 Joer den Tur duerch eis Mierer gemaach a Waasserprouwen aus alle Géigenden an Déifte gesammelt. Resultat: 1,5 Milliounen neie Liewewiesen. Dorënner kleng Quallen, Scampien a Wierm, déi eis bis haut komplett onbekannt waren.
Leider hunn se donieft awer och Dausenden an Dausende vu Platikstécker pro Quadratkilometer fonnt. Esou guer an deene verstopptesten Ecker, wou bis elo gemengt ginn ass dass de Mënsch kee groussen Afloss op den Ekosystem hätt.
Fuerschung zu Lëtzebuerg:
Et stellt sech natierlech d’Fro, firwat esou kleng Wirbeldéieren sech iwwerhaapt entwéckelt hunn. De Fuerscher hier Hypothese berout um Prinzip, dass sech eng ekologesch Nisch rondrëm de klengen Insekte gebilt huet, déi vu soss kengem gefriess ginn. Well d’Natur sech duerch de mënschlechen Afloss an de Klimawandel esou séier verännert, mengen d’Fuerscher dass nei Déierenarten et ëmmer méi schwéier hunn, fir sech duerchzesetzen an ze iwwerliewen. Dofir kéinten déi nei Liewensformen ëmmer méi un d’Extremer réckele goen, an zum Beispill ëmmer méi kleng ginn.
Mee déi séier Verännerung vun der Natur huet awer natierlech och Nodeeler an dréit zum Verschwannen oder Ausstierwe vu villen Déierenarten. Dofir schafft den Naturministère mat der europäescher Emweltagence zesummen, fir d’Natur an d’Biodiversitéit zu Lëtzebuerg ze schützen. Den Naturmusée mécht regelméisseg Bestandsopnamen ënnert der Leedung vum Guy Colling, fir verschidde bedroten Déieren ze schützen ier et ze spéit ass.
Texte & Recherches: Corinne Kroemmer
Linken :
Foto (Rittmeyer EN, Allison A, Gründler MC, Thompson DK, Austin CC) : http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/e/e4/Paratype_of_Paedophryne_amauensis_%28LSUMZ_95004%29.png
Tara Expeditions: http://arctic.taraexpeditions.org/en/index.php?id_page=1
Tara Oceans : http://oceans.taraexpeditions.org/en/about-us/tara-expeditions.php?id_page=17
Discovery 1,5 million new species : http://www.dailymail.co.uk/sciencetech/article-2208811/Research-ship-discovers-1-5-MILLION-new-species-health-check-worlds-oceans.html
Research vessel (video) : http://www.globalnews.ca/video/research+vessel+uncovers+thousands+of+new+species+in+oceans/video.html?v=2284397632#world
Europäesch Emweltagence : http://www.eea.europa.eu/soer/countries/lu/soertopic_view?topic=biodiversity
Naturministère: http://www.environnement.public.lu/conserv_nature/dossiers/PNPN/index.html
Guy Colling, rout Lëscht : http://ps.mnhn.lu/recherche/redbook/vascplants/default.htm
Quellen:
Discovery of the world’s smallest vertabrate: http://www.plosone.org/article/info%3Adoi%2F10.1371%2Fjournal.pone.0029797
World’s smallest frog: http://www.timeforkids.com/news/world%E2%80%99s-smallest-frog/26371
Tiny frog is world’s smallest vertebrate : http://www.newscientist.com/blogs/shortsharpscience/2012/01/tiny-frog-is-worlds-smallest-v.html