De Mister Science huet eng Äntwert dorobber...

Domat kritt ee jo eigentlech ruck zuck e Feier aus. Mee wat ass dat iwwerhaapt fir e Schaum deen een do sprëtzt?

Dat hängt vum Feierlächer of. Do ginn et 3 Zorten. Déi eng sprëtzen e Gas, Kuelendioxid, an déi aner entweder Waasser oder e Pudder, wat ähnlech ass wéi Bakpolver.

Waasser ass jo logesch. Mee wéi kann een da mat Kuelendioxid oder Bakpolver e Feier läschen?

Fir dass eppes brennt, brauch een eng Hëtztquell a Sauerstoff! D’Hëtztquell kann e Fonke sinn, oder staark Sonnestralen zum Beispill. Sauerstoff ass an der Loft, deen ass also automatesch do. Fir d’Feier ze läschen, muss een also entweder d’Hëtzt oder de Sauerstoff ewech huelen.

An ech huelen emol un dass d’Waasser de ganze Buttek ofkillt.

Genee. A mam Kuelendioxid kann een dem Feier de Sauerstoff ewech huelen. Deen ass näämlech méi schwéier wéi de Sauerstoff a verdrängt dee rondrëm der Hëtztquell. Et erstéckt een d’Flam also, an d’Feier geet aus.

Et kann een also direkt Kuelendioxid op d’Feier sprëtzen, oder et kann een eppes wéi Bakpolver huelen. Wann dat näämlech verbrennt, dann entsteet och Kuelendioxid. Et ass also dee selwechte Prinzip.

A wéie Feierlächer funktionéiert dann am beschten?

Dat hängt dovun of wat brennt! Waasser ass zimlech praktesch, ausser wann et eng Flëssegkeet ass déi brennt, wéi Benzin zum Beispill. Da verdënnen ech de Benzin just a kann nach méi eng grouss Iwwerfläsch ustiechen. Meeschtens huet een dofir doheem oder am Auto e Feierlächer, deen direkt Kuelendioxid sprëtzt.

A falls ee kee bei Hand huet, da kann ee sech och selwer e bastelen. De Mister Science erkläert eis op sengem Website, wéi een dat genee mécht. Mee wann d’Feier natierlech ze grouss ass, huet ee besser et bréngt ee sech a Sécherheet a rifft d’Pompjeeën!

 

 

Wei fonktioneiert e Feierlaescher

 

Zousätzlech Informatiounen:

Wéi funktionéiert e Feierlächer bannendran:

E Feierlächer steet ëmmer ënner Drock. De Grëff ass mat engem klenge Stab geséchert, deen een also als éischt muss säitlech erauszéien. Soubal ee richteg op d’Feier zielt, kann een de Grëff erofdrécken. Doduerch geet bannendran eng kleng Klapp zum Haaptbehälter op, an den Inhalt gëtt ënner Drock erausgesprëtzt. Am beschte soll een ëmmer op d’Feierquell zielen, an net op d’Flamen.

Waasser oder Schaum (Bakpolver):  De Behälter ass nëmmen zum Deel mat Waasser oder Schaum gefëllt. Ausserdeem huet e bannendran nach e klengen Drockbehälter, dee mat engem Gas gefëllt ass. Soubal ech de Grëff erofdrécken, picken ech den Drockbehälter op. Deen ieweschten Deel vum Behälter, deen net mat Waasser oder Schaum gefëllt war, fëllt sech also mat dem Gas, deen ënner Drock stoung. Dofir gëtt d’Waasser  oder de Schaum verdrängt, a sprëtzt mat Drock aus dem Schlauch.

Kuelendioxid: Deen huet just ee Behälter, dee mat Kuelendioxid gefëllt ass, dee fuerchtbar ënner Drock steet. Soubal ech also de Grëff erofdrécken, geet d’Klapp fir an de Schlauch op. De Kuelendioxid kennt also vum selwen ënner Drock erausgesprëtzt.

Doheem selwer e Feierläscher bastelen (ënnert der Opsiicht vun engem Erwuessenen!!):

Dofir brauch een:

-          eng eidel Plastiksfläsch

-          Waasser

-          Esseg

-          Bakpolver

-          e bësse Frischhaltefolie

-          eng Nol

An esou geet et:

D’Plastiksfläsch hallef mat Waasser fëllen, an zu ¼ mat Esseg, sou dass se zu ¼ eidel bleift.

Dann e bësse Frischhaltefolie an d’Ëffnung stoppen, am beschte mat enger klenger Muld. Do kommen dann 2 Téiläffele Bakpolver dran. Et muss een awer oppassen dass d’Bakpolver schéin uewendrop léie bléift a sech nach net mat der Waasser-Esseg Léisung vermëscht. D’Fläsch gëtt da mam Stopp zougemaach.

Wann ee prett ass, rëselt een d’Fläsch hefteg während e puer Sekonnen. Da pickt ee mat der Nol e Lach dran an zielt domat op d’Feier. Et voilà!

Opgepasst: Wann et wierklech brennt, huet een net onbedingt Zäit fir nach selwer e Feierlächer ze bauen! Also keng wäertvoll Zäit verléieren a sech léiwer a Sécherheet bréngen!

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:

Fir Féierlächer, oder méi grousst Lächmaterial vun de Pompjeeën,  ze testen an ze entwéckelen, ass natierlech net esou einfach. Do ginn et immens vill Sécherheetsnormen ze respektéieren, eleng nëmme fir Experimenter kennen duerchzeféieren.

An Indien gëtt et säit 2005 e Labo, den „Fire Test & Research Laboratory”, deen alles un Infrastruktur a Sécherheet bidd, fir mat Feier ze schaffen - sief et fir neit Material, nei Chemikalien oder nei Lächmethoden ze testen.

Fuerschung zu Lëtzebuerg:

Fir Feier efficace ze bekämpfe brauch een natierlech gudd Material a Methoden. Mee dack ass et och eng Fro vun der Zäit, bis e Feier ze grouss gëtt fir et selwer ze läschen, oder bis et komplett ausser Kontroll geréit a Mënscheliewen a Gefor bréngt.

Den Aurel Machalek vun der Uni Lëtzebuerg schafft dofir mat engem europäsche Konsortium zesummen, fir de Kommunikationssystem tëscht de Pompjeeën, der Police, den Dokteren a.s.w. ze verbessere fir wäertvoll Zäit ze gewannen. Bis elo huet näämlech all Land säin eegene System, deen net ëmmer mat deem vun deenen aner Länner kompatibel ass.

Vum 25-28 September 2012 ass dëse Projet, FREESIC, op enger Konferenz zu Essen virgestallt ginn (Security Research meets Industry).

 

Texte & Recherches: Corinne Kroemmer

 

Linken :

Foto : http://polpix.sueddeutsche.com/polopoly_fs/1.1239551.1324373498!/image/image.jpg_gen/derivatives/900x600/image.jpg

Fire Test & Research Laboratory: http://www.ftrl.in/index.php

FREESIC: http://www.alphagalileo.org/ViewItem.aspx?ItemId=124378&CultureCode=en

Aurel Machalek: http://wwwen.uni.lu/snt/news_events/new_snt_member_aurel_machalek

Uni Lëtzebuerg : http://wwwen.uni.lu/snt 

 

Quellen:

How fire extinguishers work : http://home.howstuffworks.com/home-improvement/household-safety/fire/fire-extinguisher2.htm

Schols education team : how extinguishers work : http://www.hantsfire.gov.uk/kidzone/learn/howitworks/extinguishers.htm

How to make a powerfull fire extinguisher that puts out most fires: http://www.youtube.com/watch?v=NX7HTEVeM9E