De Mister Science weess et...

Vill Leit déi wëllen ofhuelen kreien gesoot datt een owes net ze speit soll iessen well ee soss alles usetzt. Stëmmt dat eigentlech?

Dat kann een zimlech secher matt „Nee“ beäntwerten. An dat beschte Geigebeispill ass dat a verschiddene Länner oder Kulturen d’Leit ëmmer méi spéit iessen, an trotzdem am Duerchschnëtt net méi schwéier sinn wéi mir! Bis elo huet nach keen en direkten Zesummenhang tëscht dem Kierpergewiicht an dem Zäitpunkt vun dengem Owesiesse bewisen.

Mee do sinn et anscheinend awer vill Studien déi dat behaapten !

Nee, d’Studie behaapten dat net, mee just d’Leit déi se liesen a falsch verstinn! Déi Studie sinn näämlech oft ze komplex fir an engem kuerze Artikel ze erklären! Wann een do ee Resultat aus sengem Kontext hëllt, kann een et séier mol falsch interpretéieren. A wanns een et dann nach un d’grouss Klack hängt, da kann esou ee Mythos entstoen. Bei där Studie, déi ëmmer zitéiert gett, spillen näämlech niewt dem „spéit iessen“ nach e ganze Koup aner Saache mat, déi och en Impakt op d’Gewiicht kinnten hunn.

Wat dann zum Beispill?

Ma oft ass de Grond firwat ee spéit ësst jo deen, datt e midd a gestresst ass. Konsequenz: et ësst een komplet onbewosst. Wann een dann nach virun der Tëlee ësst, mierkt een net datt ee scho laang genuch huet. A bei mir ass et och sou dat ech, wann ech owes speit iessen, oft fuerchtbaren Honger an dann ze séier iessen an doduerch och rem zefill iessen.

A bei de Leit am Süden? As dat do anescht?

Dat kanns de am Fong guer net mat eis vergläichen, well et an hierem Liewensrhythmus dran ass fir owes z‘iessen. Si hunn och net aussergewéinlechen Honger bis dohin, an iessen dann eng ganz normal Portioun an halen op, wann se de Bauch voll hunn!

Dat heescht soulaang‘s de also eng normal Portioun ess, ass et quiitschegal, wéi spéit et ass! A fir net bäizehuelen, ass et méi wichteg fir einfach gesond an ausgeglach ze liewen! 

Hellt ee bäi wann een Owes méi spéit ësst

 

Zousätzlech Informatiounen:

Kierpergewiicht a Schlofmangel

Leit déi ënner Schlofmangel leiden, oder en ongeregelte Schlofrhythmus hunn (moies ganz spéit opstoen an owes ganz spéit schlofe goen), sinn am Duerchschnëtt méi schwéier. Dat läit awer net drun, dass si Owes méi spéit zu Nuecht iessen oder matten an der Nuecht e klenge Snack an de Frigo siche ginn! De Problem ass näämlech, dass hiren hormonellen Haushalt am Kierper op der Kopp ass!

Wann ee manner wéi 6 Stonnen d’Nuecht schléift, da fänkt een u méi Ghreline ze produzéieren (Hormon wat Hongergefill ausléist) a manner Leptine (Hormon wat Sättegungsgefill ausléist). Iwwer laang Dauer hellt een also bäi well een zevill ësst. Dobäi kennt dann och nach, dass de Metabolismus an deem Fall lues a lues ophëlt. Et verbrennt een also manner Kalorië während dem Dag. Dofir kéint ee roueg méi kleng Portiounen iessen, mee well den hormonellen Haushalt op der Kopp ass, huet een éischter d’Tendenz fir méi grouss Portiounen z’iessen. Resultat: et hellt ee bäi!

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:

Obwuel Schlof liewenswichteg fir de mënschleche Kierper ass, ass nach net genee gewosst wat iwwerhaapt während dem Schlof geschitt! Studien iwwert d’Gehiraktivitéit ginn et réischt säit de 50er Joren an et gëtt nach villes ze entdecken, zëmools iwwer Schlofmangel, Schlofwandelen an aner Schlofkrankheeten.

D’ESRS (European Sleep Research Society – Sleep Research and Sleep Medicine in Europe) finanzéiert dofir eng Rei Fuerschungsprojet’en an deem Beräich, fördert d’Kommunikatioun souwuel tëscht de Fuerscher an Dokteren, mee och tëscht de Wëssenschaftler an der Allgemengheet. Si publizéieren och e Journal (Journal of Sleep Research), deen all d’Publikatiounen aus deem Beräich enthält. Säit kuerzem organiséieren se och international Konferenzen (Sleep and Breathing) fir d’Zesummenaarbecht tëscht de Wëssenschaftler ze vereinfachen. Op där nächster Konferenz 2013 zu Berlin wäert och den Zesummenhang tëscht Schlofkrankheeten an Iwwergewiicht um Programm stoen!

Fuerschung zu Lëtzebuerg:

Och zu Lëtzebuerg ass Iwwergewiicht e grousst Thema. Laut enger Studie vun der OECD 2010, hunn 20% vun alle Jonken an Erwuessene Schwéiergewiicht, an 35% Iwwergewiicht. Iwwer d’Halschent vun de Leit hunn also mat hirem Gewiicht ze kämpfen, an dat läit däitlech iwwert dem europäeschen Duerchschnëtt!

Mee och Kanner sinn net verschount, a leiden ënnert de gesondheetleche Konsequenze vun Iwwergewiicht (Häerzkrankheeten, Kreeslafproblemer, Zockerkrankheet an esou weider). De CRP Santé huet dofir e Fuerschungsprojet an d’Liewe geruff fir zwou Behandelungsmethoden ze testen an ze vergläichen. Déi éischt gëtt et scho méi laang zu Lëtzebuerg, a verbënnt eng medezinesch Behandlung mat Ernährungsberoodung a psychologescher Ënnerstëtzung. Déi zweet ass vill méi komplex a verbënnt méi verschidde Behandelungen, wéi zum Beispill medezinesch Iwwerwaachung, Kuren iwwer Ernährung, Sport, psychologesch Ënnerstëtzung an d’Begleedung vun den Elteren.

Texte: Corinne Kroemmer & Joseph Rodesch  Recherches: Corinne Kroemmer

 

 

Linken :

Foto: http://commons.wikimedia.org/wiki/File%3AVeggie_burger_flickr_user_bradleyj_creative_commons.jpg

Sleep and Breathing Konferenz: http://www.sleepandbreathing.org/

CRP-Santé Fuerschungsprojet: http://www.crp-sante.lu/News/Obesity-and-Overweight-among-Children-in-Luxemburg

Studie OECD : http://www.oecd-ilibrary.org/sites/factbook-2010-en/11/01/03/index.html?contentType=&itemId=/content/chapter/factbook-2010-87-en&containerItemId=/content/serial/18147364&accessItemIds=&mimeType=text/html

ESRS: http://www.esrs.eu/esrs/about-us.html

Quellen:

Does sleeping after a meal lead to weight gain? http://www.scientificamerican.com/article.cfm?id=experts-sleep-after-meal-weight

Sleeping late, eating late leads to gaining weight: http://www.huffingtonpost.com/dr-michael-j-breus/late-sleeping-eating-weight_b_1118317.html

Role of sleep timing in caloric intake and BMI: http://www.ncbi.nlm.nih.gov/pubmed/21527892