© Rob Bulmahn
De Mister Science huet eng Äntwert drop!
An den Action-Filmer gesäit een dat jo emmer! Wann den Held bei voller Vitesse d’Autosdier opmécht an erausspréngt! Mol dovun ofgesinn dass d‘Landung wahrscheinlech zimlech wéi deet, kritt ee bei voller Fahrt iwwerhaapt d’Dier op?
Dat hänkt natierlech dovun of, wéi séier dass de fiers, wéi grouss deng Dier ass, an och wéi staark dass du bass! Bei 100 km/h kriss de se nach op, mä du muss dech awer scho kräfteg ustrengen.
Wéi fest miist ech dann do widdert d’Dir drécken?
Eng normal Autosdier huet eng Fläch vun ongeféier 1 Quadratmeter. Fir dem Loftwidderstand bei 100 km/h entgéint ze wierken, miist de esou fest widdert d’Dir drécken, wéi wann se 60 kg giff weien. Fir en Actionheld ass dat also nach ze man. Mee ab 100 km/h gëtt et séier méi schwéier! Wann deng Geschwindegkeet sech verduebelt, dann muss de d’Kraaft nämlech vervéierfachen! Op der Autobunn bei 130 km/h wier et dofir wéi wann’s de 101 kg miist drécken!
A bei 50 km/h wier et just .... wéi 15 kg?
Genee!
Dat miist ech jo awer och hikréien?
Jo! Wann’s de just mat 50 fiers, da giffs de d’Dir ouni Problem opkréien! Pass awer op, well d’Dir knuppt jo zou, soubals de se lass léiss! Dee Moment wou‘s de spréngs, muss de also oppassen dass de net an der Dir agequestscht gëss!
An d’Landung ass bestëmmt och net ganz agreabel!
Wahrscheinlech net! Well wann den Auto mat 50 km/h fiert, da beweegs du dech jo och mat 50 km/h par Rapport zum Buedem! Du giffs also baal 80 m wäit rulle bis de zum Stëllstand giffs kommen!
Dann iwwerloosse mer dat léiwer den Hollywood-Staren a Stuntmen! Probéiert et léiwer net aus, et si scho vill Leit esou ëmkomm!
Zousätzlech Informatiounen:
Drang fir aus dem Auto ze sprangen
Verschidde Leit verspieren heiansdo den Drang, fir bei voller Fahrt aus dem Auto, vun enger Bréck oder engem héije Gebai ze sprangen. Obwuel se sech eigentlech net wëllen ëmbréngen oder sech wéidoen, froen se sech awer : wat wier wann!
Während laangem ass dësen Drang als e Symptom fir Depressiounen ugesi ginn. E Beweis, dass et engem net gutt geet, och wann ee sech dees net bewosst ass.
Eng nei Studie vun 2011 weist awer dass dat esou guer net stëmmt! Bal jiddereen huet heiansdo esou Gedanken: Wat wier wann ech elo giff virun den Zuch sprangen? Wéi e Gefill wier et fir elo hei vun der Bréck ze sprangen? Mee laut dëser Studie sinn dës Gedanke KEEN Beweis fir Selbstmordgedanken an Depressiounen, ganz am Géigendeel! Doduerch dass ee sech bewosst mat enger Gefor ausernee setzt, giff ee sech dem Liewe méi bewosst ginn. Eise Kierper mengt eng Gefor ze erkennen, obwuel mer a Sécherheet sinn, a reagéiert dorop. Mee esou laang mer den Ënnerscheed man tëscht enger wierklecher Gefor an engem Drang fir eng Gefor anzegoen, brauch een näischt ze fäerten.
Dat hei ass just ee Beispill vun engem Verhalen, dat mer eis schwéier kennen erklären. Mee d’Psychologen interesséiere sech ëmmer méi fir dës Themen, fir enges Daags kenne Symptomer fir Depressiounen a Selbstmord besser ze erkennen an ze behandelen.
Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:
Wann den Auto also mat 130 km/h op der Autobunn fiert, da wier dat wéi wann e permanent giff 100 Kilo viru sech weiderdrécken. Fir déi Energie opzebréngen, verbrauch den Auto bis zu 70 % vum Benzin.
Dofir entwéckelt de Livermore Laboratory zum Beispill innovativ Methoden, fir grouss Autoen, Camionen, Bussen an Zich méi aérodynamesch ze man, fir Benzin ze spueren. Mat Hëllef vu Wandtunnellen analyséiere si wéi d’Loft am beschte rondrëm den Auto fléisst, sou dass den Auto net gebremst gëtt. An als Bonus probéieren se och nach erauszefannen, wéi een de Loftstroum kann ëmleede, fir dass en den Auto esouguer vun hannen „dréckt“.
Fuerschung zu Lëtzebuerg:
Fir de Loftstroum besser ze verstoen, probéiert d’Fuerschungsunitéit fir Mathematik vun der Uni Lëtzebuerg fir geometresch Methoden ze entwéckelen, fir de Loftstroum besser ze verstoen an ze modeliséieren. Nëmmen esou kann en och herno an der Industrie richteg agesat ginn.
Texte & Recherches: Corinne Kroemmer
Linken :
Foto (vum Rob Bulmahn) : http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/b/b9/Aerodynamics_of_model_car.jpg
Studie vun 2011: urge to jump out of moving car: http://cpnp.org/resource/shared/syndicated/88955-urge-jump-affirms-urge-live-empirical-examination-high-place
Wandtunnel: http://www.autoevolution.com/news/automotive-wind-tunnels-making-aerodynamic-cars-23250.html
Livermore Energy Research: https://energy.llnl.gov/aero.php
Fuerschungsunitéit Mathematik: http://wwwfr.uni.lu/recherche/fstc/mathematics_research_unit
Quellen:
Kopfball: http://www.wdr.de/tv/kopfball/sendungsbeitraege/2012/0325/autotuer.jsp
Man dies after jumping out of a moving car: http://www.nj.com/news/index.ssf/2012/06/ridgewood_man_dies_after_jumpi.html
How to jump from a moving car: http://www.wikihow.com/Jump-from-a-Moving-Car
Urge to jump out of moving car: http://bodyodd.nbcnews.com/_news/2012/03/13/10657767-that-weird-urge-to-jump-off-a-bridge-explained?lite