© Victor Bezrukov
De Mister Science huet e puer Theorien!
Et gëtt ee jo quasi magesch vun Horrorfilmer ugezunn! Se si grausam, et kritt een Angscht, et fillt ee sech onwuel, an trotzdem kuckt ee weider! Wisou di mer eis dat eigentlech un?
Dat ass eng gudd Fro! D’Fuerscher si sech och nach net ganz sécher, firwat mer vu Gewalt a Blutt esou ugezu sinn. Mee logesch ass et op kee Fall! Iergendwéi si mer frou wa mer eis onwuel fillen an Angscht hunn. Dofir schwätzen d’Fuerscher vum „Horror Paradox“.
Kann et dann net sinn dat mer dat just gär kucken, well mer wëssen dass eis näischt geschitt?
Nee. Eist Gehir kann den Ënnerscheed näämlech net tëscht Wierklechkeet a Film man. Dofir reagéiert eise Kierper ëmmer d’selwecht: eis Häerzfrequenz geet an d’Luucht, eis Hänn gi schweesseg a kal, d‘Muskele verkrampfe sech a de Bluttdrock geet an d’Luucht. Egal op d’Gefor real oder irreal ass.
Iergend e Grond muss et jo awer ginn dass mer eis dat undinn?
Jo. Eng ganz Rei Fuerscher mengen dass dat eng Reaktioun ass, déi mer eise Virfahren am Steenzäitalter nach ze verdanken hunn. Fir z’iwwerliewen, huet déi sech jo misse grousse Geforen aussetzen, wéi Stierm oder well Déieren. A fir d’Mënschen ze motivéiere fir sech de Geforen ze stellen, produzéiert eise Kierper Adrenalin.
Ah! Dann ass et den Adrenalin-Rush dee mer eigentlech sichen!
Enner anerem! Duerch deen Adrenalin-Rush spiere mer eis gudd, trotz der Gefor, mee et gëtt och nach Dopamin fräigesat. An dee léist de Belounungs-Reflex aus. Wa mer eis der geféierlecher Gefor erfollegräich gestallt hunn, da si mer euphoresch vu Freet, an eist Gehir seet: „Ei, nach!“
Ui, da si mer awer a verschiddenen Hisiichten a punkto Entwéckelung nach e bëssen hannendran! De Stephen King, de Meeschter vun den Horrorgeschichten, huet awer e bëssen eng aner Astellung dozou! De Mister Science verréit eis méi doriwwer op eldo.lu.
Zousätzlech Informatiounen:
Aner Theorie fir den Horror Paradox ze erklären:
Ween ass schonn net heinsdo fuerchtbar generft an e bëssen aggressiv? Dack knuppe mer dann d’Dieren zou, oder mer jäizen d’Leit un. Laut dem Stephen King giffe fiktiv Gewaltszenen eis hëllefen, fir eis eegen Aggressiounen an negativ Gefiller lass ze ginn, ouni engem aner ze schueden.
Fuerscher déi sech mat Gewalt an de Medie beschäftegen, mierken awer éischter de Géigendeel: Leit, déi vill Horrorfilmer kucken, ginn och am richtege Liewe méi aggressiv, an iwwerreagéieren dack.
Statistik
Eng Theorie ass jo, dass mer eng Sucht no deem Gefill vun Euphorie kréien, wa mer eng Gefor gemeeschtert hunn. A verschidde Kulture sinn d’Jonge vu klengem un trainéiert ginn, fir sech Geforen ze stellen, an sech duerno féieren ze loossen. Während engem Iwwergangsritual, wou de Jong sech enger Gefor muss stellen an se meeschteren, gëtt de Jong zum Mann an hellt seng Plaz an der Gesellschaft an.
Laut deier Theorie wieren et hautesdaags also éischter Jongen a Männer, déi gär Horrorfilmer kucken. An tatsächlech: laut de Statistike sinn et méi Männer. Frae kucke léiwer Komödien a Liebesfilmer, oder eventuell witzeg Horrorfilmer. Déi meescht Horrorfilmer ginn och vu Männer produzéiert! Réischt an deene leschte Jore sinn et ëmmer méi Fraen déi och Horrorfilmer kucke ginn. Firwat ass awer nach net gewosst.
Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:
Eist eegent Behuelen ass net ëmmer einfach ze verstoen oder nozevollzéien. Dack sinn eis Entscheedungen och impulsiv an net ëmmer rational.
Et gi Krankheeten, déi eist Behuele beaflossen oder veränneren. Hyperaktiv Kanner (2-5% vun alle Kanner) reagéieren zum Beispill anescht a verschidde Situatiounen. Wann een déi Reaktioune besser kennt a versteet, da kann een d’Kanner natierlech och besser an hirer Entwéckelung begleeden.
Fuerschung zu Lëtzebuerg:
Och zu Lëtzebuerg gëtt d’Thema „Gewalt an de Medien“ grouss geschriwwen! Eng Rei Fuerscher vum Campus Walfer schaffen dofir un engem europäesche Projet „ EU Kids Online“ mat. Den André Melzer, Prof fir Media Psychologie a Sozial Psychologie um Campus Walfer, beschäftegt sech an deem Kader mat der Fro, firwat mer en Drang dofir hunn, Gewalt an de Medien ze kucken (Horrorfilmer, Videoe mat Accidenter, Videosspiller). Doriwwer eraus interesséiert en sech och fir den Afloss vu Gewalt an de Medien op eist Behuelen, eis Aktiounen an eis Gefiller.
Psychologe sinn awer net déi eenzeg déi sech fir eist Behuelen interesséieren. Op der Uni Lëtzebuerg, am Departement fir „Behavioral Finance“, probéieren d’Economisten eist Behuelen a punkto Investissementer besser ze verstoen. Si wëllen esou erausfanne wat eis zu bestëmmten Entscheedunge féiert, wéi besser Modeller kennen opzestellen.
Texte & Recherches: Corinne Kroemmer
Linken :
Foto ( vum Victor Bezrukov): http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/a/a1/Scared_Girl.jpg
Hyperaktiv Kanner: http://www.aboutourkids.org/research/institutes_programs/institute_attention_deficit_hyperactivity_behavior_disorders
Behavioral Finance: http://wwwen.uni.lu/recherche/fdef/luxembourg_school_of_finance_research_in_finance/behavioral_finance
EU Kids Online: http://www2.lse.ac.uk/media@lse/research/EUKidsOnline/ParticipatingCountries/Luxembourg.aspx
André Melzer: http://wwwfr.uni.lu/recherche/flshase/inside/people/andre_melzer
Media Violence linked to aggression: http://psychcentral.com/news/2008/11/20/media-violence-linked-to-aggression/3379.html
Quellen:
Why we love scary movies: http://www.webmd.com/mental-health/features/why-we-love-scary-movies?page=3
Enjoy being scared: http://www.sciencedaily.com/releases/2007/07/070725152040.htm
Why do people watch horror films: http://www.accessscience.com/studycenter.aspx?main=18&questionID=5338