De Mister Science erklärt eis dat Phänomen!
Also ech kennen dat jo och hei vum Radio, et ass wierklech gehierlos wéivill Reklammen hei lafen. Ech hu se nach net gezielt, mee wéivill sinn et der dann eigentlech?
Dat hängt natierlech vill vun dengem Alldag oof. Wann’s de vill Telé kucks, vill um Internet bass oder vill ennerwee bass, da kennen dat schon e puer Dausend sinn!
E puer Dausend? Dat sinn der awer iwwerdriwwe vill! Déi gesinn ech elo awer net prop Dag?!
Do gëtt et e ganzt Fuerschungsfeld, wat sech genee mat deem Thema beschäftegt, an zwar d’Psychologie vun de Reklammen! D’Psychologe schwätzen do vun zwou „Zorte“ vu Reklammen: déi eng probéieren eis „direkt“ vun engem Produkt ze iwwerzeegen, an déi aner „indirekt“.
Hmmm, do muss de awer elo schon e bessen erklären...
Bei „direkte“ Reklammen gëtt un eis Logik appeléiert a mir gi mat techneschen oder wëssenschaftleche Fakte bombardéiert. Déi Reklamme sinn dack fir Produkter, wou ee schon e bessen iwwerleet ier een se keeft, wéi zum Beispill en Auto, e Computer oder Kosmetikprodukter dennen ee soll trei bleiwen.
Dat klengt jo awer zimlech logesch als Approche...
Jo, mee d’Psychologen hunn awer eraus fonnt, dass se bei méi gängeg Produkter, wéi zum Beispill Iesswueren, Spillsaachen oder Moudenartikelen net funktionnéiert. Do gëtt éischter déi „indirekt“ Approche ugewand. Et geet manner em de Produkt, mee du gess mat bestemmte Faarwen, Symboler an Emotioune bombardéiert, déi dech dann herno am Buttik onbewosst beaflossen!
Ah, an dofir gräife mer dann herno am Buttik spontan no engem Produkt, och wa mer eis guer net richteg kennen un d’Reklamm erenneren! Hui, mir ass et zwar net ganz geheier, wéi mer do manipuléiert ginn!
Texte & Recherches: Corinne Kroemmer
Linken :
Foto (vum JohnKolter) : http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/ba/Times_Square_New_York_At_Dusk.jpg/800px-Times_Square_New_York_At_Dusk.jpg
Quellen:
The psychology of advertising: http://psychcentral.com/blog/archives/2011/02/15/the-psychology-of-advertising/
Psychology and advertising: http://www.youtube.com/watch?v=EC7VLjIw8hY
Shopper’s eye view of ads that pass us by: http://www.guardian.co.uk/media/2005/nov/19/advertising.marketingandpr