De Mister Science erkläert eis dat!

Eis An si jo permanent naass! A soubal se ausdréchnen, fänken se u wéi ze doen. Déi Tréineflëssegkeet schéngt also wichteg ze sinn, mee firwat ass se iwwerhaapt gudd?

Tréineflëssegkeet huet e ganze Koup Aufgaben! Si schützt zum Beispill d’Hornhaut géint d’Reiwunge vum Andeckel. An se hëlleft, fir d’An propper a gesond ze halen. Stëbs, Dreck, Bakterien, Pollen oder Chemikalië ginn einfach erausgewäsch!

A firwat kräischen ech da wann ech traureg sinn? Dat huet jo dann awer näischt domat ze dinn!

Dat ass nach e bëssen e Geheimnis! Mir sinn näämlech déi eenzeg Liewewiesen, déi Tréine produzéiere wa mer staark Gefiller hunn! D’Fuerscher mengen, dass dat eng Zort Kierpersprooch ass fir ze weisen, dass et eis net gudd geet. Bei Puppelcher ass dat immens wichteg, well déi jo net kenne soe wou et wéi deet.

Mee et fillt ee sech awer och besser, wann ee sech bis richteg ausgekrasch huet!

D’Fuerscher mengen, dass d’ Kräischen eng Art a Weis ass, fir schiedlech Stoffer aus dem Kierper lass ze ginn. Gefiller sinn ëmmer eng speziell Situatioun fir eise Kierper a ginn duerch Hormoner kontrolléiert. Mat den Tréine ginn des Hormoner, zesumme mat Gëfter, déi an eisem Kierper duerch Stress entstinn, entsuergt. Kräische wier also gesond, an dofir spiere mer eis dono meeschtens och besser!

Wéi dack kräische mer dann esou am Duerchschnëtt?

Frae kräischen ongeféier 47 mol d’Joer, Männer nëmme 7 mol! Op e ganzt Liewe gekuckt, produzéiert e Mënsch bis zu 60 Liter Tréinen!

Dat heescht, dir léif Männer, dir braucht iech guer net ze schumme wann der och emol eng Kéier eng Tréinchen musst vergéissen!

Firwat sinn Tréinen iwwerhapt gudd

 

Zousätzlech Informatiounen:

Kräischen ass nach laang net kräischen!

Et ginn 3 verschidden Zorten Tréinen,déi sech duerch hir chemesch a biologesch Zesummesetzung, grad esou wéi duerch hir Aufgab, ënnerscheeden:

- Basal Tréinen: déi typesch Tréineflëssegkeet, déi eist An fiicht hält. Hir Aufgab ass et, d’An géint d’Réiwung vum Andeckel ze schützen an den alldeeglechen Dreck, wéi Stëbs zum Beispill, aus dem An ze spullen. An dësen Tréine fënnt een e ganze Koup Eewäisser, déi zum Deel zu eisem Imunsystem gehéieren. Esou kennen Infektiounen direkt op der Plaz bekämpft a verhënnert ginn.

- Reflex Tréinen: eng Iwwerproduktioun vun Tréineflëssegkeet, wann d’An irritéiert ass. Verschidde Substanzen an eisem Ëmfeld kenne fir d’An geféierlech ginn, wéi zum Beispill, Tréinegas oder Gas a kleng Drëpse vu schaarfe Substanzen, wéi Chilli oder Ënnen. Aufgab vun dësen Tréinen ass et natierlech, fir des Substanzen sou séier wéi méiglech aus dem An ze wäschen. Reflex Tréinen tauchen awer och op, wa mer gaapsen, houschten oder eis iwwerginn. An deem Kontext ass hir Aufgab awer nach net genee bekannt.

- Emotional Tréinen: mir kräischen! An dësem Fall ass den Tréinen hir Aufgab, fir Hormoner oder Schuedstoffer, déi duerch eng Stresssituatioun an eisem Kierper produzéiert ginn, ze entsuergen. Soss sammelen déi sech un a verursaachen en hormonellt Ongläichgewiicht an eisem Kierper, wat Konsequenzen op eis Gesondheet kann hunn. Schwanger Frae kräische méi dack, well si vill Prolactin produzéieren, en Hormon wat zur Produktioun vu Mammemëllech bäidréit. An dat gëtt och iwwert Tréinen entsuergt.

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:

D’Fuerscher interesséiere sech awer net nëmme fir d‘ biologesch oder psychologesch Aspekter vun Emotiounen. De gesellschaftleche Kader huet och e groussen Afloss drop, wéi mer a bestëmmte Situatioune solle reagéieren a wéi mer eis Gefiller solle weisen. An eiser Gesellschaft ass et zum Beispill e groussen Ënnerscheed, op e Kand kräischt, eng Fra oder e Mann.

Am „Max-Planck-Institut für Bildungsforschung“ hu sech dofir Historiker a Psychologen mat enger Rei Antropologen, Soziologen, Musikologen a Spezialisten an der Konscht a Literatur zesumme gedo, fir d’Geschicht an d’Entwéckelung vun Emotiounen nozevollzéien.

Fuerschung zu Lëtzebuerg:

Gefiller sinn eng zimlech komplizéiert Ugeleeënheet! Si sinn d’Resultat vun engem komplexen Zesummespill tëscht biologeschen ( wéi Hormoner zum Beispill) a psychologesche Faktoren. Wann dat Zesummespill liicht aus dem Gläichgewiicht geréit, da kennen emotional Krankheeten, Phobien, Angschtgefiller oder Dépressiounen entstoen.

Den „Laboratory of Emotional Disorders“ vum CRP-Santé konzentréiert sech op den Diagnostic, d’Auswäertung an d’Traitement vu Phobien, grad esou wéi op emotional Krankheeten déi duerch Iwwergewiicht an d‘Kierperbild ausgeléist ginn (wéi mir eise Kierper subjektiv wouerhuelen). Well Gefiller eist Behuele staark beaflossen, sinn d’Fuerscher permanent mat der Erausfuerderung konfrontéiert, fir objektiv Methoden ze entwéckelen an ze benotzen, fir dëse Problemer op de Grond ze goen.

Texte & Recherches: Corinne Kroemmer

 

Linken :

Foto: http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/08/USMC-04952.jpg/800px-USMC-04952.jpg

The Science of Tears: http://www.scienceiq.com/Facts/ScienceOfTears.cfm

Laboratory of Emotional Disorders: http://www.innovation.public.lu/en/collaborations/trouver-partenaires/hierarchic/crp-sante/department-of-public-health/laboratory-of-emotional-disorders/index.html

Max-Planck-Institut: http://www.mpib-berlin.mpg.de/en/research/history-of-emotions

 

Quellen:

How crying can make you healthier: http://www.independent.co.uk/life-style/health-and-families/features/how-crying-can-make-you-healthier-1009169.html

Why do humans cry? http://www.guardian.co.uk/science/2013/apr/14/why-do-humans-cry-biology

The health benefits of tears: http://www.psychologytoday.com/blog/emotional-freedom/201007/the-health-benefits-tears