Wouhier kent eigentlech den villen Hausstebs?

Jidwereen huet sech bestemmt schon opgereegt: Lo haat ech grad gebotzt a schon as rem alles stëbsech. Me wouhier kennt eigentlech de ville Stëbs?

Den Hausstëbs, ass eng Mëschung aus ville Materialien (kuck d‘Tabell). Een Deel vum Stëbs kennt vu baussen (Sand, Pollen, Industrieemissiounen) an deen aaneren Deel entsteht am Haus (Kleederfisme, Teppechfisme, Hoer, Hautschuppen). Do wou d'Stëbspartikelen entstin gesi mir se net, well déi ganz kleng sin. E Stëbspartikel huet oft nemmen en Durchmiesser vun manner wéi 10 Mikrometer (100stel Millimeter). E gett vum Wand matgeschleeft bis d'Loft op enger Plaatz roueg steet, wéi zum Beispill am Eck vun eisem Haus, a setzt sech dann als Stëbs of.

Iwwregens: An engem eidele Raum dee komplett dicht ass, a wou nemme propper Loft dran ass, kinnt kee Stëbs entstoen.

Wou kennt de Stëbs hier?



[block type="attachment" id="4698"]

  • Sand, Steesteps a Buedem vu baussen. Do entsteet en z.B. durch Ofreiwung vu Material
  • Ofgaasen vun der Industrie a vun Autoen



[block type="attachment" id="4702"]

  • Damp (Rauch) vu Feier a vun Zigaretten
  • Pollen: Vu Beem, Planzen oder Schimmel
  • Fiseme vun Teppecher a Kleeder
  • Hoer vu Mensch an Déieren
  • Hautschuppen: Mir selwer produzéieren pro Daag 1,5g ofgestuerwen Hautschuppen, déi z.B. am Bett leie bleiwen.
  • Milben Exkrementer: D'Hausstëbsmilben sin ganz kleng Déieren déi Hautschuppen iessen an duerno als Milbekot ausscheeden.
  • Miisschen ... Bei der richteger Loftstréimung déi meeschtens an den Ecker an ënnert de Schief ass, klompt de Stëbs zu enger Miisschen zesummen

Photoen: quarks.de

Wéi botzen ech richteg?

Fir de Stëbs méi einfach an dauerhaft lass ze gin muss een nett nëmme Staubsaugere me och nach naass opwëschen. Duerch Staubsaugere kann een eng elektrostatesch Leedung op den Uewerflächen provozéieren déi nom Botzen de Stëbs nach besser unzitt. De Stëbs kann e leider nët vermeiden. Propper bleiwt et nëmmen wann een oft botzt.

As Stëbs geféierlech?

Waat méi kleng wat méi geféierlech. Stëbs dee méi kleng wéi 10 Mikrometer ass (dat ass en 100stel vun engem Millimeter) kann direkt bis an eis Longebliesecher kommen, sech do festsetzen an e Kriibs provozéieren. Dese "Feinstëbs" entsteet z.B. bei Autoen a bei der Industrie. D'EU huet fir des Stëbsemissionen streng Grenzwäerter festgeluegt.

Schuedstoffer am Stëbs

De Stëbs dee sech ofsetzt kann allméiglech chemesch Schuedstoffer (PAK, Biociden,...) ophuelen, déi entweder vun eise Botzmëttel oder vun eise Miwwelen kommen. Leit déi Allergien hun, kennen matt Hellef vun hierem Stëbs erausfannen ob si geféierlech Chemikalien am Haus hunn, andeems se de Stëbs am Staatslaboratoire analyséiere loossen.
Responsabel am Staatslaboratoire sinn de Gilbert Hansen, Marc Fischer oder Marc Flies vun dem département: Hygiène du milieu et surveillance biologique (weider Infoen op www.lns.public.lu).
Mister Science 16/09/09 Stëbs

Gett Recherche zu Lëtzebuerg iwwer Stëbs gemaach?

Am CRP Gabriel Lippmann gi Recherchen iwwer d'Uewerflächebeschaafenheet vu Stëbspartikelen gemaach.
Links zum Thema
http://www.lns.public.lu
http://agoef.de/agoef/oewerte/orientierungswerte.html
http://www.wdr.de/tv/quarks/sendungsbeitraege/2004/0413/006_unsichtbar.jsp

Links zum Thema
http://www.lns.public.lu
http://agoef.de/agoef/oewerte/orientierungswerte.html
http://www.wdr.de/tv/quarks/sendungsbeitraege/2004/0413/006_unsichtbar.jsp