Firwaat ass d'Mier salzeg?
Méi richteg misst ee Froen: Firwaat ass d'Mier méi salzeg wéi d'Waasser an engem Floss z.B?
D'Waasser wat an de Flëss ass, leeft nämlech op sengem laange Wee iwwert ganz vill Gestengs a wäscht no a no Mineralien eraus: z.B. Calciumsalzer, Magnesiumsalzer an haaptsächlech Natriumchlorid. Den Natriumchlorid ass daat wat mir als Kachsalz kennen.
D'Waasser vun de Flëss, dat lo also liicht salzeg ass, fléisst iergendwann an d'Mier, an do kann et net méi offléissen. Wat geschidd elo? D'Sonn schéngt op d'Mier, d'Waasser verdämpt awer d'Salzer bleiwen zeréck. Dofir schmaacht d'Mier méi salzeg.
Heescht dat da lo datt d'Mier méi a méi salzeg gëtt? Nee natierlech net. Iwwert d'Jordausenden huet sech do am Mier e Gläichgewiicht agependelt.
Vill Mieresdéieren baue Salz an hiere Skelett an, en aneren Deel vum Salz gëtt durch de Wand op d'Plagë geblosen an de gréissten Deel fält op de Mieresbuedem als Oflagerung. De Salzgehalt vum Mier bleift méi oder wéineger konstant,mee en ass net iwwerall selwecht.
D'Mëttelmier, do wou d'Verdonstung héisch ass, schmaacht méi salzeg wéi d'Nordséi z.B.
Fuerscher hun iwwregens och erausfonnt datt souguer aus dem Weltall Salz op d'Äerd kennt. Duerch Meteoritten (also Stäreschnäitzen) fale pro Dag iwwer 750 Kilo Kachslaz op d'Äerd.
Wéivill Salz gëtt et op der Welt?
Vill! Ongeféier 20 Billiarden Tonnen eleng am Mier! Dat ass des Zuel: 20 000 000 000 000 000 Tonnen. Domatter kinnt een all d'Kontinenter matt enger 150 m décker Salzschicht bedecken.
Um Land a Salzbierger ginn et nach emol 10 Billiounen Tonne Kachsalz: 10 000 000 000 000 Tonnen.
Waat ass Salz?
Salz ass aus mindestens 2 Elementer opgebaut, déi ënnerschiddlech Luedungen (+,-) hunn. Plus a Minus zéie sech un a bilden e regelméissegt Gitter.
Dëst ass d'Gitter vum normale Kachsalz an et besteet aus Natriumionen an aus Chloridionen. Ionen ass de Numm fir gelueden Atomen.
Am Waasser sinn des Ionen net méi an engem Gitter me schwamme fräi ronderëm.
Recherche zu Lëtzebuerg an vu Lëtzebuerger am Ausland
Net all Salz ass bei Raumtemperatur e feste Kristall sou wéi Kachsalz. Et gin och Salzer déi bei Raumtemperatur flësseg sinn. Des Salzer nennt een Ionesch Flëssegkeeten. Des Flëssegkeete verhale sech ganz anescht wéi normal Flëssegkeeten, an et kann een se dowéinst fir ganz empfindlech chemesch Reaktioune benotzen. Eng lëtzebuerger Fuerscherin (M. Sc. Danielle Dennewald) fuerscht zu München un dëse flëssege Salzer. (weider Info op http://www.mw.tum.de/biovt/forschung/Dennewald_IL.html)