Firwat schmaacht gekachten Iessen anescht wann et waarm ass, wéi wann et kal ass?
Dat hängt ënner anerem dorun datt mir net nëmme matt dem Mond schmaachen, me haaptsächlech matt der Nues.
D‘Nues kritt awer nëmmen eppes ze riche wann Aromastoffen aus dem Iesse verdämpen.
Wann d'Iesse waarm ass, da verdämpen vill méi Aromastoffen, wéi wann Iesse kal ass, an dëst ass scho mol ee Grond firwat d'Iessen anescht schmaacht. Vun doheem kenne mer et: wann am Haus gekacht gëtt, richt een d'Iessen direkt, awer wann de Plat bis kaal as, richt ee meeschtens näischt méi.
En anere Grond firwat de Goût sech ännert wann d'Iesse kal gëtt, ass datt d'Aromen matt der Zäit rausdämpe, wat de Geschmaach veraarmt.
An da lafen awer och nach eng helle Wull vu chemesche Reaktiounen am Iessen of, bei deene sech d'Aromen zersetzen oder souguer verännere kennen. Responsabel fir des Reaktiounen ass de Sauerstoff aus der Loft. Des Ännerunge kënnen net réckgängeg gemaach ginn, an dofir schmaacht d'Iessen, och da wann et rëm opgewiermt gëtt aneschtes wéi bei der éischte Kéier.
Vill vun de Reaktioune wierke sech och positiv op de Goût aus, virausgesat et léist een d'Iesswueren net ze laang leien. E gudde Kach kennt d'Evolutioun vun de Goûten a weess wéini hien eppes waarm oder wéini léiwer kal zerwéiert.
Un dir lo fir selwer mam Goût vum Iessen ze experimentéieren.
Wéi behällt d'Iessen säi Goût?
Wéi schonn erwähnt as de Loftsauerstoff fir e ganze Koup chemesch Goûtännerungen responsabel. Fir se méi laang haltbar ze maan sinn d'Iesswueren oft ënner Vakuum (d.h. ouni Loft) agepaakt. Aner Iesswuere wéi Chipsen z.B. ginn ënner Schutzgas agepaakt, an dëst ass meeschtens Stéckstoff. De Stéckstoff geet am Géigesaz zum Sauerstoff zumindest bei Raumtemperatur keng chemesch Reaktiounen an.
Liicht beaflosst och de Goût! Durch d'Liicht kreien Mikroorganismen déi sech am Iessen befannen Energie. Des Mikroorganismen si verantwortlech fir Schimmelbildung a fir Gärvirgäng am Iessen. Géint d'Mikroorganismen hëllefe Konservéierungsstoffer, wéi z.B. Vitamin C. Des hënneren d'Mikroorganismen drun Iesswueren ze befalen. Eng aner Méiglechkeet ass et fir d'Luucht einfach wegzeloosen, an d'Iesswueren z.B. an de Frigo ze stellen.
Recherche zu Letzebuerg
Am Centre de Recherche Public de la Santé (CRP) gëtt u Methode gefuerscht fir Iessensallergien besser bestëmmen ze kënnen. Kontakt: André Steinmetz
Am Statslaboratoire schafft d'Équipe ëm de Joël Mossong dorun, wéi sech Bakterien am Iessen entwéckelen a wéi se sech ënnert de Mënsche kenne verbreeden.
Eng Rei ëffentlech Rechercheprojeten matt iessen an drénken a Verbindung sin fannt der ënner folgender Adress:
http://www.fnr.lu/en/Grants-Activities/Research-Programmes/SECAL-Programme