Firwaat reent et bei eis sou vill?
Dat läit haaptsächlech un eiser geographescher Lag. Mir leien nämlech an der Mëtt tësche ganz waarmen a ganz kale Gebidder an Europa, a bei eis stoussen dofir oft kal a waarm Loft openeen. Déi waarm Loft vun de Mierer huet eng ganz héisch Loftfiichtegkeet awer déi kaal Loft aus dem Norden ka vill manner Fiichtegkeet ophuelen. Wann des Loftmassen lo bei eis openeen treffe kondenséiert d’Waasser an et bilde sech Wolleken.
Dat as d’selwecht wéi wann een am Wanter matt engem kale Brëll an e waarmt Geschäft erageet. De Brëll leeft un well waarm fiicht Loft op eng kal Uewerfläch also op d’Glas vum Brëll trëft.
Am Himmel as des kaal Uewerfläch z.B. e Stëbskär. Op de Stëbskäre setzt sech d’Fiichtegkeet of an et bilden sech Drëpsen. Vill Drëpse bilden eng Wollek.
An där Wollek fréiert d’Drëps um Stëbs a bild e klengen Aiskär. Op deem Aiskär setzt sech dann erëm eng Waasserschicht of. Des Aiskären gin emmer méi grouss bis datt se net méi an der Loft gedroen gin , a da faalen se rof. – ënnerwee op d’Äerd schmëlzt d’Äis an et reent.
Wéi der vläicht wësst hunn d’Chineese während der Olympiad jo versicht de Reen ze kontrolléieren. Si hun soubal si eng Wollek gesinn hun mat Rakéite ganz vill kal Stëbspartikelen an d’Wolleke geschoss. Doduerch verdeelt sech d’Loftfiichtegkeet op vill méi Partikelen wéi normal, an déi eenzel Waaserdrëpsen kënnen net méi sou deck gi an dofir och net méi sou schnell eroffaalen.
Iwweregens mam Reen kenne mir zu Lëtzebuerg eis net sou wierklech bekloen. Zu Bergen a Norwegen fale pro Joer baal 2000 l Reen op ee Quadratmeter an daat ass 2,5 mol méi wéi zu Lëtzebuerg.
Wéifill Reent et zu Letzebuerg?
Klimadiagramme.de
Dësen Diagramm weist d’Mëttelwerter vum Wieder zu Lëtzebuerg an dene läschten 20 Joer. De Mount November ass de Mount mam meeschten Reen (79 mm) Am Ganzen reent et pro Joer am Duerchschnett 841 mm zu Letzebuerg. Daat heescht 841 Liter pro Qudratmeter.
Zum Verglach:
- Zu Edinburgh a Schottland reent et 668 mm
- Zu Bergen an Norwegen 1958 mm
- An zu Marseille op der Côte d’Azur 534 mm awer 90 % dovun an de Wanterméint
Recherche zu Lëtzebuerg a vu Lëtzebuerger am Ausland
Am Centre de Recherche Public Gabriel Lippmann hei zu Lëtzebuerg fuerscht eng Équipe ronderëm de Dr. Laurent Pfinster (Hydroklimatolog) um Waasserzyklus. D’Waasser ass ee vun den Haaptfakteuren déi eist Klima beaflossen. D’Fuerscher vum CRP ënnersiche wéi sech d’Waasser an der Loft an am Buedem verhält a sichen no Methode wéi een des liewenswichteg Ressource nohalteg notzen kann.