De Mister Science huet och heirobber eng Äntwert!
Mr Science, vill Gléck am neie Joer!
Ah, ma Merci! Dir och!
So, wou mer scho beim Thema Silvester sinn, ech hunn do eng Fro! Soubal 12 Auer schléit, wënscht jiddereen sech ... a kusst sech! Net dass ech eppes dogéint hätt, mee firwat kusse mer eis eigentlech?
Bei eis an der Gesellschaft ass Kussen en Zeeche vun Zouneigung, Frëndschaft, Léift, .... je, positive Gefiller! Eis Lëpse sinn awer och immens sensibel, a wann se stimuléiert ginn, da ginn eng ganz Rei Hormone fräigesat déi maachen, dass mer eis gutt spieren a virun allem dass mer et verhalen an ëmmer erëm wëllen erliewen. Dofir kusse mer esou gär!
Du soots „bei eis an der Gesellschaft“! Dat heescht dat ass net iwwerall esou?
Nee. An ongeféier 10% vun de Kulturen gëtt net gekusst, well et als onhygienesch ugesi gëtt. Medezinesch gesinn ass déi Astellung awer ëmstridden! Et ass zwar wouer dass mer e puer Millioune Bakterien am Mond hunn a kenne Krankheeten iwwerdroen, mee de regelméissege Kontakt mat Bakterien dréit och zu engem gudden Imunsystem bäi.
Mee wou kennt et dann eigentlech hier? Wat ass den Ursprong vu Kussen?
Dat ass eng gutt Fro, dat weess nach keen esou richteg. Eng beléiften Hypothees ass awer, dass et vum „Kuss-Fidderen“ ofstaamt! Fréier, wéi et nach kee Babybräi gouf, hunn d’Elteren d’Iesse fir d‘Puppelcher virgeknat an hinnen dann direkt an de Mond geluecht. D’Erënnerung un des positiv an agreabel Erfahrung ass iwwer Generatiounen hänke bliwwen a mir probéieren se ze widderhuelen andeems mer eis kussen!
D‘Wëssenschaft vum Kussen ... net schlecht! Weider Informatiounen doriwwer verréits de eis awer wéi ëmmer op eldo.lu an op science.lu.
Zousätzlech Informatiounen:
Virgeknatend Iessen – ass dat net ekelg?
Déi meescht vun eis hätte wahrscheinlech Schwieregkeeten, fir virgeknatend Iessen ze genéissen. Dat sinn awer kulturell a gesellschaftlech Hemmungen, well biologesch gesinn ass et guer keng schlecht Iddi, zemools fir Puppelcher! Natierlech nëmme wann d’Mamm an d’Kand a gudder Gesondheet sinn a keng Krankheeten hunn, déi een iwwer Spaut kann iwwerdroen!
Am virgeknaten Iesse si jo och d’Bakterien aus der Mamm (oder dem Papp) hirem Mond dran. A klenge Quantitéite sinn déi Bakterien onschiedlech an de Kontakt domat stäerkt dem Puppelchen säin Imunsystem.
Ausserdeem ass der Mamm (oder dem Papp) säi Spaut dann am Iessen, an deen enthält och Substanzen, déi den Imunsystem stäerken an Allergie verhënneren. Spaut hëlleft ausserdeem d’Iesse virzeverdauen. Et ass also méi einfach fir dem Puppelche säi Verdauungstrakt fir sech vu Mëllech op fest Nahrung ëmzegewinnen!
Kusse queesch duerch d’Geschicht!
Bei den ale Réimer hues de dech bestued, andeems de däi Partner leidenschaftlech virun enger ganzer Grupp Zéie gekusst hues!
Bis an d’14. Jorhonnert ass de Kuss vu Mann a Fra, déi sech zoufälleg ënnert dem Mëschtelascht getraff hunn, ganz eescht geholl ginn: si ware verlobt!
Och haut seet een nach heiansdo, dass een e Bréif (meeschtens e Libesbréif) mat engem Kuss ofsigelt. Bei de Réimer war dat wierklech esou, an eng ganz Rei Geschäfter sinn net mat enger Ënnerschrëft oder engem Handschlag ofgeschloss ginn, mee mat engem Kuss!
Kuss-Hormonen!
Oxytocin – spillt eng Roll am Prozess fir Vertrauen a Bezéiungen opzebauen
Serotonin – beaflosst eis Laun an eis Gefiller (spillt also och eng Roll bei Depressiounen)
Adrenalin – den Häerzschlag geet an d’Luucht an d’Bewosstsinn vun eisem Ëmfeld gëtt gesteigert (Beréierungen, Geroch a.s.w.)
Endorphinen – léist Euphorie an e Gefill vu Satisfaktioun aus
Dopamin – hëlleft dem Gehir Gefiller ze verschaffen an ze verhalen
Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:
Dass Kusse gutt fir d’Moral ass an Depressioune ka verhënneren, dat hunn d’Psychologe schonn ënnert d’Lupp geholl. Nei Studien weisen awer och drop hinn, dass Kussen kann en Impakt of eis physesch Gesondheet hunn!
Mol dovun ofgesinn, dass de geféierlech Krankheete wéi Mononukleose (Kusskrankheet) oder Herpes kanns oprafen, huet de Kory Floyd vun der „Arizona State University“ probéiert erauszefannen, op Kussen och positiv Konsequenze kann hunn.
Resultat: D’Leit, déi hire Partner während der Studie vill gekusst hunn, fillen sech méi wuel an hirer Bezéiung a sinn am Alldag manner gestresst! Ausserdeem hunn si manner Cholesterol am Blutt!
Fuerschung zu Lëtzebuerg:
D’Interaktiounen tëscht Mënsche sinn extrem wichteg, mee leider och extrem komplex. Hautdesdaags gëtt eisen Alldag awer och nach duerch eng aner Interaktioun geprägt, an zwar déi mat der Technologie: Computer, MP3-Player, Smartphone, iPad, touchscreens, a.s.w. A wéi et ausgesäit ass des Interaktioun net ëmmer einfach, a vill Leit si mat Momenter frustréiert wann d’Technologie net esou mécht, wéi si gär hätten!
Den „EMACS Human Computer Interaction Research Area Group“ vun der Uni Lëtzebuerg beschäftegt sech dofir mat deem Thema. Si probéieren eis Interaktioune mat der Technologie besser ze verstoen, fir d’Technologie da besser un eist Behuelen an eis Gewunnechten unzepassen!
Texte & Recherches: Corinne Kroemmer
Linken :
Foto (vum KoS): http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/6/6f/French_Kiss.JPG/800px-French_Kiss.JPG
Premastication: http://en.wikipedia.org/wiki/Premastication
What are endorphins: http://science.howstuffworks.com/life/endorphins1.htm
What is Oxytocin: http://www.psychologytoday.com/basics/oxytocin
What is Serotonin: http://www.medicalnewstoday.com/articles/232248.php
Definition of Adrenalin: http://www.medterms.com/script/main/art.asp?articlekey=2155
What is Dopamin: http://www.psychologytoday.com/basics/dopamine
Kissing: Effects on blood lipids, stress and relationship satisfaction: http://www.academia.edu/854315/Kissing_in_marital_and_cohabiting_relationships_Effects_on_blood_lipids_stress_and_relationship_satisfaction
The kiss of health: http://www.psychologytoday.com/blog/fulfillment-any-age/201207/the-kiss-health
EMACS Human Computer Interaction Research Area Group: http://wwwen.uni.lu/recherche/flshase/educational_measurement_and_applied_cognitive_science_emacs/news_events/emacs_human_computer_interaction_research_area_group_has_created_a_video_depicting_their_work
Quellen:
Why do we kiss: http://www.youtube.com/watch?v=ixQbCXLUUj8
How kissing works: http://www.howstuffworks.com/kissing1.htm