Firwat ass den Himmel blo?

Méi richteg misst e froen: „Firwat ass den Himmel am Dag blo?“

RTL

http://wallpaperblog.wordpress.com

An der Nuecht gesi mir duerch den Himmel duerch bis un d’Stären. Am Dag schéngt d’Sonn op eis Äert a fierft d‘Aerdatmosphär also d’Loftschicht déi ronderëm eis ass Blo.

Mee firwat grad déi Blo?

RTL

2uni-regensburg.de

Fir dat ze verstoen muss een wëssen datt d‘ Sonn wäiss Liicht op d’Äerd schéckt an datt dat wäisst Liicht ass eng Mëschung aus alle Reeboufaarwen. All eenzel Liichtfaarw ass eng Well déi op an of geet. Den Ënnerscheet bei deenen verschidde Faarwewellen ass deen datt d’Distanz tëschent zwee Wellenhiwwelen, also d’Wellelängt, bei all Faarf anescht ass. Blo Liichtwellen sinn z.B ganz kuerz a gi ganz schnell op an of .Déi rout Liichtwellen si laang a gi lues op an of.

RTL

Sougesinn kann een déi Blo Liichtwellen als heckteg bezeechnen an dofir stoussen des schon no kuerzer Zäit widdert e Loftpartikel an der Atmosphär wärend déi aaner Liichtwellen sech méi gemitterlech tëschent de Loftpartikelen duerchschlängelen.

Wann also eng Blo Well op e Loftpartikel trefft da gëtt déi reflektéiert, an da gesäit eis Aen de Loftpartikel Blo. De Rescht vun de Faarwen vun der Sonn kennt direkt an eist Aen.

RTL

Owes ass dann awer den Himmel op emol giel oder rout, an dat kennt doduerch well de Wee vun de Liichtwellen op d’Äerd duerch eis Atmosphär vill méi laang gëtt. De Moment ass d’Chance datt déi aaner Faarwewellen och op e Loftpartikel stoussen vill méi grouss. An da ginn och mol déi giel an déi roud Liichtwelle reflektéiert

RTL

D’Wessenschaft honderem d’Liichtwellen heescht iwwregens Spektroskopie. D’Antwert op des Fro firwat den Himmel blo ass huet als éischten den John William Strutt, 3. Baron Rayleigh, em 1900 fonnt.

 

 

Recherche zu Lëtzebuerg an vu Lëtzebuerger am Ausland

Op der Universitéit vu Lëtzebuerg fuerschen Leit ronderëm de Philip Dale u Fotovoltaikanlagen. Dat sinn déi Elementer déi een op den Diech vun den Haiser gesäit déi Sonneliicht a Stroum kennen verwandelen. Enner anerem gëtt dorunner gefuerscht wéi een d’Material vun de Solarzellen sou kann optimiséieren datt et fir Wellen vun der Sonn am beschten gëeegent sin.

Links zum Thema

Warum ist der Himmel blau (Sendung mit der Maus)

Photovoltaics (LPV)