De Mister Science huet och heirobber eng Äntwert!

Et gëtt jo ëmmer gesot, et soll een bei engem Donnerwieder net dobaussen am Waasser sinn...fir de Fall wou e Blëtz giff aschloen. Mee an d’Fësch dann ... stierwen déi all wann de Blëtz aschléit?

Menges Wëssens no hunn sech nach net vill Fuerscher mat deier Fro beschäftegt! Mee dat ass och guer net esou schlëmm fir d’Fësch, soulaang se net genee do sinn, wou de Blëtz aschléit! Do hunn se natierlech keng Chance fir z‘iwwerliewen!

Mee de Stroum geet jo awer duerch d’Waasser weider?

Genee! De Stroum verdeelt sech awer éischter iwwert d’Uewerfläch a reecht net immens déif an d’Waasser. Mee och do sicht en sech ëmmer deen einfachsten Wee. Am Mier ass vill Salz, an dofir leed d’Mierwaasser de Stroum extrem gutt. E verbreet sech also éischter duerch d’Mierwaasser anstatt de schwéiere Wee duerch de Fësch ze huelen!

Wisou ass de Wee duerch de Fësch da méi schwéier?

Hien huet direkt ënnert de Schuppen eng Fettschicht déi de Stroum net gutt leed, well do manner Salzer dra sinn.

Mee am Stau ass jo souwisou och kee Salz?

Och am Séisswaasser sinn ëmmer Salzer a Mineralien dran, déi de Stroum leeden, just net esou vill wéi am Mierwaasser. Dofir leet d’Séiswaasser de Stroum net esou gutt. De Wee duerch d’Waasser ass net vill méi einfach wéi de Wee duerch de Fësch! Am Stau kréien d’Fësch et also schonn éischter ze spiere wann de Blëtz aschléit, mee hier Iwwerliewenschance sinn awer zimlech grouss.

 

Mister Science Fësch a Blëtz

 Zousätzlech Informatiounen:

Wéini ass e Blëtz fir de Mënsch geféierlech ?

Am Stau ass et fir eis méi geféierlech wann de Blëtz aschléit, well mir op der Uewerfläch schwammen wou dee gréissten Deel vum Stroum sech nun emol verdeelt.

Wa mer mat de Féiss um Buedem stinn, kann e Blëtz eis och geféierlech ginn. Fir dass Stroum fléisst, brauchs de ëmmer e Spannungsënnerscheed. Grad esou wéi Waasser ëmmer vun uewen no ënne leeft, leeft Stroum ëmmer vun enger héijer op eng niddreg Spannung! Am Fall vum Blëtz ass d’Spannung also méi héich bei deem Fouss, deen am nooste beim Aschlagpunkt steet. Bei deem aner Fouss ass d’Spannung méi niddreg, well de Stroum lues a lues ofhëlt wann en duerch de Buedem fléisst.

Wann de Stroum iwwert deen ee Fouss an eise Kierper erafléisst, an iwwert deen aner Fouss rëm erausleeft, dann hänkt eis Gesondheet dovun of, wéi no mer beim Aschlagpunkt stoungen, oder anescht gesot: wéi staark de Stroum war! De Stroum verbrennt nämlech d’Gewebe an eisem Kierper, an och wann dat net ëmmer liewensgeféierlech ass, kann et awer schmäerzhaft a geféierlech sinn!

Wann ech mech awer zum Beispill widdert e Bam stäipen oder e Bengel am Grapp hunn, dann ass op deem Punkt d’Spannung null! De Stroum fléisst also iwwert deen ee Fouss an de Kierper an iwwert d’Hand nees eraus! A wann de Stroum do ze staark ass, no laanscht d’Häerz fléisst oder doduerch, da kann e Blëtz liewensgeféierlech ginn well d’Häerz dann kann ophale mat schloen!

Firwat kenne Villercher op Héichspannungsleitunge setzen?

Fir dass Stroum fléisst, brauchs de ëmmer e Spannungsënnerscheed. Grad esou wéi Waasser ëmmer vun uewen no ënne leeft, leeft Stroum ëmmer vun enger héijer op eng niddreg Spannung!

Wann de Villche mat 2 Been op enger Héichspannungsleitung steet, dann kritt hie keng gewéitscht, well kee Spannungsënnerscheed do ass: d’Spannung ënnert deem enge Fouss ass grad esou grouss wéi d’Spannung ënnert deem zweete Fouss.

Geféierlech gëtt et fir de Villche just, wann en zum Beispill mam Flillek widdert den hëlzene Poteau kennt: deen huet keng Spannung! An deem Fall giff de Stroum duerch de Villche lafe (vun de Féiss – grouss Spannung – bei de Flillek – kleng/keng Spannung).  Dem Villche seng Iwwerliewenschance wieren an deem Fall extrem kleng!

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:

Elektrotherapie ass säit Mëtt dem 19te Jorhonnert als medezinesch Behandelung gängeg, obwuel se bis haut ëmstridden ass. E liichten elektresche Schock dréit bei verschiddene Krankheeten zur Heelung bäi, obwuel nach keen de geneeë Mechanismus versteet. An der Medezin gëtt Elektrotherapie zum Beispill heefeg fir Muskelregeneréierung agesat.

Mee d’Fuerschung geet nach e Schrëtt méi wäit! Fuerscher(wéi zum Beispill de J. Kulsh a Kalifornien, oder den M. Herbert aus dem „Hospital for Sick Children“ a Kanada) beschäftege sech mat der Fro, wéi een Impakt Elektrotherapie op de Wuesstem vun Tumoren huet. A wéi et ausgesäit, ginn d’Tumoren tatsächlech méi kleng, obwuel de Mechanismus nach net verstan ass!

Fuerschung zu Lëtzebuerg:

Och den Daniel Theisen, Fuerscher am CRP-Santé a Centre Hospitalier de Luxembourg (CHL – Clinique du Sport et Centre d’Orthopédie), huet sech virun enger Rei Joren domat beschäftegt, den Impakt vun elektrescher Stimulatioun während bestëmmten Trainingsübunge bei Querschnittsgelähmten ënnert d’Lupp ze huelen. Iwwer Elektrode sinn de Patienten hier Beenmuskele stimuléiert ginn a konnten esou reegelméisseg op engem Vëlo pedalléieren. Doduerch ass hiren Häerzkreeslaf ugekuerbelt ginn, och wann d’Studien a villen aner Hisiichte Froen opléist!

 

Texte & Recherches: Corinne Kroemmer

Foto ©Hansueli Krapf

 

Linken :

Foto ©Hansueli Krapf: http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/22/Lightning_14.07.2009_20-42-33.JPG/800px-Lightning_14.07.2009_20-42-33.JPG

Warum bekommen Vögel auf einer Hochspannungleitung keinen Schlag: https://www.wdr.de/tv/kopfball/sendungsbeitraege/2012/1125/voegel.jsp

Was versteht man unter Schrittspannung: http://www.vde.com/de/Ausschuesse/Blitzschutz/FAQ/bs/oeffentlich/Seiten/Schrittspannung.aspx

Electrical stimulation for long-bone fracture-healing: http://jbjs.org/article.aspx?articleid=28470

Targeting a key enzyme in cell growth: a novel therapy for cancer: http://www.sciencedirect.com/science/article/pii/S0306987797901936

Effect of low level direct current on in vivo tumor growth in hamsters: http://cancerres.aacrjournals.org/content/45/11_Part_2/5625.short

External power output changes during prolonged cycling with electrical stimulation : http://www.ncbi.nlm.nih.gov/pubmed/12201612

 

Quellen:

Do fish die when lightning strikes the ocean? http://articles.economictimes.indiatimes.com/2012-08-26/news/33386110_1_strike-point-measurements-sea-levels

Why are fish not electrocuted when lightning strikes? http://www.rdasia.com/why_are_fish_not_electrocuted_when_lightning_strikes_a_body_of_water

Zapping fish : http://sciencenetlinks.com/science-news/science-updates/zapping-fish/