De Mister Science huet och heirobber eng Äntwert!

Bourbon, Wodka, Béier, Whisky, roude Wäin ... vun deenen enge gëtt ee lëschteg, vun deenen aner aggressiv, vu verschiddene kritt een en decke Kapp a vun aneren net! Firwat huet Alkohol net ëmmer dee selwechten Effekt op eis?

Gutt observéiert! Bei genee där selwechter Quantitéit Alkohol kann d’Gedrénks e radikal aneren Effekt op eis hunn! Et ass nämlech net den Alkohol eleng, deen eis beaflosst a fir den decke Kapp zoustänneg ass! Do spillen nach eng ganz rëtsch aner Chemikalien eng Roll!

Wat maachen déi Chemikalien dann?

Am roude Wäi sinn zum Beispill Chemikalien dran, déi zum Deel aus den Drauwe kommen an d’Gehir virum Alkohol schützen. Du behäls also méi e klore Kapp an e besseren Orientéierungssënn, och wann’s de voll bass! Beim Whisky ass et eng ganz aner Geschicht! Dee räift jo nach zimlech laang an Eechefässer, woubäi bestëmmte Chemikalien aus dem Holz an de Whisky iwwerginn a verhënneren, dass eise Kierper den Alkohol ofbaut! Du bleifs also méi laang voll! Am Wodka sinn där Chemikalie quasi keng dran. Dofir kriss de vun deem net esou séier en decke Kapp!

Wat sinn dat da fir Chemikalien?

Alles an allem ginn et dausende vun esou Chemikalien, déi ënnert dem Terme „Kongeneren“ regruppéiert sinn. Verschiddener kommen aus den Zutaten oder dem Gärmaterial, anerer entsti während dem Gärungsprozess. All Gedrénks enthält also eng aner Quantitéit a Kombinatioun vu Kongeneren, déi fir d’Faarf an de Goût vum Gedrénks zoustänneg sinn, awer och en Effekt op eise Kierper hunn! Wéi een Effekt dat genee ass, dat hänkt awer interessanterweis och vill vun eiser Perséinlechkeet an dem soziale Kontext of!

Ok,  et ass also keng gutt Iddi ass fir duercherneen ze drénken: wann ech alles vermëschen, da kréien ech och eng nei, eenzegaarteg Kombinatioun vu Chemikalien. An deenen hiren Effekt op eise Kierper kann natierlech eng béis Iwwerraschung ginn! Weider Infoen zu Cocktailer a Longdrinks fannt dir wéi ëmmer op eisem Site.

 

Mister Science Wodka a Wain

 Zousätzlech Informatiounen: 

Gin Tonic

Alkohol a Spruddelen ass net onbedéngt eng gutt Kombinatioun! Duerch d’Kuelesaier entsteet Drock am Mo, grad esou wéi an enger Fläsch Cola déi ech rëselen! Doduerch gëtt alles wat am Mo ass méi séier weider an den Daarm gedréckt, den Alkohol selwer also och!

Den Alkohol bleift dann net laang genuch am Mo fir kennen ofgebaut ze ginn a geet op sengem Wee duerch den Daarm an d’Blutt iwwer. Duerch d’Spruddelen am Tonic hunn ech also méi en héijen Alkoholgehalt am Blutt wéi wann ech den Gin pur gedronk hätt!

Wodka Red Bull

Grad esou eng geféierlech Kombinatioun! Kafféin an Taurin verstoppen den Effekt vum Alkohol nämlech. Dofir drénke mer lëschteg weider obwuel mer scho laang iwwert der Limite sinn!

Vum Kafféin an Taurin erwächen ech a meng Beweegungen a Reflexer si séier. Ech hunn nach e klore Kapp a sinn hellwaakreg, dofir drénken ech weider, obwuel déi aner schonn all vu Middegkeet anhänken!  Mee wat ech net mierken, ass dass meng Beweegunge vum Alkohol manner präzis ginn an ech mierke guer net wéi ech lues a lues d’Kontroll iwwer mäi Kierper verléieren!

Wodka

Am Wodka sinn net vill Kongeneren dran an ech kréien net esou séier en decke Kapp wéi vun aner Saachen. Dat heescht awer net dass Wodka keen negativen Effekt op mäi Kierper huet!

Während enger Studie am Joer 1975 hunn d’Fuerscher getest, wéi aggressiv ee vun Alkohol ka ginn. Eng Rei Studenten hu verschidden Zorten Alkohol ze drénke kritt a sinn du provozéiert ginn fir engem aner en Elektroschock ze verpassen. Si haten de Choix vu verschidden elektresche Stäerkten. Fir déi selwecht Quantitéit Ethanol (puren Alkohol) hunn déi, déi Wodka gedronk hunn, bei wäitem déi stäerksten Elektroschocke verpasst!

Och wann d’Kongeneren am Wodka keen decke Kapp verursaachen hunn se trotzdem e groussen Effekt op eise Kierper: se maachen eis aggressiv!

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:

Bei all dëser Chimie däerf een awer och den psychologeschen a kulturellen Effekt vum Alkohol net vergiessen!

A genee des Aspekter hëlt d‘ Damaris Rohsenow aus dem „Center for Alcohol and Addiction Studies“ op der “Brown University” an Amerika ënnert d’Lupp! Laut hire Studie beaflossen eis Erwaardungen den Effekt vun Alkohol. Wann ech mer erwaarden, dass roude Wäi mech entspaant ouni direkt voll ze ginn, da ka genee dat geschéien! De kulturellen Hannergrond spillt grad esou eng grouss Roll. Vu Schampes soll ee lëschteg ginn, mee dat läit net nëmmen un de Kongeneren! Et ass och eng bestëmmten Zort Leit déi Schampes drénken, oder Leit a bestëmmte Situatiounen! Wann ech Schampes drénke fir eppes ze féieren, da gëtt jo scho vun de Leit rondrëm verlaangt, dass ech och lëschteg sinn!

Fuerschung zu Lëtzebuerg:

Laut der „World Health Organisation“ ass Lëtzebuerg dat Land, wou d’Leit weltwäit (!!!) am meeschten Alkohol drénken, an zwar 15,5 Liter puren Alkohol d’Joer! Zum Verglach: An Irland, op der Plaz 2, ginn 13,7 Liter d’Joer op de Kapp gedronk, an an Amerika 8,6 Liter!

Obwuel des Zuele fir Lëtzebuerg ëmstridde sinn (vill Frontalieren an Auslänner op der Duerchrees kafe bei eis Alkohol), ass et schwéier fir se ze ignoréieren.

Trotz dëser alarméierender Statistik ginn et bal keng Studien zu Lëtzebuerg, déi den Alkoholkonsum bei Jonken oder op der Aarbechtsplaz ënnert d’Lupp huelen: et ass leider ëmmer nach en Tabu-Thema!

Texte & Recherches: Corinne Kroemmer

Foto ©Phoney 

Linken :

Foto ©Phoney: http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/3/30/Alcoholic_beverages_montage.jpg

The effects of alcohol and extreme provocation on the use of a highly noxious electric shock: http://link.springer.com/article/10.1007/BF00994162#page-1

Damaris Rohsenow, Brown University: https://research.brown.edu/myresearch/Damaris_Rohsenow

Annual alcohol consumption per person: http://www.economist.com/node/9325487

European Working Conditions Observatory: http://www.eurofound.europa.eu/ewco/studies/tn1111013s/lu1111011q.htm

 

Quellen:

Intoxication with Bourbon versus Vodka: http://onlinelibrary.wiley.com/doi/10.1111/j.1530-0277.2009.01116.x/full

Why Whisky makes you frisky: http://www.newscientist.com/article/mg22029481.400-why-whisky-makes-you-frisky-and-gin-makes-you-sin.html