D' Mier ass vill manner erfuerscht wéi bis elo ugeholl...
D’Sich nom Fliger aus Malaysia, deen de Mäerz erofgefall ass, geet weider!Trotz moderner Technologie ass et guer net esou einfach, eppes um Mieresbuedem erëmzefannen!
Mir kommen op de Mound, awer just e puer Kilometer an d’Déift ... firwat ass et esou schwéier eppes um Mieresbuedem erëm ze fannen? Sou wéi de Malaysia Fliger deen am Mäerz erofgefall ass?
D’Mier stellt de Mënsch viru ganz aner Erausfuerderunge wéi de Weltall! Fir de Malaysia Fliger ze fanne stellen sech 3 grouss Problemer: éischtens ass et stackdäischter do ënnen a Luut dréit net ganz wäit, zweetens ass den Drock esou grouss dass een extrem spezialiséiert Equipement brauch, an drëttens ass d’Topologie vum Mieresbuedem do net ganz genee bekannt!
Mee wéi déiw läit de Wrack dann? 3-4 kilometer? Ass dat lo sou onméiglech dohinn ze kommen?
Ma wann’s de bedenks dass de Mënsch just 70 Meter déif kann tauchen, dass spezialiséiert Säugedéieren bis maximal 3 000 Meter déif tauchen kënnen, an dass se 73 Joer gebraucht hu fir d’Titanic op 3 800 Meter Déift erëm ze fannen ... ech fannen da sinn déi 4,5 Kilometer Déift wou dëse Wrack soll leien awer schonn eng grouss Erausfuerderung!
Ok, mee de Fliger huet jo sou eng „Black Box“ déi piipst! Do missten se jo just dem Geräisch nogoen...
Jo, mee Schallwellen am Waasser ... dat ass och net esou einfach. D’Schallwelle kënnen am Waasser nämlech ëmgeleed gi wann d’Temperatur, de Salzgehalt oder den Drock sech verännert! Sou dass do, wou’s du d’Signal mooss, net onbedéngt do ass, wou d’Signal entsteet! Well d’Schallwellen ebe komesch an onprevisibel ëmgeleed gi sinn!
De Problem matt der Blackbox huet sech awer lo erleedegt...?
Jo, well déi net méi piipst – lo wëllen se nach eng riseg Fläch ofscannen mee dat kann nach Joeren daueren.
Fuerschung zu Lëtzebuerg
Schallwelle stellen net nëmmen am Waasser eng Erausfuerderung duer! Och an der Constructioun ass et wichteg ze verstoe wou Schallwellen (Vibratiounen) während dem Bau entstinn a wéi se sech verbreeden, fir eventuell Problemer kennen ze verhënneren.
A genee domat beschäftegt sech d’Fuerschersequipe „Engineering Science“ vun der Uni Lëtzebuerg zesumme mat ARCELOR. Si huelen ënnert d’Lupp wéi d‘Schallwelle bei bestëmmte Bautechniken entstinn a wéi se sech duerch déi verschidde Materialien verbreeden. Ziel ass et fir sou mann wéi méiglech Schallwellen hierzestelle fir Problemer aus dem Wee ze goen.
Texte & Recherches: Corinne Kroemmer
Linken :
Foto © Indian Navy: http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/a/ab/India%27s_search_areas_for_Malaysia_Airlines_Flight_370_%282%29.jpg
Quellen:
Searching underwater is a shot in the dark: http://www.livescience.com/44973-searching-underwater-for-mh370-is-a-shot-in-the-dark.html
Technologies beyond military capacities: http://guardianlv.com/2014/04/mh370-requires-technologies-beyond-military-capacities-to-continue-search/
Signals consisting with black box: http://www.washingtonpost.com/world/australian-navy-vessel-reports-signals-consistent-with-black-box/2014/04/07/7ce89a18-be12-11e3-b195-dd0c1174052c_story.html
The distorted journey of a black box ping: http://apps.washingtonpost.com/g/page/world/a-black-box-pings-distorted-journey/936/
Deep sea challenge: http://www.bbc.com/news/world-asia-27033921
VSP-projet de recherche: http://wwwfr.uni.lu/recherche/fstc/research_unit_in_engineering_science_rues/engineering/research_projects/vsp