Bréngt et eppes un en Horoskop ze gleewen. Oder ass dat nëmmen e Leedfuedem fir d'Liewen.
Bestemmen d’Stären onse Charakter?
« Bas de Widder, Jongfra oder Kriibs ? Da bas de stur, zreckhalend oder zilsstreeweg ! » Ween huet net schon Ähnleches héieren oder gelies ?
Hängt onse Charakter dovun of, wéi d’Stären um Himmel stin ?
Vill Leit sin där Meenung, dacks aus dem Gefill eraus an ouni wëssenschaftlech Begrëndungen ! Eng Studie, déi 2005 an Nordamerika an England duerchgefouert gouf, weist, datt eng vu 4 Persounen gleeft, d’Positioun vun de Himmelskierper kéint en Afloss op d’Liewen vun de Menschen hun.[1] D’Studie huet och ergin, datt Fraen dat éischter gleewen wéi Männer.
Wat soen d’Wëssenschafler dozou ?
D‘Himmelskierper sin vill ze wäit eweg, fir eng Wirkung op der Mensch kennen ze hun. Esou eng Wirkung kéint nemmen iwer Unzéiungskräften an elektromagnéitesch Strahlung erfollegen. Béides ass ower « mega-schwach ».
Anscheinend gläichen ower Mënschen sech, déi am selweschten Stärezeechen gebuer sin ?
D’Wëssenschaftler soen : Si gläichen sech net. A wann, dann ass et Zoufall ! Souwisou sin déi Aussoen iwert de Charakter emmer esou vague gehal, datt se bal op jiddereen kennen zoutreffen.
Firwat gleewen dann esou vill Mënschen un d’Stären ?
Fréier hun d’Mënschen d’Himmelskierper als Opentaltsuert oder als Zeechen vun de Götter ugesin. Nemmen normal, datt se en Zesummenhang tescht de Stären an dem Charakter vun de Mënschen oder hire Schicksalsschléi, gemach hun.
Wat entwerten d’Astrologen ?
Verschidden Astrolgen soen : « Och wann net alles rationnell erklärt ka gin, erliewe mir an onse perséinlechen Experienzen Effetsën, déi een net leegne kann. »
Anerer soen : « Et geet net drems, viraus ze gesin, wat de Menschen wärt passéieren, mä hinnen op hierem Liewenswee ze hellefen, d’Problemer besser ze meeschteren an sech selwer besser ze verwierklechen. »
Do ginn et natierlech Hardliner déi steif a fest un d’Stären gleewen an där déi d’Astrologie selwer relativéieren a soën datt d’Stären net d’Zukunft viraussoën kënnen mee éischter eis Mënschen als moralesch déngen.
Da schengt d’Astrologie dach net onnetz ze sin ?
Wann se de Menschen hellefen kann, secher net. Et ass domat wéi mat villen aneren Philosophien oder Reliounen. Vum reng wëssenschaftlechen Standpunkt aus ass si allerdengs näicht anescht wéi Magie.