Firwat huet spruddelegt Gedrénks en anere Goût wann de Spruddel bis eraus ass? Eigentlech ass de Spruddel jo nëmme Loft, oder?
Firwat sech de Goût ännert wann de Spruddel fort ass, huet e puer Grënn:
Ee vun dese Grënn ass datt de Spruddel keng normal Loft ass, me Kuelendioxid. Daat ass dee Gas den och bei enger Verbrennung z.B. entsteet. Wann de Kuelendioxid a Kontakt mat Waasser kennt da bilt sech Kuelesaier. A wéi de Numm „Saier“ et seet, gëtt eist Gedrénks doduerch méi sauer. Ouni Kuelesaier ass Gedrénks also manner sauer, an dofir ass de Goût anescht op eiser Zong.
En aneren Effekt ass deen datt des kleng Gasblosen op dem Wee duerch d‘Glas, verschidden Aromen aus dem Gedrénks erausléisen. Wann d‘Gasblosen duerno op der Uewerfläch vum Gedrénks zerplatzen da sprangen d’Aromen direkt an eis Nues an dofir richt d’Gedrénks och vill méi staark wéi wa kee Spruddel dra wier. An d’Riche mecht de gréissten Deel vum Goût aus.
Beim Zerplatze vun der Gasblos gëtt eis Nues och ëmmer liicht gesprinselt an dofir fillt sech d’Gedrénks nach méi erfrëschend un.
E Schampes oder soss e spruddelegt Gedrénks drénkt een iwweregens am beschten aus engem héige Glas, an daat well dann d’Gasblose méi laang wanderen kenne an doduerch méi Goût mathuelen. An da richt a schmaacht de Schampes oder d’Limonad nach besser.
Wéi kennt d’Kuelesaier an d’Gedrénks?
Hei ginn et zwou Méiglechkeeten. A Gedrénks wéi a Limonade gëtt d’Kuelesaier mat Kuelendioxid ënner héijem Drock eragepresst. De Kuelendioxid (CO2) léist sech am Waasser a geet och deelweis eng chemesch Reaktioun an a gëtt zu Kuelesaier.
Bei verschiddenen Mineralwaasseren kann et sinn datt d’Waasser scho spruddeleg ass wann et aus dem Buedem kennt (sou och beim Rosport). De Spruddel kann nämlech och entstoen wann sech verschidde Mineralien déi a Vulkangestengs dra sinn sech am Waasser léisen.
Beim Schampes oder beim Béier entsteet awer schon CO2 während der Gärung, an dësen bleift och jee no Gärverfahren an dem Gedrénks dran.
Fuerschung zu Lëtzebuerg an vu Lëtzebuerger am Ausland
CO2-Emissiounen ass e Wuert wat bestëmmt jiddwereen schon héieren huet. Den CO2- Gas deen heimat gemengt ass, ass deen duerch d’Verbrennung vu fossillen Energien entsteet. Duerch méi en héigen Undeel CO2 an der Loft hëlt och den CO2 am Waasser (also d’Kuelesaier) zou. D’Flëss an d’Mierer gi méi sauer an dofir si fragil Liewewiesen vum Ausstierwen bedréit.
Zu Lëtzebuerg gëtt d’Qualitéit an den CO2-Gehalt vum Waasser stänneg vum Waasserwirtschaftsamt a vu verschiddene Biologen iwwerpréift déi op Projeten am an ronderem dem Waasser schaffen.
Links:
http://www.eau.public.lu/
http://www.hfn.lu/