De Mister Science weess et!
Ech huelen a meng Schlësselen an déi lénks Hand da gesäit et am Spigel aus wéi wann ech se an der rietser Hand giff halen. Leeën ech de Schlëssel par conter op mäi Kapp bleift en och am Spigel um Kapp. Firwat verstaucht de Spigel lénks a riets awer uewen an ënnen net?
De Spigel verstaucht net lénks a riets, dat schéngt nëmmen sou. Et ass just eng Feelinterpretatioun vun eisem Gehir.
Hmmmm ok komesch - wéi kënnt et zu där Feelinterpretatioun?
Majo, wa mir eppes am Spigel gesinn, da versetze mir eis automatesch an d’Perspektiv vum Spigelbild. Am Gehir dréine mir eis ëm 180°C a da versetzen eis an eist Spigelbild eran. Doduerch gesi mir alles ëm 180° verdréint – d.h. Lénks a riets si vertosch.
A firwat mécht eis Gehir dat mat uewen an ënnen net och sou?
Eist Gehir muss sech keng Gedanke maache wou uewen an ënnen ass well mir d‘Äerdunzéihungskraft spieren. Ënne bleift ënnen. Wa mir eis an d’Perspektiv vun engem aneren eraversetzen dréine mir eis jo och net op d’Kopp mee just ëm d’eegen Achs.
Schwiereg sech dat virzestellen. Gett et da keen Trick fir déi Feelinterpretatioun ze iwwerwannen?
Jo, geet et! Wann een zwee Spigelen an engem Wénkel vun 90 Grad opstellt, an da genau an de Wénkel kuckt, gëtt déi Täuschung tëschent lénks a rechts duerch dat duebel Spigelbild erëm opgehuewen. Mee wann ee sech esou am Spigel gesäit, ass een oft irritéiert, well een dat net gewinnt ass, sech sou ze gesi wéi d’Welt een tatsächlech gesäit!
Infobox
Fuerschung zu Lëtzebuerg
Op der Uni beschäfteg sech d’Unitéit Cognitive Science and Assessment (COSA) ënnert der Leedung vum der Prof. Christiane Schiltz matt Prozesser wéi eist d’Gehir Informatioune iwwer eis Ëmwelt veraarbecht.