Och wann et Tabu ass fir driwwer ze schwätzen - heiansdo fuerze muss jiddereen. Mee firwat muss ee vu Bounen oder Lënse vill méi fuerzen?

A Bounen, Lënsen an aner Hülsenfrüchte si vill komplex Zockerketten dran. Verschiddener dovu kritt eise Kierper schwéier verdaut, an déi ginn dann onzersat mat bis an den Déckdaarm transportéiert. Do stoussen se op Bakterien, eis Daarmflora, déi dës Zockeren zersetzen an eis esou hëllefen Nährstoffer erauszefilteren. Beim Zersetzen entstinn nu mol Ofgasen a vu dat den Déckdarm no beim hëneschten Ausgang ass gi se doriwwer evakuéiert!

Sinn déi onverdaulech Zockerketten da just an deenen Hülsenfrüchte?

Déi sinn och a villen aner Liewensmëttel, just manner. An dofir entsti beim Zersetzen och manner Ofgasen, sou dass et eis net opfält.

Dat huet een also dovu wann een eng gutt Lënsenzopp ësst!

Du kanns dat awer schonn e bësse kontrolléieren! Eng gesond Daarmflora ka schonn duergoen, fir dass net ze vill där sténkeger Gasen entstinn. Verschidde Gewürzer, wéi Kümmel oder Fenschel  zum Beispill, hëllefen och, fir de Gas ... loosse mer soen „diskret ze evakuéieren“.

Manner peinlech, mee fuerze muss een awer nach!

Ma verschidde Studien hu gewisen, dass ee vu Bounen oder Lënsen, déi an enger Waasser-Bakpolver-Mëschung loungen, manner fuerzt!  An deem Fall verschwënnt nämlech dee gréissten Deel vun onverdaulechen Zockerkette scho beim kachen! Déi Aarbecht huet deng Daarmflora manner, an et entstinn och manner Ofgasen. Wéi genee Bakpolver dat fäerdeg bréngt ass de Fuerscher awer nach e Rätsel!

An et ass eigentlech jo och blöd dass dat engem peinlech ass. Fréier soll fuerzen nämlech e Kompliment un de Kach gewiescht sinn!

 

Firwat muss ee vu Bounen méi puupsen

Fuerschung zu Lëtzebuerg:

D’Daarmflora besteet aus verschiddene Bakterien, déi an eisem Déckdaarm Liewensmëttel zersetzen déi mir selwer net verdaut kréien. Op des Manéier hëlleft si eis, fir méi Nährstoffer erauszefilteren a gesond ze bleiwen. Eis Gesondheet hänkt also vill vun eiser Daarmflora an eiser Ernierung of!

Wéi genee déi dräi Saachen zesummenhänken, dat ass awer nach net ganz kloer. D’Ines Thiele hëlt dat Thema dofir mat senger Fuerscherequipe ënnert d’Lupp, an zwar mat Hëllef vu performante Computeren a komplizéierter Software, an awer och duerch Experimenter an Date vu Patienten. A wee weess, vläit wësse mer wierklech geschwënn wéi mer duerch eis Ernierung gezielt Krankheete kenne verhënneren oder esou guer heelen!

Auteur: Corinne Kroemmer

Editeur: Jerry Wagener

Foto: © Victorgrigas

 

Quellen:

Foto: http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/f9/Boston_Baked_Beans_in_Concord%2C_Mass_2012-0193.jpg/800px-Boston_Baked_Beans_in_Concord%2C_Mass_2012-0193.jpg

Flatulence – Causes, relation to diet and remedies: http://onlinelibrary.wiley.com/doi/10.1002/food.19880320626/abstract

Aner Quellen (just fir Lektoratskomité):

Blähungen haben eine Ursache: http://www.biologischemedizin.net/krankheiten/168-blaehungen-ursachen-und-abhilfe

Flatulenz: http://de.wikipedia.org/wiki/Flatulenz

Carbohydrate composition of raw and extruded pulse flours: http://www.sciencedirect.com/science/article/pii/S0963996909003007

Effect of soaking on levels of oligosaccharides: http://www.sciencedirect.com/science/article/pii/S030881460600776X

Molecular Systems Physiology Group: http://wwwen.uni.lu/lcsb/research/mol_systems_physiology