De Mister Science kann dat méi genee erklären!

Lues a lues musse mir drun denke Wanterpneuen op den Auto ze maachen. Mee wat ass eigentlech den Ënnerscheed tëscht Wanter- a Summerpneuen? De Mr Science kläert op.

Wanter a Summerpneuen ënnerscheeden sech an 2 Punkten: d’Gummimëschung an de Profil. D’Elastizitéit vu Gummi ass temperaturofhängeg. De Gummi am Summerpneu gëtt bei niddregen Temperature méi schnell haart an da rutscht de Pneu op der Strooss. Am Wanterpneu ass dofir méi en héigen Undeel u Weichmacher an Kieselsaier an der Gummimëschung, fir dass de Pneu och nach elastesch bleift a gutt op der Strooss pecht, wann et kal ass.

Wat mengs du mat „kal“?

Ma et schwätzt ee vun der 7-Grad Grenz. Enner 7 Grad ass e Wanterpneu besser.

A wat ass dann den Ënnerscheed am Profil?

De Wanterpneu besteet aus eenzelne Bléck, an deene sou welleförmeg Rille sinn. Déi gi beim Fueren auserneegedréckt an d‘Kant vun de Rille bäisst dann an d’Uewerfläch vun der Strooss, wat bei Schnéi an Äis extra Gripp gëtt. Ee Wanterpneu huet bis zu 3000 där Rillen.

Wéi schlëmm ass et da wann een am Wanter mat Summerpneue fiert?

De Bremswee verlängert sech. Wann ee mat Summerpneue mat 80 km/h op Schnéi bremst kann een iwwer 30 Meter méi wäit rutsche wéi mat Wanterpneuen!

An am Summer matt Wanterpneue fueren?

Prinzipiell jo, mee duerch d’Hëtzt entsteet am Summer méi Reiwung tëscht der Strooss an dem Pneu, an e Wanterpneu notzt da méi schnell of. Ausserdeem verbraucht den Auto méi Benzin.

Wéi ass et da mat All-Weather-Pneuen? Dat schéngt mer jo eng ideal Léisung.

Jein. Den All-Weather-Pneu huet däitlech manner Rille wéi de Wanterpneu an d’Gummimëschung ass och eng Mëttelléisung. Dëse Pneu ass praktesch a Länner, an deenen d’Temperaturënnerscheeder tëschent Summer a Wanter net sou grouss sinn.

Mee bei eis kann et jo awer scho mol ganz kal an och Schnéi ka ginn. Do ass ee mat richtege Wanterpneue wuel nach ëmmer am séchersten ënnerwee.

Wat ass den Ënnerscheed tëscht Wanter a Summerpneu

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Editeur: Georges Thielen (Goodyear Innovation Center)
             Joseph Rodesch (FNR)
Photo ©
cristiborda/Shotshop.com

Quelle:

http://www.autozeitung.de/dunlop-reifenguide/winter-vs-sommerreifen

Infobox : Fuerschung zu Lëtzebuerg

De Goodyear Innovation Centre (GIC*L) zu Colmar-Bierg entwéckelt, baut an test nei Pneuen fir den europäeschen, asiateschen an afrikaneschen Maart. Iwwer 900 Ingenieuren, Wëssenschaftler an Techniker schaffen hei un neien Materialer a probéieren andauernd d’Qualitéit vum Gummi ze verbesseren. Als Spezialist fir Wanterpneuen leed de Georges Thielen hei den Winter Technology Program. www.goodyear.com