Wisou schmëlzt d’Äis wann ee Salz street?
D’Äis op eiser Strooss, ass wann e gudd kuckt, mat enger ganz dënner Schicht flëssegem Waasser iwwerzunn. D‘ Salz wat mir op d’Äis stree, well sech onbedingt opléisen, a benotzt dofir dës dënn Waasserschicht um Äis. Soubal dës awer fort ass, bilt sech eng nei Waasserschicht um Äis no. Dëst Waasser gëtt erëm vum Salz opgeholl an et muss erëm neit Äis schmëlzen. Sou geet dat wieder bis keen Äis méi do ass.
Dat wat iwwereg bleift ass Salzwaasser, an dat fréiert net méi sou schnell. Réischt bei -21°C kann d‘Salzwaasser fréieren. Bei Temperature wéi zu Lëtzebuerg kann een also Salz op d’Strooss stree, me an de ganz kale Länner nëtzt d‘Salz net vill.
D’Äis wat mat der Hëllef vum Salz schmëlzt, brauch awer och nach Energie, an des Energie gëtt aus der Ëmgéigend vum Äis geholl, also aus der Loft oder vun der Strooss. An doduerch killt d’Loft an d’Strooss of. D.h. aanescht wéi een et giff menge gëtt d’Äis bei dësem Schmelzen net méi waarm me souguer méi kal.
Äis a Salz ass also eng Ofkillmeschung an dat kann een iwweregens praktesch och doheem uwennen., z.B wann dir eng waarm Fläsch Béier schnell musst ofkillen. Dann huelt dir iech am beschte vill zerstoussend Äis aus dem Tiefkühler a mëscht an engem Becher pro 100 g Äis mat engem decken Iessläffel (33 g) Kachsalz. Doduerch schmelzt d’Äis an d’Salzwaasser wat entsteet killt bis op -21°C of.
Stellt är Fläsch an d‘Salzwaasser an dan ass se a e puer Minute kaal. Des Ofkillmeschungen goufen fréier ganz vill benotzt wou d’Leit nach kee Frigo haten.
Ass d’Salz fir d’Ëmwelt schiedlech?
D’Salzonzentratioun am Buedem geet erop, a doduerch gi Planzen déi kee Salz verdroe futti.
- D’Salz verdréchent d’Planzenwurzelen a kann och souguer d’Planzenblieder verätzen
- Duerch d’Zousätz déi am Salz dra sin fir et fiischt ze maan gëtt de pH vum Buedem verännert waat och eng Auswirkung op d’Planzen huet.
- Salz gett vum Reen eweg geschwemmt an doduerch versalzen d’Gewässer an d’Séien
Also jo, d’Salz ass fir d’Ëmwelt schiedlech! Et gëtt mëttlerweil Salzer déi bësse manner schiedlech sin, sougenannt d’Fiichtsalzer, dat awer meeschtens just well een dovunner manner brauch. Op dësem Site fannt dir Methoden déi zu Lëtzebuerg ugewannt gin fir d’Beem an d’Planzen ze schützen:
Links zum Thema
Hei en Tipp wéi een des Ofkillmeschungen hierstellt: