Kann eng Gëftschlang stierwen, wann se sech selwer op d‘Zong bäisst?
Eng Gëftschlaang ka selwer décidéieren op se Gëft fräiléisst oder net. Wann eng Schlaang sech kinnt op d’Zong bäissen da giff se dee Moment bestëmmt kee Geft fräiloossen. Me eng Schlaang kann awer vun enger Schlaang vun der selwechter Rass vergëft ginn, well d‘ Gëftschlaange selwer och nëmme begrenzt immun géint hiert eengend d’Gëft sinn.
Eng interessant Fro ass awer lo: firwat d‘Schlaangen en Déier kennen iesse wat si selwer virdru vergëft hunn, a wisou eng Gëftschlaang eng aner gëfteg Schlaang iesse kann?
Ma dëst hänkt dorun datt d’Gëft vu Schlaangen e Protein ass. An eisem Mo gin Proteinen – déi mer jo och am Fleesch dran hunn - zersaat a ginn zu eppes harmlosem. A nom Mo kommen déi verdauten Saache réischt an eise Bluddkreeslaaf. D’Gëft ass awer de Moment scho verdaut an doduerch harmlos. Duerch Iesse vu Schlaangegëft dierft also och e Mënsch net stierwen. Ech giff et trotzdem net probéieren.
D’Gëft vun enger Schlaang wierkt also nëmme wann et vun der Gëftschlaang direkt an d’Bludd gepickt gëtt.
Iwweregens: Diabetiker musse sech dowéinst den Insulin sprëtzen an net drénken. Den Insulin ass näämlech och e Protein deen am Mo zesaat gëtt ier en am Bludd ukënnt.
Schlaangen zu Lëtzebuerg
Mir hunn zu Lëtzebuerg nëmmen 2 Zorte Schlaangen, an dat as d’Rëngelnattel an d’ Schlengnatter. Bei Zorte sinn awer net gëfteg. Informatiounen zu dëse Schlaange fannt dir enert folgendem link:
D’Blindschläich ass iwweregens keng Schlaang mee eng Echs.
Fuerschung zu Lëtzebuerg an vu Lëtzebuerger am Ausland
Mir hunn zu Lëtzebuerg keng gëfteg Schlaangen, an dofir gëtt am Toxikologie Departement vum Statslaboratoire och keng Fuerschung u Schlaangegefter gemaach me éischter un Drogen an aner Gëfter déi méi heefeg zu Lëtzebuerg sinn. Si erfuersche speziell Testermethoden matt deenen e klengste Quantitéite vun Drogen nach Wochen nom Konsum kann an den Hoer noweisen.