Hei eng Fro vun enger 8järeger Nolauschterin!

Formidabel Fro ! D’Kanner stellen ëmmer di beschte Froen. Et gëtt hei zwou Äntwerten : Neen, et kann een net ënnert deem Reebou erduerch goen, deen ee selwer gesäit. Ower, jo, et kann een ënner engem Reebou duerchgoen, deen eng aner Persoun gesäit.

Ech kann also ënnert deem Reebou duerch goen, deen’s du gesäis?

Jo, wann ech de Gaart netzen, an d’Sonn an d’Waasserdrëpse schéngt, gesinn ech e Reebou e puer Meter vru mir. An du kanns dann ouni Problem ënnert mengem Reebou erduerch lafen.

A wat gesinn ech dann, wann ech genau ënnert dengem Reebou stinn?

Entweder kee Reebou méi, oder e Reebou méi wäit vrun dir.

Kanns de dat méi genau erklären?

Wann d’Sonnestralen an d’Drëpsen eran dréngen, gi si gebrach, duerno bannen an den Drëps zréck gespigelt, an da kommen se erëm aus den Drëpsen eraus, woubäi se nach eng Kéier gebrach ginn. Doduerch, datt d’Sonneliicht zweemol gebrach gëtt, gëtt et an all hir Faarwen zerluecht.

Da misst ee jo d’Faarwen iwwerall gesinn, do wou et reent, an net nëmmen um Reebou!

Eben net. Well déi verschidde faarweg Liichtstrale mat engem ganz bestëmmte Wénkel aus den Drëpsen eraus kommen.

Ganz bestëmmte Wénkel?

Et ass de Wénkel tëscht de Sonnestralen, déi op d’Drëpse falen, an dem faarwege Liicht, dat aus den Drëpsen zréck an deng Ae fält, wanns de de Reebou gesäis.

A wann ech elo méi no bei de Reebou ginn?

D’Richtung vum faarwege Liicht kann net änneren. Du gesäis da faarwegt Liicht, dat aus aneren Drëpsen, déi méi wäit ewech sinn, erauskënnt.

Ah sou! Wann ech also bei de Reebou ginn, da réckelt de Reebou no hannen. Dat ass ower domm!

Jo! Och wanns de net genau bei de Reebou kanns kommen, da kanns de ower no un en erukommen. Bei engem Sprangbuer, oder wanns de de Gaart netz, kanns de e Reebou just vrun der gesinn. Ower genau drënner, dat geet net.

Kann een ënnert engem Reebou duerchgoen