De Mister Science weess et!
Et ass kal dobaussen … a scho fänkt meng Nues u mat laafen, obwuel ech eigentlech net erkalt sinn! Firwat leeft meng Nues eigentlech am Wanter?
Ma dat huet 2 Grënn! Op der enger Säit spillt d’biologesch Missioun vun denger Nues nämlech eng Roll, an op der aner Säit d’physikalesch Eegenschaften vun der Loft déi’s de otems.
Da komm mer fänken emol mat der biologescher Missioun vun der Nues un.
Eng vun de Missioune vun der Nues besteet doran eis Longen ze schounen. Si muss dofir d’Loft, déi mer anotmen, opwiermen an ufiichten. Si produzéiert dofir permanent Flëssegkeet, oder bësser gesoot Schläim.
Mee firwat leeft se da just am Wanter?
Do kommen d’physikalesch Eegenschafte vun der Loft an d’Spill: kal Loft kann net esou vill Fiichtegkeet, also Waasserdamp, ophuelen wéi warm Loft - si ass also méi dréchen. Fir dass d’Schleimhaut an der Nues net ausdréchent, muss deng Nues dofir extra vill Schläim produzéieren.
... an da leeft se iwwer?
Souzesoen, jo! Et kennt awer nach eng aner Saach dobäi. Wann’s de am Wanter ausotems, da bild sech jo esou eng Wollék: dat ass kondenséiert Waasser! D’Fiichtegkeet an der Loft ass jo soss näischt wéi Waasserdamp. Kal Loft kann dee Waasserdamp, deen’s du mat der warmer Loft ausotems, awer net all ophuelen. Dofir kondenséiert en a verwandelt sech an e ganze Koup kleng Waasserdrëpsen.
Wat huet dat da mat menger Nues ze dinn?
Wann et kal dobaussen ass, kondenséiert d’Loftfiichtegkeet déi’s de mat ausotems schonn an der Nues, well d’Nuesspëtzt bei deene meeschte Leit am Wanter äiskal ass.
Oh jo, dat kennen ech!
Dofir bilden sech beim ausotmen e lauter kleng Waasserdrëpsen an denger Nues a vermëschen sech mam Schläim, deen deng Nues souwisou scho produzéiert.
Zwee Grënn also firwat d’Nues am Wanter leeft. Erhéigte Schläimproduktioun a Kondenswaasser an der Nues. Mir sinn also net erkalt wann mer dat hunn- gudd ze wëssen.
http://www.npr.org/templates/story/story.php?storyId=99844567
http://www.ncbi.nlm.nih.gov/pubmed/18417052
http://www.everydayhealth.com/healthy-living/why-does-your-nose-run-when-its-cold.aspx