De Mister Science probéiert eng Äntwert dorobber ze fannen!
Mr Science, an der Bibel steet, et wier en helle Stär ginn, deen d’Gebuert vum engem Kinnek ugekënnegt hätt. Dat war viru méi wéi 2000 Joër. Dräi Magier, sou sinn Astronomen fréier genannt ginn, wieren deem nogang an hätten sou de Wee bis bei dem Jesus séng Krëppche fonnt. Wéi kann een sech dee Stär erklären?
Et gëtt bis haut keng eendeiteg wëssenschaftlech Erklärung. Allerdengs si vill Erklärungsversich gemach ginn.
Da breng mol e puer vun deenen Erklärungen!
D’Gebuert vum Jesus ass jo net sou genee bekannt. En ass schätzungsweis tescht dem Joër 7 a 4 Joer viru Christus gebuer sin. An deem Zäitraum gouf et 2 méi opfälleg Erscheinungen um Stärenhimmel. An zwar stongen de Jupiter an de Saturn e puer Méint lang am Zeechen vun de Fësch no beieneen. No der orientalescher Meenung deemols huet esou eng Konjunktioun d’Gebuert vun engem Prophéit respektiv d’Enstoen vun engem Kinnekräich annoncéiert. An d’Stärenzeechen vun de Fësch huet Palästina representéiert.
Dat heecht, a Palästina wier en Prophéit gebuer ginn – eng probabel Erklärung also.
Jo. An. déi aner Méiglechkeet wier am Joer 6 virun Christus gewiescht. Do stongen den 20. Februar owes just no Sonnenënnergang, de Mars, de Jupiter, de Saturn an de Mound - um Westhimmel - ganz no beieneen, also Richtung Jerusalem. An dat ass den Astronomen vu Babylon sëcher opgefall.
Kann et net e Koméit gewiecht sinn?
E Koméit mat engem Schwäif, gëtt nëmmen dann sichtbar, wann e ganz no bei d’Sonn kënnt. An do hellt en sech net lang op. Ofgesinn dovun, wor e Koméit an der Virstellung vun de Leit deemols ëmmer mat Ongléck verbonnen. Déi 3 Magier wieren also kaum engem Koméit no gang. En plus ass e Koméit normalerweis guer net esou hell.
Also kee Koméit! Da bleiwe also beim Jupiter a beim Saturn.
Mee kann sou en Himmelsphénomen iwwerhaapt e Wee weisen? Souvill ech weess, bewegen sech d’Stären jo um Himmel a kënnen also keng fest Richtung ugin.
Jo, mir stinn jo op der Erd an dréien mat hier an engem Dag een Tuer. Duefir gesi mir d’Stären um Himmel, genau wéi d’Sonn, vun Osten no Westen e grousse Krees ronderem de Polarstär zéien. Fir eng fest Richtung mat Hellef vun engem Stär ze bestëmmen, muss een deemno schon e bessi Rechenobwand bedreiwen.
Et muss een höchstwarscheinlech déi schéi Geschicht vun den 3 Magier aus dem Morgenland, déi engem Stär nogang sin, als eng Seechen ugesin.
Infobox : Recherche zu Lëtzebuerg Zwee Amateur Astronomen aus Lëtzebuerg, de Matt Dawson an den Andre Durand, sichen an hirem klengen Observatoire zu Réiser no Asteroiden, deenen hir Bunn déi vun der Erd kräitzt. Si benotzen en 18 Zoll Newton Spiggel-Teleskop mat Computer a CCD-Kamera fir héichopléisend digital Biller vun Himmelsaussschnëtter kënnen ze maachen. Säit 1999 geschitt dës Recherche am Kader vun internationalen Projeten, an ass präzis genuch, fir datt d’Resultater vun der NASA an aneren Instituter kënne gebraucht gin, fir d’Bunnen vun deenen geféierlechen Objekter ze berechnen.