De Mister Science huet sech vir eis schlau gemaach!
Mr Science, wann eng Batterie eidel ass, leeë mer eng voll an. „Voll“ wëllt jo iergendwéi soen, datt eppes dran ass, an „eidel“, dass dat elo net méi dran ass. Ass eng eidel Batterie also méi liicht wéi eng voll?
Op den éischte Bléck ass eng eidel Batterie net méi liicht wéi eng voll. Eng Batterie ass jo normalerweis dicht. Et verdonst näicht an et sabbelt och keng Flëssegkeet eraus. An et kennt och näicht an d’Batterie eran.
Mä mat wat ass dann eng voll Batterie gefëllt?
Mat Energie. Batterie liiweren elektresch Energie. An zwar kennt déi Energie net aus dem Näicht, mä ass schon vun Ufank un an de Substanzen vun der voller Batterie gespäichert. Esou eng Form vun Energie gett chemesch Energie genannt, well se bei eng chemescher Reaktioun fräi gett. Wann eng Batterie Stroum liwwert, dann gett also chemesch Energie, déi an de Substanzen vun der Batterie dran ass, an elektresch Energie emgewandelt. Den elektresche Stroum hellt des Energie mat aus der Batterie eraus. D’Batterie verléiert also Energie.
OK d’Batterie gett also just eidel un Energie awer gett net méi liicht oder?
Wann ee genee kuckt da schonn. Du hues dach bestemmt schon vum Einstein senger berühmter Formel héieren?
E= m c quadrat? Huet déi eppes dat mat der Batterie ze dun?
Jo déi seet eis wéi d’Masse vun engem Kierper matt der Energie zesummenhängt. E steet fir Energie m fir Masse an c ass d‘liichtgeschwindegkeet.. D’Formel seet datt wann d’Energie vun engem Kierper méi grouss ass, datt dann och seng Mass méi grouss ass. A wëll eng eidel Batterie manner Energie enthält wéi eng voll, huet si also och manner Mass. Si ass also méi liicht.
OK do hu mer et jo – eng eidel Batterie ass also méi liicht wéi eng voll.
Ower nemmen ganz e bëssen. Eng kleng AA Batterie gett en 10 Milliarstel Gramm méi liicht, wann se eidel gett. An dese Gewiichtsverloscht ass iwerhapt net moosbar.
Infobox : Recherche zu Lëtzebuerg
Wéi kënnen Batterie méi lang halen?
Eng Forschergrupp vun der Uni Lëtzebuerg versicht Batterien ze entwerfen, déi méi lang halen. An zwar doduerch, datt manner Energie enner Form vun Hëtzt verluer geet. Besonnesch am Beräich vun der Energieffezienz vun Nano Strukturen hun d’Fuerscher nei universell Eegeschaften festgestallt, an domat zu engem bessere Verständnis vun Energieemwandlungen um Niveau vun de Moleküllen bäigedroen. Als praktesch Unwendung erhoffen sech d’Fuerscher, d‘Energieflëss an de ganz klengen Strukturen besser kontolléieren ze kënnen, an esou d’Energieverschwendung däitlech erofsetzen ze kënnen.