De Mister Science weess et...

Op Spaghetti Arrabiata oder Pizza Piccante: Firwat gëtt et engem da waarm, gëtt ee rout am Gesiicht an fänkt een u mat schweessen?

Dat ass dem Capsaicin seng Schold! Dat ass déi Substanz am Chilli, déi dës onangenehm Reaktioun ausléist. Doduerch soll se d’Déieren drun hënneren fir d’Planz ze friessen.

Wat geschitt dann do genee?

Mir hunn an eisem Mond verschidde Sensoren, fir Hëtzt a Péng ze detektéieren. Capsaicin aktivéiert dës. D’Gehir kritt also zwou Botschafte geschéckt: “ Ech verursaache Péng” an “ Ech si waarm”. Doraus schléisst et, dass eppes extrem Waarmes am Mond ass.

An da gëtt et engem tatsächlech waarm?

Nee, mee d’Gehir fält drop eran a gëtt dem Kierper de Kommando fir dréngend eppes géint déi extrem Hëtzt ze maachen: Eis Oderen dehnen sech zum Beispill aus, fir eist Blutt méi séier iwwert d’Haut ofzekillen, doduerch gi mer rout am Gesiicht. An d’Schweessdrüse ginn och aktivéiert, fir eise ganze Kierper weider ofzekillen.

Mee a Wierklechkeet ass eise Kierper guer net waarm?

Nee. D’Fuerscher hunn esouguer erausfonnt, dass bei verschiddenen Déieren d’Kierpertemperatur däitlech erofgeet, well de Kierper sech ofkillt, obwuel en net iwwerhëtzt ass.

OK den Chili trickst eis aus. Ass dat dann net schiedlech?

De Capsaicin selwer ass an normale Quantitéiten net schiedlech fir eise Kierper, mee d’Reaktiounen, déi en duerch seng Tricken ausléist, kennen awer ënner Ëmstänn problematesch ginn.

A fir all déi, déi elo virwëtzeg sinn: Schmaacht emol eng Mentholkamell mat enger Drëps Tabasco drop a loosst iech iwwerraschen!

Wisou schweesse mir wa mer schaarf iessen

 

 Fuerschung zu Lëtzebuerg

Dem Marc Diederich säi Labo um Kierchbierg (Laboratoire de Biologie Moléculaire et Cellulaire du Cancer - lbmcc) beschäftegt sech scho säit laangem mat der Benotzung vun natierleche Substanzen am Kampf géint de Kriibs.

Si huelen eng Rei Wierkstoffer aus Gewierzer a Planzen ënnert d’Lupp a probéieren erauszefannen, op se eventuell kënne benotzt gi fir Kriibs virzebeugen oder ze behandelen. An deem Kontext hunn si d’Aarbecht vun engem amerikanesche Labo ervirgehuewen, déi 2007 kloer gewisen hunn, dass Capsaicin kriibshemmend ass an  als Behandelung kéint a Fro kommen.

Dat kléngt villverspriechend, et muss een awer weider Studien ofwaarden ier Capsaicin enges Daags als Medikament kann op de Maart kommen.

 

 

Auteur: Corinne Kroemmer

Editeur: Joseph Rodesch a Marc Diederich

 

Linken :

Foto (© Mojtba moawia):800px-Hot_pepper_from_Egypt.jpg

Foto (© Scott Bauer): 600px-Charleston_Hot_peppers_white_background.jpg

Paper:http://clincancerres.aacrjournals.org/content/13/10/3024.long

Paper:http://www.ncbi.nlm.nih.gov/pmc/articles/PMC3316753/