De Mister Science huet och heirobber eng Äntwert!
Mister Science, haut weess jo all Kand, datt d’Planéiten ronderëm d’Sonn an net ronderëm d’Äerd dréien. Datt se allerdéngs all dee selwechte Wee dréien ass manner bekannt a sécher och keen Zoufall.
Nee. Dat kënnt dohier, datt eist Sonnesystem aus enger riesecher platter Scheif aus Stëbs a Gasen enstan ass, déi ronderëm hieren Zentrum gedréit huet. Eppes wéi e Frisbee. Am Zentrum huet sech d’Sonn gebild, an an der Scheif sin duerno d’Planéiten enstan. Duerfir dréien d’Planéiten haut nach all esou wéi am Ufank d’Scheif.
Eise Sonnesystem soll mol eng Scheif gewiescht sinn, déi gedréit huet? Kaum ze gleewen!
Dach dat ass awer ganz probabel. D’Astrophysiker beobachten säit e puer Joer schonn Scheiwen vun anere Stäresystemer, déi grad am gang sinn ze enstoen. Wat mat enger ongeuerdneter Wollek aus Stëbs ufänkt, fänkt u matt dréien soubal am Zentrum eppes schwéieres unzitt – dobäi ensteet eppes wéi e Struddel.
Wéi sinn dann d’Planéiten aus dem Struddel aus Stëbs enstan?
Dee Stëbs an déi Gasen hun sech plazeweis verdicht. Firwat? Mä well d’Stëbspartikel sech géigensäiteg ugezunn hun. A firwat hu se sech ugezunn? Ma well all Kierper sech nun eemol unzitt.
Mä, pardon Mister Science, mir zwee zéien ons ower net un.
Dat ass, well mir zwee net schwéier genuch sinn. Mir hunn net genuch Kilo’ën. Du gess ower vun der Erd ugezunn, well si eng grouss Mass huet. Mindestens ee vun deenen 2 Kieper muss eng grouss Mass hun. D’Äerd an de Mound zéien sech natierlech och un. An d’Sonn an d’Äerd och.