Firwat gin d‘Aen beim Néitzen ëmmer zou?

Dat ass well zu dem Reflex: “néitschen” d’”Aen zoumaachen” dozou gehéiert. Beim néitsche katapultéieren eis Longe jo Loft mat ganz héijer Geschwëndegkeet aus dem Kierper, a bei dëser hefteger Reaktioun gi nach aner Muskele reflexarteg beweegt, déi net onbedéngt zum néitsche gehéieren, wéi z.B: d’Aelidder zoumaachen.

Wat géif da lo passéiere wa mer d’Aen net giffen zoumaache beim néitschen? Giffen d’Aen dann eraussprangen? D’Äntwert ass do mol sécher NEE! Eis Aen si mat engem feste Muskel ugestréckt deen jo och eist Aen beweege kann. Ausserdeem ginn et souguer Leit déi mat den Aen op néitschen, an dat beweist dat et eigentlech egal ass ob d’Aen op sinn oder zou beim néitschen. Et entsteet awer en héijen Drock am Kapp; an deen dréckt ënner anerem op d’Tréinesäckelcher an doduerch tréinen ons Aen wa mer néitschen. Den Drock an den Aen selwer bleift awer konstant, an dofir platzen d’Aen och net

Eng Erklärung firwat d’Aen ëmmer zouginn ka sinn, well d’Aen sech virun de Bakterië wëlle schützen, déi beim néitschen aus dem Mond geschleidert ginn. Et ass awer keng gutt Erklärung well mir jo no fir an net no uewen néitschen.

Déi wahrscheinlechst Äntwert op dës Fro ass déi dat et héchstwahrscheinlech kee Grond gëtt firwat d’Aen zoufalen. Et ass eben einfach e Reflex deen déi meeschte Leit hunn.

Wéi funktionéiert d'Néitschen?

D’Néitschen ass e Reflex deen den ieweschten Ootmungstrack viru Stëbs , Bakterien a Pollen schützt. Mir musse néitzen wann eis Nuesschläimhaut vun eppes gereizt gett. Eise Kierper well dëse Friemkierper erauskatapultéieren an dofir dréckt en Loft mat héijer Geschwindegkeet duerch d’Nues an de Mond. Fir d’éischt gëtt vill Loft ageotemt an da gëtt se am Broschtkuerw an am Hals kompriméiert, den Drock well schnell fort an d’Loft a kritt doduerch héich Geschwindegkeeten vu bis zu 160 km/h.

Firwat néitschen mer sou vill wa mer erkaalt sinn?

Wa mer erkaalt sinn schwëllen d’Nueslächer an da gëtt d’Schläimhaut an der Nues vill méi sensibel wéi normalerweis, an doduerch musse mer néitschen .

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Dat Fuerschungsgebitt daat am nosten bei dem Néitschen läit ass d’Neurologie. Dat ass d’Wëssenschaft déi d’Krankheeten vun Nervesystem erfuerscht. D’Néitschen ass e vum Nervesystem gesteierte Prozess.

De Professer Charles Pull a seng Equippe fuerschen um CRP-Santé un eisem Nervesystem a kucken ënner anerem wéi ee mat Angschtzoustänn kann ëmgoen.

Links: