Déi Long huet hier bescht Deeg schon hannert sech..
Stëmmt et datt „heiansdo fëmmen“ net schiedlech ass, well d’Long sech da selwer erhuele kann?
Nee dat stëmmt definitiv net. All Zigarett déi mer fëmmen ass schiedlech fir eisen Organismus. Déi Legend datt e „klenge Fëmmert“ keen erhéichte Kriibsrisiko huet stëmmt net an dat ass an enger norwegescher Étude erauskomm déi un 42000 „klenge Fëmmerten“ duerchgefouert ginn ass. Wat ausschlaggebend ass, ass d’Dauer während där e fëmmt oder gefëmmt huet. De Risiko fir u Kriibs ze erkranken ass bei Geleegenheetsfëmmerten 3-5 mol sou héisch wéi bei net Fëmmerten.
OK a wann heiansdo fëmmen elo heescht: just eng Zigarett am Mount fëmmen?
Jo doriwwer ginn et keng direkt Studien, me wat awer bewisen ass, ass datt souguer d‘Passivfëmmen en däitlechen Effekt op d’Gesondheet huet. An dat ass jo och eng Zort vu „wéineg fëmmen“. De Risko datt een vum heiansdo fëmmen op alldaag femmen iwwergeet ass och ganz grouss.
Me eis Long ka sech jo awer selwer botzen – an da kinnt se jo och de Stëbs vun der Zigarett matt ewechhuelen oder zielt daat fir d’fëmmen net?
Déi Long huet hier bescht Deeg schon hannert sech..
Dach eis Long botzt sech permanent. All Stëbs deen an d’Long kennt gëtt an e Schläim agebonnen.
An der Long dran si mikroskopesch kleng Hoer an déi beförderen dëse Schläim wéi iwwert en Tapis roulant aus der Long eraus.
De Problem ass awer datt op dem Zigarettestëbs och nach iwwer 4000 Chemikalien dropsëtzen wouvunner op mannst 50 kriibserreegend si. Vill vun dëse Stoffer ginn an eis d’Zellen eran ier de Stëbs erausgedroe gëtt.
Logesch ass dann awer och datt wann e manner fëmmt och manner där geféierlech Stoffen an d’Zelle kommen. Am beschten ass et dofir guer net ze fëmmen …
Informatiounen:
Informatiounen iwwer fëmme ginn et wéi Sand um Mier, me all wëssenschaftlech Publikatioune sin sech eens: Fëmmerte kréien vill méi Krankheete wéi net Fëmmerten.
Hei e puer Links matt Informatiounen:
http://info-tabac.lu/index.php/informations/idees_recues/petits_fumeurs/
http://cancer.lu/images/uploads/artery_fr.wmv
http://cancer.lu/images/uploads/expo_tabac.pdf
Occasional tobacco use among young adult women: a longitudinal analysis of smoking transitions
Effects of the Irish Smoking Ban on Respiratory Health of Bar Workers and Air Quality in Dublin Pubs
Fuerschung zu Lëtzebuerg oder vu Lëtzebuerger am Ausland
Am Centre de Recherche Publique de la Santé gëtt am Microarray Center aktiv Kriibsfuerschung bedriwwen, andeems d’Genen analyséiert ginn. Des kënnen Informatiounen doriwwer gi wéi sech de Kriibs entwéckelt. Matt engem genaue genetesche Profil vum Patient, kann een d‘Behandelung vum Kriibs méi genau op de Patient upassen.
Méi Informatiounen op:
MERCI
Merci der Madame Marie-Paule Prost-Heinisch (Fondation Luxembourgeoise Contre le Cancer) an dem Här Gil Wirtz (pneumologue op der Uniklinik vu Stroossbuerg) fir all d’Informatiounen zu dem Thema!