© shotshop.com
All Joers kommen d'Vullen am Fréijoer op Lëtzebuerg zréck a fléien am Wanter an de Süden. Wouhier wëssen si wéini et Zäit ass?
Wouhier wëssen d’Vulle wéini et Zäit ass aus dem Süden zréck ze kommen?
Wourunner orientéieren d’Vulle sech fir nom Wanter hir Réckrees unzetrieden?
Virun e puer Wochen hunn ech schonn e puer Hoergänsen um Himmel gesinn an hu gemengt, déi wären awer e bësse fréi un. An dunn hunn ech mech gefrot: Wouhier wëssen d’Vullen iwwerhaapt, wéini de Wanter riwwer ass an et Zäit ass aus dem Süden zréck ze kommen?
Do ginn et ënnerschiddlech Ausléiser a sou ganz verstinn d’Fuerscher dat och nach net. D’Vulle mierken engersäits dass d’Deeg méi laang oder kuerz ginn, d’Temperature klammen oder falen, an d’Fudder knapp gëtt. Mee si spieren anscheinend och ënnerlech, wéini de richtegen Zäitpunkt ass.
Also eng Zort interne biologesche Kalenner?
Jo, Fuerscher hu souguer bei Vullen a Käfeger beobacht, datt si am Fréijoer an am Hierscht onroueg ginn an ëmmer an eng Richtung fléien. Dat Behuelen heescht am Fachjargon “Zugunruhe”.
Huet de Klimawandel en Effekt op den Timing vun der Vullewanderung?
Besonnesch a Skandinavien beobachte Fuerscher ëmmer erëm, dass verschidde Vullen am Fréijoer éischter zréck kommen, oder am Wanter net méi sou wäit wech fléien. Awer e kloren Zesummenhang mat méi mëlle Wanteren ass do nach net bewisen. Dofir brauchen d’Fuerscher nach méi Beobachtungen iwwert e längeren Zäitraum.
Firwat kommen se iwwerhaapt aus dem Süden erëm? Ech géif einfach do bleiwen…
De Grond firwat d’Vullen an de Süde fléien ass well se während dem Wanter hei net genuch ze friesse fannen. Soubal et awer erëm méi waarm gëtt an d’Vullen sech reproduzéiere, missten eis Vullen sech mat deene Vullen, déi dat ganzt Joer iwwer am Süde liewen, ëm Fudder a Brutplatze streiden. A wee weess, vläicht hunn déi lëtzebuergesch Vulle jo och Heemwéi…
Auteur: Michèle Weber (FNR)
Editeur: Centrale ornithologique vun natur&ëmwelt
Photo:shotshop.com
Infoboxen
Wéi wëssen d’Vulle wou se hi fléie mussen?
Et gëtt ugeholl datt si an hirem Schniewel ee speziellt Organ hunn, mat deem si d’Magnéitfeld vun der Äerd spiere – wéi och e Kompass – a sou wësse wou Norden a Süden ass. Awer si orientéiere sech och un der Sonn an de Stären, an un der Landschaft.
Wéi eng Vulle fléien am Wanter fort a wéi eng bleiwen hei?
Oft sinn et Insektefriesser, déi an de Süde fléien, well et bei eis am Wanter keng Insekte gett, wougéint d’Kärefriesser heibleiwen. Bei deene Vullen, déi am Wanter fortfléien, entscheed een tëschent Kuerzstreckenzéier a Laangstreckenzéier. Déi éischt fléie just bis an de Mëttelmierraum, oder manner wäit z.B. just bis op de Lac du Der an der Champagne. Beispiller fir Kuerzstreckenzéier sinn den Hausroutschwanz, den Zillzapp an natirlech d’Hoergäns (Krukert). Da ginn et déi, déi bis an Afrika südlech vun der Sahara fléien, an do ass dat bekanntste Beispill d’Schmuebel.
Schlussendlech sinn awer och eng Rei Vullen, dat d’ganzt Joer iwwer bei eis a Mëtteleuropa, an et kommen der souguer am Wanter aus dem Norden bei eis an d’”Vakanz”, z.B. Schielmeesen oder Blomeesen, déi aus Russland heihinner kommen.
Biller an Nimm vu Vulle fannt dir hei http://www.naturemwelt.lu/natur-an-emwelt_ShowNews_News.1-3-503-0.html
Fuerschung zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg këmmert d’Centrale Ornithologique Luxembourg vun natur&ëmwelt (www.naturemwelt.lu) sech em d’Erfaassung an de Schutz vun der Vullewelt. Eng 100 Volontairë maachen all Joer eng Bestandsopnam vu seelene an aner bedrohten Vullenaarten duerch Beobachtung, a beréngen och ca. 25,000 Vulle pro Joer fir wëssenschaftlech Zwecker. D’Centrale Ornithologique koordinéiert och déi verschidden international Monitoringprogrammer wéi z.B. de Monitoring vun heefegen oder seelene Brutvigel, d’Zielung vu Waasservigel, an aner gebietsspezifesch Monitoringprogrammer. D’Resultater vun hiren Dokumentatioune ginn am Regulus – Wissenschaftliche Berichte verëffentlecht (http://www.naturemwelt.lu/natur-an-emwelt_Voegel.52-3-0.html ).
Maach mat bei der Vullenzielaktioun!
All Joer am Januar mécht natur&ëmwelt eng grouss Vullenzielaktioun, wou jidderee ka matmaachen. Während enger Stonn zielt dir d’Vullen, déi dir an ärem Gaart, op ärem Balkon oder ärer Ëmgéigend gesitt an drot sou e klengen Deel zu der Fuerschung zu Lëtzebuerg bäi. Weider Informatiounen iwwert d’Vullenzielaktioun 2016 fannt dir hei:
http://www.naturemwelt.lu/natur-an-emwelt_ShowNews_News.1-3-503-0.html
http://www.naturemwelt.lu/natur-an-emwelt_ShowNews_News.1-3-517-0.html
Quellen
Bird observations in Lux
Good article, with references
http://news.discovery.com/animals/how-do-birds-know-when-to-migrate-150303.htm
Reference within article
https://www.allaboutbirds.org/the-basics-how-why-and-where-of-bird-migration/
Sendung mit der Maus
https://www.youtube.com/watch?v=rdma0MrWVoE
Internal clock/calendar
http://rstb.royalsocietypublishing.org/content/363/1497/1621
Early arrivals & climate change