Waat huet et matt dem Fliger enteisen eigentlech op sech? Firwat muss daat gemaach gin? A waat geschidd do genau?

RTL

Ech denken dat hunn der e puer vun Iech scho gesinn:  am Wanter ginn d’Fligere vun ënne bis uewe matt enger Flëssegkeet agesprutzt fir datt d’Äis vun de Flilleken entdeet. Des Flëssegkeet ass ähnlech wéi d’Wischerflëssegkeet beim Auto dh eng Mëschung aus Waasser a Glykol. Des Flëssegkeet mecht datt d’Waasser net méi wéi normal bei 0°C fréiert mee bei vill méi déiwen Temperaturen, an dofir entdeet d’Äis.

Den Ënnerscheed vum Auto zum Fliger ass awer datt de Fliger komplett entäist muss gi well d’Äis en Afloss op d’Aerodynamik huet.

D’Flilleke vum Fliger hun eng extra gewölbte Form fir datt de Fliger e gudden Opdriff huet – a stabil flitt. Bei héijer Vitesse stréimt d’Loft jo ganz schnell em de Flillek an dee Moment ass et wichteg datt dëse glat a regelméisseg ass. Wa sech awer Äis op de Flilleken ofsetzt da gëtt des Form verännert an et enstinn Verwirbelungen vun der Loft wouduerch de Fliger net ofhiewe kann. Zousätzlech gëtt de Fliger duerch d’Äis och nach méi schwéier.

Lo ass et awer och nach sou datt während dem Fluch sech rëm néit Äis op de Flilleken ofsetzt. Fir daat fortzekréien ginn et e puer Techniken. Bei verschiddene Fligeren schmelzt d’Äis och duerch eng Glykolflëssegkeet déi lo duerch kleng Düsen am Flillek erauskënnt, awer bei anere Fligere gëtt d’Äis erofgesprengt. Dat klengt geféierlech me dat gëtt awer just mat Loft gemaach. Um Flillek sinn opbloosbar Kummeren déi d’Äis ewechdrécke kennen.

Fuerschung zu Lëtzebuerg a vu Lëtzebuerger am Ausland

Am Centre de Recherche Public Henry Tudor gi Methode gesicht wéi ee verschidden Aluminiumdeeler kann zesummepechen sou datt d’Stabilitéit vum Produit erhale bleift. Et gëtt un engem Pech gefuerscht dee Metallnanopartikel enthält déi bewierken datt de Pech thermesch a mechanesch méi staark belaascht gi kann.

Links

http://www.ams.tudor.lu/

Eng Fro?

Hudd dir eng Fro ? Da stellt se dem Mister Science op science@eldoradio.lu