Mir héiere säit e puer Joer, dass d´Beie stierwen. Wat bedeit dat fir eis? Gett et da geschwënn keen Uebst méi?

Mr Science, mir héiere säit e puer Joer, dass d´Beie stierwen. Wat bedeit dat fir eis? Gett et da geschwënn keen Uebst méi?

 

Nee, du kanns dann nach ëmmer Kiischten, Äppel an Nëss kafen. Mee et wier sécherlech vill méi deier! Wann et keng Beie méi ginn, misste Mënschen d´Bléie mat engem Pinsel selwer bestäuben. Wëssenschaftler hunn ausgerechent, dass d´Aarbecht vun de Beie weltwäit ongeféier 300 Milliarden Euro am Joer wäert ass.

 

Wei schlëmm ass d´Beiestierwe bei ons an Europa dann?

 

Imker soen, dass sinn all Joer zwëschen 10 an 30 Prozent vun de Beievolleken ersetze muss. An leider stierwen net nëmmen d´Hunnegbeien, mee och d´wëll Beien, Bommelen an d´Päiperleken, déi och vill Bléie bestëbsen.

 

Wësse mer dann un wat d´Beie stierwen?

 

Se sinn anscheinend méi empfindlech op Krankheete wei fréier. En grousse Problem ass zum Beispill d´Varroamilb, dat ass en Parasit. Och Vire maachen de Volleken d´Liewe schwéier. Wat fir eng Roll Pestiziden spillen, ass net ganz kloer: Munch Pestiziden wierke wuel net nëmme gezielt géint Ongeziwwer, se maachen och Beien a wëll Beien méi schwaach. De modernen Akerbau mat senge Monokulturen ass awer op Pestiziden ugewisen. Déi grouss Monokulture sinn och e Problem, well se nëmmen eng Kéier fir eng kuerz Zäit bléien an d´Beien dono näischt méi fir ze baffe fannen.

Wat kenne mir selwer da maachen, fir dass d´Beien an d´wëll Beie besser Chancen hunn?

 

Du kanns an dengem Gaart eng Wiss mat wëlle Blummen uleeën. Dann fannen d´Beien an aner Best vu Fréijoer bis Hierscht eppes ze naschelen. An op dengem Balcon kanns de Salbei, Zitrounen-Thymian oder Bounekraitchen uplanzen, dat hunn d´wëll Beie besonnesch gär an du hues ëmmer frësch Kraider fir ze kachen. An et gi Leit, mäin Noper zum Beispill, deen hält mëttlerweil souguer scho Beien um Balcon, matzen an der Staat.